Leider ass et net iwwerall esou harmonesch…

Et war eng Attack…

Laang hu mer eis net méi gemellt an d’Ursaach war di hei: Eise Site war piratéiert ginn, sou dass absolut näischt méi gaangen ass. Wien war dohannert? Wien huet en Intérêt drun, dass e Site, deen sech asetzt fir d’Kanner an d’Elteren, deen iwwer d’Kanner schwätzt, deen emol en anere Bléck op d’Kandheet riicht, attaquéiert gëtt? Mir hunn eis oft d’Fro gestallt…

Dee ganzen Site „Famill.lu“ huet mussen nei opgebaut ginn an dat war schonn eng laangwiereg Aarbecht.

Et läit mer duerfir um Häerz, fir, op dëser Plaz e grousse Merci ze soen, dem John, mengem Mann an dem Ferdinand, eisem Edem, fir hir wäertvoll Hëllef an hiert Engagement, dass mer eise Site nees kënnen un Iech all bréngen.

Sou si mer dann och um Sujet vun dëser Editioun: di Aggressivitéit, déi mer ze vill oft hei gesinn, di Aggressivitéit, déi scho vill Opfer kascht huet. Wien ass verantwortlech? Wat ass den Ausléiser, dass Mënschen hir Roserei net packen, sech selwer net packen?

Mir proposéieren iech duerfir en exclusiven Interview mat der Polizeikommissarin Petra Reichling, déi eis dovunner schwätzt, wéi si d’Situatioun gesäit a wéi mer kënnen villäicht aus där Spirale erauskommen…

Isabelle Schmit-Mines

10.12.2018

Presentatioun vum Buch vum Petra Reichling: „Tatort Schulhof“

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *