Congé parental : eng Stellungnahm

De Congé parental war eis presentéiert ginn, als di ideal Léisung, den Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, Famill a Beruff gutt mateneen ze verbannen. Mir krute gesot, et wär « däitlech méi »: méi Flexibilitéit, méi Akommes.

Wat mer awer elo konkret gesinn, entsprécht dat Verspriechen, a ville Fäll, net der Realitéit. « Däitlech méi » betrëfft een eenzegen Deel vun den Elteren, fir di aner ass et däitlech manner.

Virun der Reform, hat all Mamm oder Papp während dem Congé parental vu 6 Méint, eng Prime zegutt vun 1.778 €/Mount, egal wéi vill si geschafft oder verdéngt huet (hunn). Dës Prime war netto, am Géigendeel vun haut, wou nach Steieren an Cotisatiounen ofgezu ginn.

Wien « däitlech méi » kritt, dat sinn déi Elteren, déi ganz schaffen. Vun deenen, déi e mi-temps oder en temps partiel hunn, kann sech just een Deel, kee Congé parental leeschten, well et a ville Fäll, finanziell net drobar ass. An dat während enger Zäit, wou de Puppelchen, seng Mamm, säi Papp ronderëm sech brauch. Sou ginn, mam neien Congé parental, e groussen Deel vun den Elteren, déi Deelzäit schaffen, bal gezwongen, hire Puppelchen schonn no 3 Méint a friem Hänn ze ginn.

Sinn dem Staat, just déi Leit eppes Wäert, déi ganz schaffe ginn? Ass e Kand nëmmen esou vill Wäert, wéi seng Eltere verdéngen?

Wat di mer de Kanner un, wa mer se esou fréi, esou massiv a friem Hänn ginn? De Stress ass bei villen vun hinnen héich. Stress ass negativ fir d’Entwécklung vum Gehir, e schwächt dem Kand seng Gesondheet. Dat sinn Fakten, déi bewise sinn, mä ginn einfach net berécksiichtegt.

D’Wëssenschaftler sinn sech eens, dass di éischt Méint a Joren vun engem Kand, di Allerwichtegst sinn. Dat gëtt och net berécksiichtegt.

Mir kruten eng Kéier gesot, all Kand wär gläich vill Wäert: dann ass et och genee sou vill Wäert ob et an enger Crèche, oder bei senger Mamm oder sengem Papp doheem ass. Dem Staat kascht e Kand an enger Crèche, ëm di 2.000 €/Mount. Kinnt net deen, dee beim Kand ass, z.B., als « aidant informel » unerkannt ginn?

Wien soll verantwortlech fir d’Erzéiung vun de Kanner sinn? Wien soll do sinn, fir si? Wien soll hinnen hëllefen, verantwortungsvoll ze ginn?
D’Erzéiung soll nach ëmmer den Elteren hir Roll bleiwen. Duerfir mussen si och finanziell an « zäitlech » Méiglechkeeten kréien, hir Kanner anstänneg z’erzéien a fir si do ze sinn. Wien soll et da maachen, wa keen doheem ass?

« Gouverner, c’est prévoir ». D’Zukunft preparéieren, heescht, ze suergen, dass d’Kanner staark an equilibréiert sinn. Et ass un den Elteren ze decidéieren, wat fir eng Betreiung di Bescht fir hir Kanner ass. Et ass um Staat, all Elteren z’ënnerstëtzen!

Famill.lu

Méi Elteren, manner Staat

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *