Dat stommt Leiden

Ech fannen et relativ traureg ze gesinn wéi eidel d’Spillplazen, an d’Stroossen am Allgeméngen sinn… Net nëmmen Kanner gesäit ee kéng méi, vu dass di meescht Kanner a Strukturen sinn, mä och al Leit … Et schéngt mer heiansdo wéi wann nëmmen déi Leit, déi ganz ‘aktiv’ hire Bäitrag zum globalen, wirtschaftlechen Wuesstum maan, eng Daseinsberechtegung an eiser Gesellschaft hätten. An deemno och eng Stëmm. As dat net e bessi traureg? Wéi kann een un Deenen spueren déi sech am mannsten selwer hellefen kënnen? Si ginn net gefrot. Oder ass dat Strategie?

An och d’Elteren, déi natierlech genausou ënnert der Trennung leiden, wann se hir Kanner stonnelaang net gesin, ginn normalerweis net gefrot! Op een an deem Fall an iergendenger Form vun Emanzipatioun schwätzen kann, ass ze bezweifelen…! Mä deen Terme gëtt nach ëmmer ganz gäre mëssbraucht fir virun allem de Fraen wäisszemaachen, dass se keng Daseinsberechtegung hätten wann se net schaffen, an dee Moment keng Kafkraft hunn. Ween net schafft fir sech ëm seng Kanner ze këmmeren, dee soll opmannst e schlecht Gewëssen hunn. Sech ëm Kanner këmmeren as jo keng Oarbescht, oder? (…)

Ech hunn d’Chance an engem Beruff ze schaffen wou ech meng Kanner nëmme stonneweis net gesinn. Mä net all Mensch huet di Chance. An ech fannen dat immens onfair, an och traureg deelweis mat ze erliewen, wéi schwéier di Trennung ville Kanner an Elteren fällt!
Firwat net engem Elterendeel de Choix loossen? Bleiwen ech ganz doheem, oder ginn ech ganz schaffen, soll ech hallef schaffen? Di Fro kanns De Der nëmmen stellen wanns De di finanziell Mëttel hues …

Wéi solle meng Kanner di éischt Liewensjoer erzunn gin? Wat se sollen iessen? A wat léieren? Eng politesch Ideologie, déi den Elteren quasi virschreift, dass een seng Kanner soll friembetreien loossen, well d’Kand soss benodeelegt waer, grenzt e bessi un Entmündegung, oder?

Oft gëtt och dovu geschwat, dass et méi sozial gerecht fier jidfereen wär, wann d’Kanner schonn all ganz fréi an eng Institutioun géingen… Di sozial Ongerechtegkeet bleift trotz aller politescher ‘Méi’ bestoen, oder?
Ass et net esou, dass Zäit kascht, ‘time is money’ etc…?! Déi Leit déi sech et finanziell kënnen leeschten, méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen, an dat och wëllen, déi maan daat. Si decidéieren an deem Sënn, zum Beispill, hallef ze schaffen, oder se entscheedegen sech eng Auszäit ze huelen vir e puer Joer ganz vir hir Kanner do ze sin.

Mä watf vir ee Choix hunn dann sozial méi schwaach Leit, an hir Kanner? Ech schwätzen zum Beispill vun elengerzéienden Elteren. Fir si ass d’Aféierung vu gratis Kannerbetreiung net onbedéngt méi gerecht. Si mussen trotz gratis Kannerbetreiung awer ganzdags schaffen fir iwwert d’Ronnen ze kommen, an d’Kanner gesinn hir Elteren dee Moment dee ganzen Dag net. An deem Sënn déngt déi Form vu ‘sozialer Gerechtegkeet’ opmannst net de sozial Schwaachen… Et bleift en trauregen Fait, dass si sech dei Zäit mat de Kanner net kënne leeschten…

En fin de compte, leiden vill Elteren a Kanner ënnert der alldeeglecher Trennung. Dat ass eng Tatsaach! An dat stommt Leiden vun esou engem groussen Deel vun eiser Gesellschaft geet weider… Oder?

Sarah Bock

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *