Eis Kanner sinn eis Zukunft, et ass un eis se ze erzéien, et ass un eis hinne Gebuergenheet, Sécherheet a Selbstvertrauen ze ginn an net, an se net enger iwwerfëllte Maison-relais ze setzen. Et muss méiglech sinn, dass een Elterendeel hallefzäit géif schaffen, dat ass nëmme méiglech mat Ënnerstëtzung vum Staat.“

Dat sot d’Manuela Barilozzi, leschten Dënschdeg, den 16. Januar, wéi an der Chamber hir Petitioun: „Een Elterendeel huet d’Recht op manner Stonnnen mussen ze schaffen mat Hëllef vum Staat, fir Zäit mat de Kanner ze hunn soudass d’Maison-relais net iwwerfëllt sinn.“ – debattéiert gouf.

Mir brauchen Hëllef, Elteren wëssen net wouhi mat hire Kanner: entweder d’Maison-Relais sinn iwwerfëllt oder et geet mat den Auerzäiten net op. Kanner mat besoins spéciifques ginn och refuséiert well et net genuch ausgebildte Personal gëtt.“ Fir si ginn et net genuch Strukturen, oft ginn d’Elteren vun enger Plaz op di aner geschéckt fir di néideg Betreiung, sou dass do och keen zu Rou kënnt.

Si waren sech eens, d’Ministren, Georges Mischo a Max Hahn, dass et net am Sënn vun de Kanner ass, wann se mussen ze laang an enger Betreiung musse sinn, wou se op eemol nach just do klunschen, well se midd sinn. Jo, seet d’Manuela, d’Kanner kommen einfach net zu Rou. „Eis Kanner leiden drënner, dass se Dag fir Dag vu Moies bis Owes an der Maison-Relais oder anzwousch anescht ënnerkommen mussen. Dat geet net, dat däerf net sinn.“

Wat wier dann d’Léisung? Sollen d’Strukturen ausgebaut ginn? Soll de Congé parental vu 6 op 9 Méint eropgesat ginn? Sollen d’Elteren 4 Stonnen d’Woch zegutt hunn fir doheem kënnen ze bleiwen: allerdéngs géifen déi Stonnen net remuneréiert ginn. An dat ass de sprangende Punkt: vill Elteren kënnen sech et finanziell net leeschten, manner Stonnen ze schaffen. Enorm vill Budget gesäit de Staat vir, fir d’Maison-Relais, d’Crèchen: da kéint dach dovunner een Deel fir d’Elteren virgesi sinn? Besonnech well eis Ministren sech eens waren, dass de Facteur Zäit, e wichtege Facteur ass.

Wou bleift dann d’Zäit, wann nach Strukturen sollen ausgebaut ginn? Wou dann bleift d’Zäit fir de Kanner, d’Liewen, dat konkret Liewen, den Alldag ze weisen?

Verschidde Pisten wëll d’Regierung da proposéieren. Mir hunn 5 Joer Zäit, seet de Familljeminister! Wierklech?

Et ass elo wou d’Elteren an d’Kanner Iech brauchen.

Et ass elo wou eppes muss endlech geschéien. Besonnech well mer wëssen, dass vun deem Problem scho säit Joeren geschwat gëtt, a scho saït Joeren d’Elteren op eng Léisung waarden.

De Congé parental ass gutt gemengt, mee e léisst d’Problemer och net all. En ass schéin wann d’Kanner Puppelcher sinn, mee duerno? Wann d’Kanner an d’Schoul ginn? Wéi sot d’Manuela: „Ech kennen esou vill Mammen déi nach ni mat hire Kanner Hausaufgabe gemaach hunn.“

An an där Zäit hu mer ëmmer méi Kanner, déi e Manktum hunn, opgedréint a nervös sinn, Elteren (besonnech Mammen), déi no un der Depressioun sinn, well se wëssen, dass se hir Haaptaufgab net däerfe maachen. Firwat nach ronderëm de Bräi dréinen, wann d’Solutioun do ass?

Eis Kanner sinn eis Zukunft“ sot d’Manuela Barilozza. Wa mer eng gutt Zukunft wëllen, muss dat iwwer de Wee vum Wuel an am Respekt vun de Kanner, hire fundamentale Besoins goen.

Isabelle Schmit-Mines

23.01.2024

Une pensée sur “Gëtt et Hoffnung?”

  1. Artikel zur Petition im Luxemburger Wort vom 17. Januar 2024:
    Aussage von Madame Barbara Agostino, DP-Abgeordnete: « Wie soll der Staat kontrollieren, dass die Eltern sich zu Hause auch richtig um ihre Kinder kümmern? » — Ich finde diese Aussage skandalös. Endlich wird ausgesprochen, welches Ziel verfolgt wird: Kontrolle des Staates und Einmischung in die Erziehung unserer Kinder! Mit welcher Legimitation? Nur der Staat kümmeert sich richtig? Was heisst richtig? Auf jeden Fall stehen die wirklichen Bedürfnisse der Kinder nicht zur Debatte.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *