Frou Kanner duerch Léift a Gebuergenheet

Eng jonk Mamm…

Gëschter nach, hunn ech mat enger jonker Mamm geschwat, déi mer dëst gesot huet:

Wann ech bedenken, dass dat Klengt elo schonn, mat engem Joer, ganzdags an d’Crèche soll goen: neen, dat ass dach net méiglech!

Ech mierken all Dag, all Stonn, wéi et lues a lues Vertrauen zu eis kritt. An ech mierken, wéi dat Vertrauen, di Gebuergenheet, di Sécherheet, déi et all Dag kritt, enorm wichteg fir seng gesond Entwécklung ass. Demno wéi et kräischt, demno wéi et kuckt, verstinn, wat et mir wëll matdeelen, mir léieren eis eigentlech géigesäiteg kennen. Mä, ech mengen, dat geet nëmmen doduerger, dass mer vill Zäit kënnen mateneen verbréngen.

Ier ech Mamm gi sinn, hunn ech mer och gesot, dass d’Betreiungen gutt sinn fir d’Kanner, dass se vill léieren, kleng Kollegen hunn, asw.

Mä elo ass dat, ganz anescht. Elo mengen ech och ze verstoen, wat d’Psychologen wëllen soen mat deem Saz, dass et ee speziellen Zäitpunkt gëtt, wou e Kand eppes Fundamentales léiert. An ech spieren ganz déif bei mir bannendran, dass e Kand mat engem Joer eppes aneschters brauch wéi eng Friemsprooch dobaï ze léieren.“

Wat di jonk Mamm gesot huet, beschreift den Dr Herbert Renz-Polster a sengem Buch, „Die Kindheit ist unantastbar“:

… wat een ni méi ka léieren, dat sinn e puer Fähegkeeten, déi een als Bebé an als klengt Kand iwwerliwwert kritt, iwwer de Wee vun der Affectioun, wéi z.B., spéiderhinn, seng Emotiounen ze kontrolléieren, Empathie, Kreativitéit, asw. « Um dieses Fundament des Lebens aufzubauen, braucht es also mehr als pädagogische Angebote… Diese Agenda der Kinderjahre kann – anders als die Erweiterung des Zahlenraums – in keinem späteren Lebensabschnitt nachgeholt werden.»

Et ass duerch di Zäit, déi mer mam Puppelchen, mam klenge Kand verbréngen, déi him esou villes gëtt, eppes, wat iwwer eisen Intellekt ewechgeet.

Et ass di Rou, et ass di Gebuergenheet, déi mer de Kanner ginn, déi hinnen hëllefen, Vertrauen, Selbstvertrauen, Empathie ze kréien.

Wann e Puppelchen, e klengt Kand, nach net prett ass, d’Hand vun senger Mamm, sengem Papp lass ze loossen, däerf dat net forcéiert ginn. Et geet ëm säi Wuelbefannen, et geet ëm seng Zukunft.

An duerfir sti mer voll hannert der Petitioun vum Sandy Flesch, fir eng Allocatioun fir d’Elteren, déi bei hire Kanner wëlle bleiwen, wann se nach kleng sinn.

Et héiert een zwar d’Argument: „Fréier hunn d’Mammen och näischt kritt“. Jo, mä mir fannen einfach, dass di eng Elteren esou vill Wäert sinn wéi di aner. Héiere mer net och: „E Kand ass e Kand“? All Erzéiungsaarbecht soll richteg ënnerstëtzt an unerkannt ginn.

Isabelle Schmit-Mines

19.06.2019

Hei ass de Link zu der Petitioun vum Sandy Flesch: « Attribution d’une allocation d’une indemnité pour les personnes gardant leur(s) enfant(s) eux-mêmes à la maison »:

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1603

——————————————————————————————————————————–

Liest och:

Eisen Interview mam Sandy Flesch

Die Kindheit ist unantastbar“, vum Dr Herbert Renz-Polster

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *