Interview mam Sandy Flesch iwwer hir Petitioun fir d’Aféierung vun enger Indemnisatioun wann een Elterendeel d’Kanner wëll doheem betreien.

Famill.lu: Är Situatioun ass speziell: Dir hutt di verschidden Aspekter gelieft…

Elo well ech mech och emol virstellen. Mäin Numm ass Sandy Flesch, ech sinn 44 Joer al, Mamm vun 4 Kanner am Alter vun 18, 14, 5 an 4 Joer. Ech sinn Hausfra a Mamm säit Juli 2017. Ech krut do meng Invaliderent wéinst gesondheetleche Problemer. Mee och eng ganz grouss Chance dee Moment. D’Chance, bei menge Kanner kënnen ganz doheem ze bleiwen an si ze betreien. Eppes, wat ech soss net konnt, well ech ganzdags schaffen gaangen sinn. Ech war also net ëmmer Hausfra, mee ech kennen och d’Säit vun den beruffstätegen Fraen. Oft ass et esou, dass mir Fraen mussen schaffe goen, well et soss net méiglech wär, eng Wunnéng ze bezuelen, an et muss een leider Gottes zu zwee schaffe goen, well et soss hannen an vir net opgeet. Dorënner leiden dann eis Kanner. Si mussen oft schon am fréien Alter vun 3 Méint vun mueres fréi bis owes friembetreit ginn, well d’Mamm oder och de Papp musse schaffen goen. Och meng Kanner sinn an der Zäit, wéi ech nach schaffe gaangen sinn, friembetreit ginn. Mee elo wou ech kann bei hinnen doheem bleiwen, mierken ech awer, wéi wichteg et ass, wann si vun der Mamm oder natierlech och vum Papp, kënnen doheem an hirem vertrauten Ëmfeld kënnen betreit ginn. D’Kanner kréien méi Opmierksamkeet, méi Zouwendung. An si entwéckelen sech ganz anescht wéi Kanner déi friembetreit ginn. Ech hunn awer fir mech festgestallt, an domat sinn ech net eleng, dass eng Hausfra muss ganz vill leeschten. Esouguer méi wéi fir Crèche oder fir eng Dagesmamm, bedeit, Hausfra a Mamm sinn, dass een ronderëm d’Auer fir d’Kanner muss do sinn, 24 Stonnen op 24. Mee am Géigesaz zu enger Crèche oder Dagesmamm, gëtt den Terme “Hausfra” awer net offiziell unerkannt. Am Géigendeel. Et huet een hautdesdaags d’Gefill, dass een als Hausfra vun deene Leit, déi schaffe ginn, als mannerwäerteg ugesi gëtt. Mir droen dach eigentlech näischt zu der Gesellschaft bäi…!?? Mir sëtzen an den Aen vun sou munche Leit ëmmer nëmmen roueg doheem a maachen dach guer näischt! Oft kritt een ze héieren: „Ma dann géi emol schaffen, dann kucks De domm!“ Ah bon? Ech géng soen, dass déijeineg, déi mengen, eng Hausfra a Mamm muss näischt leeschten, géngen domm kucken, wann si missten an eiser Haut stiechen.

Famill.lu: Wat war den Ausléiser fir d’Petitioun ze lancéieren?

Ech hunn dës Petitioun gemaach, éischtens, op vill Nofroen hinn vun Frëndinnen, déi och doheem sinn, an déi soten, et misst dach och endlech emol eppes fir eis Hausfraen an eis Kanner gemaach ginn. Et gëtt Zäit, dass de Begrëff “Hausfra” och als eng Art Beruff ugesi gëtt. Schliesslech leeschten mir genee esou vill, wéi Dagesmammen an Crèchen.

Ausserdem hunn ech se am Sënn vun eise Kanner opgesat. Et kann an dierf net sinn, dass Kanner vu mueres bis owes mussen friembetreit ginn. D’Crèchen schéissen wéi Champignons aus dem Buedem an et gëtt der nach ëmmer net genuch. Ass dat dann de Sënn vun eiser heiteger Familljepolitik? Dat kann an dierf net ze sinn. Déi Petitioun soll hëllefen, e Wee zeréck zu der Betreiung vun de Kanner an hirer Famill an an hirem Doheem ze fannen. An si soll och emol den Terme “Hausfra” opwäerten. Mir sinn net nëtzlos oder sëtzen liddreg doheem. Mir leeschten wierklech immens vill. An dat soll och unerkannt ginn.

Famill.lu: Wéi héich soll de Montant vun der Allocatioun sinn?

Wat stellen mer eis ënner Indemnisatioun vir? Wéi soll dat konkret ausgesin? Ech hat geduecht, dass et soll sou funktionéieren wéi bei de Crèchen an Dagesmammen. Bis zum Alter wou d’Kand an den Lycée geet, sollt een dann och eng Indemnitéit kréien. Ech hat do un den onqualifizéierten Mindestloun geduecht.

Firwat nëmmen bis zum Lycéesalter? Ma well d’Kanner do mei onofhängeg ginn, an do och de Wonsch hunn, fir an der Schoulzäit och auswäerts oder an d’Schoulkantinn iessen ze goen, an do eng konkret Betreiung wéi bei engem Kand, wat an dem Précoce an bis d’sechst Schouljoer net méi noutwenneg as. Dat wär alt emol meng Propositioun. E Kand am Primärschoulalter ass nach ofhängeg vun enger intensiver Betreiung doheem. Dofir géng ech et sënnvoll fannen, wann déi Indemnitéit just bis dohinn géng laafen.

Famill.lu: Wat ass fir Iech wichteg fir d’Wuelbefannen vun engem Kand?

Ofschléissend géng ech soen, dass et wierklech flott wär, wann meng Petitioun Succès hätt, well et dann de Kanner erméiglecht ka ginn, doheem betreit ze ginn an net méi friembetreit. Wéi vill Kanner kommen hautdesdags net méi an der Schoul mat, well sie keen hunn, wéi Mamm oder Papp, déi intensiv mat hinnen léieren kann, an si an enger Maison Relais net déi néideg Hausaufgabenhëllef kréien, déi si eigentlech bräichten? Dann kommen se owes heem, alt eréischt um 18 oder 19 Auer, an dann missten se sech nach dohinner sëtzen an hir Aufgaben maachen? Eis Kanner sinn hautdesdags vill ze vill iwwerfuerdert mat allem, an do bleift „Kand sinn“, op der Streck! Wéi flott wär et dann, wann ee kéint no der Schoul direkt heem kommen, et ass gutt gekacht, an duerno ginn dann d’Aufgaben gemaach an si kënnen dann nach e bessen spillen a Kand sinn. Eis Kanner bleiwen leider ëmmer méi op der Streck, well eis Gesellschaft ëmmer méi zum Materialismus tendéiert An dat ass immens schued.

Ech hoffen, ech hunn elo e bessen erklärt, firwat ech di Pétitioun do lancéiert hunn. An ech hoffen ob eng grouss Ënnerstëtzung Äerersäits. Fir eis Kanner! Merci villmools

Sandy Flesch

12.06.2019

Petitioun:

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1603

Une pensée sur “Interview mam Sandy Flesch”

  1. Wahrscheinlech sinn ech deen eenzegen Mann deen hei geliked huet. Hunn d’Petitioun och ënnerschriwwen well ech dat einfach gutt a mënschlech fannen. Jiddereen däerf maachen wat e wëll an dat soll een och respektéieren. An Elteren déi sech dofir entscheeden, dass d’Mamm (oder de Papp) doheem bleift fir d’Kanner ze versuergen sollen net dohinner gestallt ginn wéi wann si eppes falsch maachen géifen oder net zu der moderner Gesellschaft gehéieren.
    Meng Fra ass och bei de Kanner bliwwen an ech hunn dat ëmmer voll ënnerstëtzt.
    Bravo fir d’Petitioun.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *