Prett fir an d’Schoul?

De Précoce war jo och agefouert ginn, fir eng (éischt) Sozialisatioun vun der Kanner ze erméiglechen virun der Schoulobligatioun, an och fir (bei villen) a Kontakt ze kommen mat der Lëtzebuerger Sprooch virum Schoulantratt. An an deem Fall ass Précoce oder Crèche ganz sécher och sënnvoll an ‘bénéfique’ fir d’Kand. Di lescht Zäit huet een awer d’Gefill, dass just nach vun Förderung vun de Kanner an hiren ‘Kompetenzen’ geschwat gëtt. Ech fannen awer, dass di Haaptviraussetzungen vum Léieren oft net méi erfëllt sinn an et dofir och ëmmer méi zum Echec kënnt. Haaptviraussetzungen wieren eng stabil Bindung zu enger Bezuchspersoun (am beschten Fall d’Elteren), Léift, Opmierksamkeet an Interessi (fir d’Entwécklung vum positiven Selbstbild an Selbstvertrauen) an dann awer och eng gutt gefestegt Mammesprooch an tëschent der Ufuerderung, och Rou an fräi Zäit – an all déi Saachen hu vill Kanner leider net méi, wann se fréi vun der Bezuchspersoun getrennt ginn, dann a Crèchen eng aner Sprooch léieren wéi d’Mammesprooch an spéider dann zimlech chargéiert Deeg mat Schoul, maison relais, Sport, Musik a co, hunn.

Ech schwätzen hei vun Echec aus 2 verschiddenen Perspektiven. Fir d’éischt emol deen schouleschen Echec. Dësen mécht sech meeschtens scho fréi bemierkbar, gëtt awer oft an der Grondschoul nach verschleeft, well d’Elteren et oft net wëllen agesinn an d’Decisioun vun engem “allongement de cycle” dann net unhuelen. Ma spéitstens am Lycée gëtt den Echec dann eng Realitéit. Ma dann ass et awer oft ze spéit an sou wierklech opschaffen kënnen di mannst dësen Echec.

Wéi virdrun schonn ernimmt spillt ganz sécher hei d’Mammesprooch eng grouss Roll. Eng gefestegt Mammesprooch ass d’Basis fir d’Léieren vu weideren Sproochen. Bei engem Kand, dat doheem Englesch schwätzt, ma virun sengem 1. Liewensjoer fir 10-12 Stonnen den Dag an eng Crèche kënnt wou dann Franséisch geschwat gëtt, kann een jo net wierklech vun Zweesproochegkeet schwätzen. Zweesproochegkeet wier, wann een doheem Englesch an een Franséisch schwätzt. Dat Kand hei ass méi a Kontakt mat der franséischer Sprooch an schwätzt dann bestëmmt och éischter Franséisch an net Englesch, MEE et ass net seng Mammesprooch – déi, di et vun der Gebuert un (an och schonn am Mammelaif) héieren huet.

Lo kënnt dëst Kand an den Cycle 1 wou et Lëtzebuergesch léiert – mat net gefestegter Mammesprooch.

Da kënnt et an den Cycle 2 wou dann Däitsch a spéiderhin och Franséisch dobäi kënnt. D’Schwieregkeeten fänken lo, sou lues un siichtbar ze ginn an den Echec schläicht sech lues a lues beim Lies- a Schreifsproocherwerb an a gëtt mat de Joren an Ufuerderungen vun der Schoul ëmmer méi grouss. Hätt een als Elteren hei d’Méiglechkeet an deem Klengkandalter, wou de Sproocherwerb sech rasant entwéckelt, méi doheem ze sinn, wier d’Mammesprooch vum Kand méi gefestegt an d’Basis fir den Erwerb vun weideren Sproochen besser.

Kënnt dann d’Kand mat 2 oder 3 Joer stonneweis (net deeglaang) den Dag an Kontakt mat der Lëtzebuerger Sprooch (an der Crèche oder am Précoce), wier hei och eng gutt Basis geschaf fir d’Grondschoul am C1 ze starten.

Ma och den Volet “Fräi Zäit” spillt a Mengen Aen eng wichteg Roll. Mussen d’Kanner awer vun moies fréi un an d’Schoul, duerno an d’Maison relais, dann nees an d’Schoul, nees an d’Maison relais, ass dës fräi Zäit net méi garantéiert. No der Ufuerderung vun der Schoul brauch ee Kand Rou fir ze entspanen, fir d’Saachen déi et grad geléiert huet ze iwwerdenken, auszeprobéieren an ze verschaffen. Oft ass et nun awer esou, dass d’Kanner owes réischt heem kommen an bis zu deem Zäitpunkt an engem groussen Grupp waren an animéiert gi sinn. Keng Zäit fir ze entspanen, sech falen ze loossen, engem ze erzielen wat een erlieft huet – an och ee Feedback dozou ze kréien. Et feelt deen aneren Dag oft un neier Energie fir mat neier Konzentratioun an den Unterrecht ze kommen an rëm nei Impulser opzehuelen.

Emotional gesinn sinn d’Elteren awer och wichteg fir engem Kand säin positiivt Selbstbild a fir d’Entwécklung vum Selbstvertrauen. Et besteet eng Bindung tëschent Kand an Elteren an eng Vertrauensbasis – wat och erëm eng Grondlag ass fir de weideren Léierprozess. Hunn d’Kanner dëst net, besteet de Risiko, dass een d’Impulser déi een an der Schoul kritt, net wéi ee Schwamm ophuelen kann, well een onsécher ass an sech net traut, och mol Feeler ze man. An der Schoul gëtt ee Feeler oft (negativ) bewäert – doheem bei den Elteren net. Sech selwer eppes zoutrauen an sech selwer gutt aschätzen kënnen, beschleunegen de Léierprozess.

Ma net nëmmen kann dësen emotionalen Manque zu schouleschem Echec féieren. Et kënnt zu engem aneren Echec. Et kann zu Depressiounen féieren, Drogenkonsum, Jugendkriminalitéit, Burn-out, Mobbing, Mobbing-Opfer. Entweder sicht een dann Kompensatioun vun dësem emotionalen Manque, oder awer et léisst een sech alles gefalen, gëtt lethargesch.

Ech verstinn einfach net, firwat net bei deenen offensichtlechen Saachen d’Aen zougemaach ginn an d’Entwécklung ëmmer méi an déi entgéintgesaten Richtung geet. Ech fannen et offensichtlech, dass (virun allem kleng) Kanner bei hir Elteren gehéieren, wou se all dës ernimmten Saachen kënnen kréien: Léift, Vertrauen, Interessi, Opmierksamkeet, Rou an eng Mammesprooch. Ass et lo d’Zil, d’Kanner fréi an Ganzdaagsbetreiungen ze ginn, wou dann och scho sollen 2 Sproochen geschwat ginn (well mir hu jo net nëmmen lëtzbuergeschsproocheg oder franséischsproocheg Kanner hei am Land, wou déi eng an eng franséisch Crèche solle geschéckt ginn an di aner an eng lëtzebuergesch Crèche), dann erreechen mir an mengen Aen just de Contraire vun deem, wat mer eigentlech gär hätten: mir hätte gär sécher Kanner, déi Erfolleg an der Schoul hunn, déi sech dann zu responsabelen Erwuessenen entwéckelen, déi spéiderhin eis Economie um Lafen halen an anstänneg mat hiren Matmënschen a mat hirer Ëmwelt ëmginn. Mee ech fäerten ganz, dass d’Resultat dovunner éischter onsécher Kanner sinn, déi Schwieregkeeten an der Schoul an an hirem Dasein hunn. Schued!

Isabelle Engels

06.10.14

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *