Accueil

Gëtt et Hoffnung?

Eis Kanner sinn eis Zukunft, et ass un eis se ze erzéien, et ass un eis hinne Gebuergenheet, Sécherheet a Selbstvertrauen ze ginn an net, an se net enger iwwerfëllte Maison-relais ze setzen. Et muss méiglech sinn, dass een Elterendeel hallefzäit géif schaffen, dat ass nëmme méiglech mat Ënnerstëtzung vum Staat.“

Dat sot d’Manuela Barilozzi, leschten Dënschdeg, den 16. Januar, wéi an der Chamber hir Petitioun: „Een Elterendeel huet d’Recht op manner Stonnnen mussen ze schaffen mat Hëllef vum Staat, fir Zäit mat de Kanner ze hunn soudass d’Maison-relais net iwwerfëllt sinn“ debattéiert gouf.

Mir brauchen Hëllef, Elteren wëssen net wouhi mat hire Kanner: entweder d’Maison-Relais sinn iwwerfëllt oder et geet mat den Auerzäiten net op. Kanner mat besoins spéciifques ginn och refuséiert well et net genuch ausgebildte Personal gëtt.“ Fir si ginn et net genuch Strukturen, oft ginn d’Elteren vun enger Plaz op di aner geschéckt fir di néideg Betreiung, sou dass do och keen zu Rou kënnt. >>

————————————————————————————————————-

Liest och:

Wéini kënns De Heem?“

« L’intérêt supérieur de l’enfant? » de Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber

Herdprämie? De Lieserbréif vum Jutta Lux-Hennecke

 


Eis FB–Säit: Méi Elteren, manner Staat https://www.facebook.com/Elteren