Recht op Léift, Recht op Zäit

Wa mer an e puer Méint eng nei Regierung hunn, ass eis Hoffnung, dass se sech mat der klenger Kandheet auserneen setzt, an e Programm huet, deen et erméiglecht, dass d’Kanner sech gutt entwéckelen.

All Partei weess wat d’Kanner brauchen, wat d’Elteren wëllen – schliesslech waren eng etlech Petitiounen an deene leschte Joren gelaf, a bei all Débat an der Chamber war all Partei vertrueden.

Ni méi wëlle mer, dass Kanner de ganzen Dag an enger Friembetreiung sinn, an hir Elteren just gesinn wann se an d’Bett geluecht ginn.

Ni méi wëlle mer, dass d’Elteren mat „Sachleeschtungen“ vertréischt ginn an dass déi Elteren, déi méi Zäit mat hire Kanner wëlle verbréngen, am Reen stoe gelooss ginn.

Ni méi wëlle mer, dass Kanner, déi d’Friembetreiung net verdroen, trotzdem mussen do bleiwen, well d’Elteren einfach kee Choix hunn.

Ni méi wëlle mer, dass gesot gëtt, Familljen mat Kanner, a besonnech, d’Familles monoparentales, géifen riskéieren an d’Aarmut ze falen, an trotzdem geschitt näischt fir se z’ënnerstëtzen.

Ni méi wëlle mer héieren, dass verschidde Kanner hir Mammesprooch emol net kënne schwätzen, well d’Mamm einfach net do ass a schafffe muss goen.

Ni méi wëlle mer héieren, dass d’Elteren hire Kanner sollen Geschichten virliesen, an trotzdem gëtt net gefërdert, dass d’Elteren och di néideg Zäit hunn.

Ni méi wëlle mer vun Educatricen, Educateuren, Enseignants héieren, vill Kanner wären aggressiv an onkonzentréiert, well et hinnen u Gebuergenheet feelt.

Haut hu mer esou vill Kanner, déi „emotionell erhéngert sinn“, seet de Gilbert Pregno.

« Ce sont des enfants abîmés, malheureux, en proie à un grand gouffre psychique et qui sont affamés à un niveau émotionnel »*

Emotionell erhéngert: wat eng Trauer, wat en Drama! Wéisou konnt et iwwerhaapt esou wäit kommen? Wéisou loosse mer dat zou? Wéisou loosse mer dat esou laang zou? Firwat kréien Kanner net dat, wat se am néidegsten brauchen?

Well d’Elteren keng Zäit fir se hunn? Well se iwwerfuerdert, iwwermidd, iwwergestresst sinn? Well ze vill vun hinnen verlaangt gëtt? Well se vill aner Aktivitéiten hunn?

Di nächst Regierung, muss eng Regierung sinn, déi bereet ass an di kleng Kandheet z’investéieren. An dat heescht net, nach méi Strukturen ausbauen, mä et heescht, och deenen Elteren entgéint ze kommen, déi eng Auszäit fir hir Kanner wëllen hunn. Hinnen en Elteregeld ginn, oder d’« allocation d’éducation » nees aféieren, oder soss eng finanziell Hëllef, déi hinnen eng Auszäit erméiglecht. Flexibel Aarbechtszäiten, Deelzäitaarbecht, Télétravail sinn och gutt Alternativen, mä do, däerf d’Organisatioun vun engem Betrib net leiden.

Loosst den Elteren de Choix, dat ass dat eenzegt wat hëlleft, dass mer gesond Kanner hunn. All Kand ass anescht, all Famill ass anescht. Ech kennen genuch Mammen, déi no e puer Joer nees an de Beruff erakomm sinn: also dat ass net ausgeschloss an net onméiglech.

Mä di éischt Prioritéit ass et, nom Wuel vum Kand ze kucken an dat ass nëmme méiglech, doduerch dass et dat liewenswichtegt Fundament mat 1-2-3 Mënschen kann opbauen.

Dat ass eng Aufgab, déi all Regierung vis-à-vis vun de Kanner, vis-à-vis vun der Gesellschaft, vis-à vis vun der Zukunft huet – well, wéi eng Zkunft baue mer op, mat psychesch kranke Mënschen?

Dass d’Kanner sech gesond entwéckeleln, dat muss eng absolut Prioritéit vun der nächster Regierung sinn.

Isabelle Schmit-Mines

29.06.2023


Liest och:

Wat seet di Etude aus – a wat net? , de Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *