» Die Kindheit ist unantastbar »

Wa kleng Kanner an der Crèche, schonn sollen um Computer schaffen, kann een sech d’Fro stellen, op déi Iddii, am Sënn vum Kand ass a wem seng Iddi dat war. War dat net och villäicht eng Iddi, déi am Intérêt vun engem aneren ass? Zum Beispill, am Intérêt vun groussen Multinationalen. An do si mer ukomm, um Herbert Renz-Polster sengem Buch « Die Kindheit ist unantastbar », wou en eis verréit, wéi di ganz Bildungsoffensive opgebaut ass.

Do sinn aner Leit hannendrun, Manager, déi vill Ahnung vu Management, awer wéineg vu Kanner hunn. D’Kanner sollen schonn ganz fréi mat Technologie, mat Wëssenschaft, mat Informatik a Kontakt bruecht ginn.

Eis gëtt gesot, et wär wichteg fir d’Kanner, vu klengem un esou eng Bildung ze kréien, well dann wär et fir si, méi einfach an der Schoul, da géifen se herno eng Aarbecht fannen, da wär hir Zukunft, hir Plaz an der Gesellschaft garantéiert. Ass dat da wierklech esou ?

An sengem Buch « Die Kindheit ist unantastbar » féiert den Herbert Renz-Polster, eis hannert d’Kulissen: et sinn keng aner wéi verschidden Manager, déi d’Bildung vun eise Kanner haut definéieren.

Et staunt een schonn net schlecht, wann een hannendru gesäit, wéi eis Kanner indirekt op Weër geféiert ginn, Weër, déi vun de Regierungen einfach acceptéiert ginn. Et ass net onbedéngt alles schlecht: just, seet den Herbert Renz-Polster, däerfe mer eis net ënnerkréien loossen. D’Elteren sollen net alles fir bor Mënz huelen, wat se vun uewen erof gesot kréien a selwer ëmmer hirem Häerz nolauschteren.

Ass et schonn opgefall, dass d’Bildung haut aner Sujeen ëmfaasst, wéi nach virun 10 Joer ? Also, wat a wien stécht hannendrun, dass dat, wat d’Kanner haut léieren, an di eng Direktioun geet an net an eng aner ?

Well, neess di selwecht Fro: wou ass do nach Plaz fir Kand ze sinn? Fir di Manager, déi d’Bildungsprogrammer plus ou moins opsetzen, ass suguer d’Spillen net wichteg, verlueren Zäit.

Brauche mer dann an Zukunft nëmmen Genien? An Zukunft brauche mer och Baueren, Handwierker, Bäcker, Dachdecker., asw. Mir brauchen Schoulmeeschteren a Proffen, déi eng gutt Allgemengbildung hunn fir de Kanner d’Geschicht matzedeelen, Philosophie, asw. Mir brauchen Infirmiers/èren, Educateuren/tricen, déi sech ëm Kanner, ëm Handikapéiert, ëm al Leit këmmeren, also Mënschen, déi sozial Kompetenzen hunn a feinfühleg sinn. Mir brauchen Mënschen, déi sech ënnereneen verstinn, déi eng kohärent a friddlech Gesellschaft kënnen opbauen. Mir brauchen och Leit, déi den Alldag kënnen meeschteren.

Well, ëm wat soll et eis eigentlech wierklech goen? Nëmmen, eenzeg an eleng, ëm dem Kand säi Wuel. Dat ass d’Basis, fir dass d’Kand, staark genuch gëtt fir säi Liewen ze meeschteren an och an schwierege Situatiounen eens ze ginn.

An dat erreeche mer nëmmen wa mer dem Kand, eng zolitt Basis vu Léift schenken. Eng zolitt Basis, mat e puer Mënschen, déi mam Kand eng waarm, eng häerzlech, eng vertrauensvoll Relatioun hunn. De Rescht kënnt vum selwen.

Esou beschreift et dann och ganz gutt den Herbert Renz-Polster: z.B.: Mathematik, kann e Kand nach spéiderhinn léieren, d’Gesetzer vun der Natur och. Mä, wat en ni méi ka léieren, dat sinn e puer Fähegkeeten, déi en als Bebé an als klengt Kand iwwerliwwert kritt, iwwer de Wee vun der Affectioun, wéi z.B., spéiderhinn, seng Emotiounen ze kontrolléieren, Empathie, Kreativitéit, asw. « Um dieses Fundament des Lebens aufzubauen, braucht es also mehr als pädagogische Angebote… Diese Agenda der Kinderjahre kann – anders als die Erweiterung des Zahlenraums – in keinem späteren Lebensabschnitt nachgeholt werden.« 

E Kand ass vill, vill méi, wéi dat Wëssen, wat et matkritt. An deene klenge Joeren brauch et eppes ganz anescht.

Wann e Kand duerch di faméis Bildungsrogrammer villes léieren kann, däerf een awer och net vergiessen, dass et doheem och villes matkritt. Wa gekacht gëtt, léiert et, aus wat d’Iessen besteet, op wat ee muss oppassen, wann et preparéiert gëtt, et léiert indirekt physikalesch Gesetzer, a wann « di grouss Leit » mateneen schwätzen, weess et wat et heecht, sech an der Gesellschaft ze behuelen. E Kand muss och kënnen dat « normalt » Liewen spieren. « Die menschliche Begegnung lässt sich auch in der Pädagogik nicht durch noch so ausgefeilte Programme, technische Lösungen, Apps oder auch die klügsten didaktischen Methoden ersetzen. »

Mir mussen eis och froen, wouhin mer wëlle goen an eiser Gesellschaft. Nach méi Wuesstum, mat all de Konsequenzen vun Offall, Zerstéierung vun der Natur, Epuisement vun eisen Ressourcen. Ass de Sënn vun all Liewen nëmmen gesellschaftleche Succès ze hunn oder ginn et aner Themen, déi eist Liewen beräicheren?

D’Kandheet ass esou e wichtegen Deel am Liewen, en Deel wou sech esou villes opbaut, en Deel, wou och villes ka futti gemaach ginn. Mir däerfen duerfir eis Kanner net deenen iwwerlossen, déi sech net intensiv mat der Kandheet auserneen setzen, auserneen gesat hunn.

Méi Detailer fannt Der am Buch « Die Kindheit ist unantastbar  – Warum Eltern ihr Recht auf Erziehung zurückfordern müssen » vum Herbert Renz-Polster (Beltz Verlag)

Herbert Renz-Polster, Jahrgang 1960, ist ein deutscher Kinderarzt, Wissenschaftler und Autor. Er ist Vater von 4 Kindern. Seine Frau, Dorothea, ist Mütterpflegerin.

23.01.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *