An all deene Joeren wou eis Säiten bestinn, hu mer vill Bréiwer, Commentairen, Temoignagen, kritt vu Mënschen, déi Dag fir Dag mat Kanner zesumme sinn an eis matdeelen, dass sech villes muss änneren, fir dass d’Kanner gesond eropwuessen. A wann d’nächst Joer Wahle sinn, froe mer, dass d’Wuel vum Kand net nëmmen um Pabeier steet, mee an d’Wierklechkeet ëmgesat gëtt

Et ass ee midd, wann ee gesäit, dass esou vill gechwat gëtt, vu staarke Kanner, héichqualitativ Betreiung: an op där anerer Säit héiere mer Temoignagen vun Educatricen, Educateuren, Enseignants, vun Elteren, Grousselteren déi esou oft soen: neen, d’Kanner sinn net frou, et sinn ze vill Kanner beieneen, de Kaméidi an de Stress dinn hinne net gutt a keen huet richteg Zäit, sech intensiv mat hinnen ze beschäftegen.

Et ass ee midd, wa gesot gëtt, all Kand wär selwecht Wäert an enorm Zommen ginn a Friembetreiung investéiert: awer fir Elteren ass ni e Budget do. De Clou hu mer dëst Joer gesinn, dass, Kanner an der Maison Relais gratis z’iesse kréien, awer fir eng Mamm, e Papp, deen doheem kacht, ass neess näischt virgesinn.

Et ass ee mdd, wann ee Reportage gesäit, oder vum STATEC – scho säit Joeren – , héiert, dass d’Aarmut kliëmmt, an dass besonnech d’Familljen mat Kanner betraff sinn. Debattéiert gëtt driwwer an der Chamber ëmmer op e Neitst, an trotzdem gëtt den Drama fir vill Mënschen weider a weider.

Et deet wéi, wann een Eltere gesäit, déi genee wëssen, wat fir hir Kanner dat Bescht wär, awer keen anere Choix hunn wéi de ganzen Dag ze schaffen, fir iwwerhaapt kënnen ze liewen, an hir Kanner ze fréi, ze laang mussen a friem Hänn ginn.

Well et gëtt vergiess, et gëtt emol net ernimmt, wat dann esou wichteg ass fir d’Kanner: si brauchen Erwuessener, déi mat hinne schwätzen, sech Zäit huelen fir hinnen nozelauschteren, Wierder op hir Emotiounen a Reaktioune setzen, mat hinne laachen a spillen. E Kand kann sech nëmme gutt developpéieren wann et wierklech ëmsuergt ass, mat vill Zouwennung, vill Léift. Duerfir ass fir e Puppelchen, e klengt Kand, et esou wichteg, dass et vill op de Schouss, op den Aarm geholl gëtt.

Nëmmen doduerger gëtt opgebaut, dass et spéiderhin, Empathie kritt, seng Emotiounen kontrolléiere kann, sech konzentréiere kann, Vertrauen kritt. Et ass d’Basis, d’Fundament dat et kritt an der Relatioun mat deene puer Mënschen, déi sech Zäit fir et huelen. Well wann dat Fundament net zolitt ass, fällt et bei deem éischte Stuerm ëm.

Nächst Joer si Walen an all Partei ass am Gaangen hire Programm opzestellen.

Mir maachen en Appel, en dréngenden Appel fir dass d’Parteien sech mat der Fro auserrneen setzen: wat muss ëmgesat ginn, fir dass an eiser Gesellschaft, d’Kanner sech gesond a frou kënnen entfalen?

Dat ass, all Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, ob dat zäitlech oder finanziell ass, sech adequat ëm hire Puppelchen, ëm hir Kanner ze këmmeren.

Dat ass, z’acceptéieren, dass e Kand sech besser developpéiert, wann en Erwuessenen, Zäit fir et huet, fir sech mat him ze beschäftegen.

Dat ass dann, Elteregeld (och d’Pensiounskeess misst virgesi sinn) fir di eng, Sachleeschtung“ fir di aner.

Dat ass, den Dageselteren eng besser Remuneratioun ze ginn, well si sech, an enger klenger Struktur besser ëm d’Kanner kënne këmmeren.

Et brauch een sech dach nëmmen an d’Haut vun engem Kand ze setzen. Och d’Politiker waren eng Kéier Kanner, och si hunn eventuell Kanner: da misst et dach einfach sinn, sech virzestellen wat e Kand brauch, wat et frou mécht, wat et traureg mécht.

An doriwwer ewech musse mer och kucken, wéi mar eis Gesellschaft soll ausgesinn: d’Kanner vun haut sinn di Erwuesse vu mar. Wéi eng Gesellschaft wëlle mer opbauen? Onglélcklech Kanner? Nervös Kanner? Kanner ouni Wuppes? Bei esou enger wichteger Fro, déi eis ganz Gesellschaft vu muer bestëmmt, ass et net egal wéi eis Kanner eropwuessen. Loosst den Elteren de Choix, si wësse am beschten wat fir si a fir hir Kanner dat Bescht ass.

Isabelle Schmit-Mines

20.10.2022


Agenda:

Conférence :« Désir d’enfant, droit à l’enfant, procréation artificielle : Quels enjeux ? »:

de Blanche Streb

Date: le 14 novembre à 19 hrs

Adresse: Centre Jean XXIII, rue Jules Wilhelm, Luxembourg

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *