« Wat gëtt et z’iessen ? » oder « Wéini iesse mer ? » eng vun de Lieblingsfroen vun eise Kanner.

D’Iessen spillt eng grouss Roll an hirem Liewen an si kënnen sech esou wonnerbar freeën, wa gutt gekacht gouf an si kënnen och vill driwwer schwätzen, wat se gären hunn a wat net.

D’Iessen huet awer och eng aner Bedeitung: et ass di Freed, zesummen ze sinn, et ass di Freed eppes ze deelen, mat den Elteren, mat de Geschwëster, de Grousselteren, de Frënn, asw.

Sou huet d’Iessen eng symbolesch Bedeitung, et ass dee Moment, wou d’Kanner kënne verzielen, wat si erlieft hunn, hir schéin, hir manner schéin Momenter.

Et ass dee Moment, wou een un hire Reaktioune mierkt, ob eppes bei hinnen net klappt – e Kolleg, deen se ugegranzt huet, e Spill, wou se verluer hunn, asw. Spéiderhinn, wann se an d’Pubertéit kommen, kann een un hirem Behuelen mierken, ob deen Ëmgang, deen se hunn, hinne gutdeet oder ob se Mënschen begéinen, déi komesch Gedanken am Kapp hunn, a wou se sech villäicht net richteg kënne wieren. Et ass um Iessen, wou ee mierkt, ob e Kand zefridden ass oder net, ob säi Verhalen sech geännert huet.

Sou kënne mir, als Erwuessener, hinnen hëllefen, mat Zäit, d’Brems ze zéien.

Et ass also wichteg zesummen ze schwätzen, et ass awer och fir si, di Geleeënheet, eppes vum Liewen gewuer ze ginn. Et ass um Iessen, wou mer hinnen verzielen, wat mer haut gemaach hunn, et ass um Iessen wou mer hinnen oft verzielen, wéi et, z.B., fréier war. Et ass um Dësch, wou se di Dausend Froen kënne stellen, déi hinnen duerch de Kapp ginn.

Ech ka mech erënneren, wéi vill mir mat de Kanner geschwat hunn, wéi si kleng waren, wéi si Jugendlecher waren. Spannend war et ëmmer virun de Walen, wou mer diskutéiert hunn, wien dann elo di meeschte Chancen hätt, a wa mer d’Kanner gefrot hunn, wat si da wéilten änneren.

Mir hate Gespréicher, wat fir si am wichtegsten am Liewen wär, an am Gespréich hunn d’Iddien sech entwéckelt.

Leider, ass et haut esou, dass dat Zesummesinn, de Familljen erschwéiert gëtt. An der Mëttesstonn ass oft guer keen doheem, an Owes, gëtt et och oft spéit, sou dass net vill Zäit fir e gemeinsamt Iessen bleift. An de Weekend, do sinn vill Elteren, déi et genéissen, mat hire Kanner zesummen ze sinn. Positiv ass, dass een héiert: „Bei eis, bleift um Iessen, d’Televisioun, den Handy, d’Tablet aus“.

Et ass um Iessen, a Momenter, wou ee kann a Rou schwätzen, wou ee mierkt, wann eppes an der Schoul net klappt, wa Kanner, z.B. tyranniséiert ginn. Da kann een mat Zäit agräifen, ier et ze spéit ass, well an der Maison Relais zielen se net, wann se Problemer hunn.

Gëschter hu mer den Dag vun de „Rechter vun de Kanner“ gefeiert. Eng Geleeënheet méi, fir eis domadden auserneen ze setzen, wéi wichteg et ass, och am Alldag mateneen ze kommuniquéieren. Wann een d’Iessen zesummen verpasst huet, huet ee vill u Kommunikatioun verpasst. Dann ass et traureg, wann een sech muss spéiderhin froen, wou di Joeren dann nëmmen higaange sinn…

Isabelle Schmit-Mines

21.11.2022


Agenda:

Veillée de Prière pour la vie naissante

le 29 novembre à 19 hrs

Chapelle des Glacis, Luxembourg

——————————————————————————————————————

Liest och:

De Lieserbréif vum Petra Stober: Wenn der Staat beim Opferschutz versagt…

Ënnerschreift och d’Petitioun: Mise en place d’actions préventives contre le harcèlement moral au sein des établissements scolaires et de sanctions disciplinaires plus sérieuses à l’égard des auteurs d’harcèlement. »

https://www.petitiounen.lu/petition/2514?no_cache=1&cHash=1174029519f8601b0c31a2bd00debfbb

STOP der Kriminalitéit, STOP der Gewalt: zum Buch: „Tatort Schulhof“ vum Petra Reichling http://www.famill.lu/?p=78

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *