D’Regierung hat virgesinn, d’Schoulen an d’Crèchen sollen zou bleiwen, well no der Feiderdeeg, kinnt een mat enger neier Infektiounswell rechnen.

Och d’Elteren, déi allen zwee (musse) schaffen, haten sech organiséiert, wien da bei de Kanner géif bleiwen – um Formulaire war virgesinn, dass se de « Congé pour raisons familiales », bis den 20. Januar inclus, kéinten huelen.

An dunn, op eemol, d’Nouvelle: d’Crèchen an d’Schoulen géifen elo – also, haut, den 11. Januar – nees opgoen: wat bedeit dat alt erëm? Organisatioun, Reorganisatioun fir d’Elteren, Adaptatioun fir d’Kanner, Onsécherheet fir si alleguer.

D’Regierung hat dem « Collège médical » nogelauschtert, well hien op di vill psychologesch Problemer an der Gesellschaft opmierksam gemaach hat, déi entstane sinn wéi d’Mënschen wéineg Kontakt zu eneen haten an deene leschte Méint. Wichteg war et och, fir di méi grouss Kanner an di Jugendlech, hir Kollegen erëm ze gesinn.

Mee wann et ëm di kleng Kandheet geet, reagéiert d’Regierung kaum..

Wéi vill Temoignagen hu mer dann, vun Elteren, Pediatren, Educateuren, Enseignants, déi schonn esou oft op dramatesch Situatiounen opmierksam gemaach hunn, wann, z.B., d’Kanner ënnert enger ze fréier, ze laanger Separatioun vun hiren Elteren leiden.

Kanner, déi vun Moies 7 bis Owes 7 an enger Betreiungsstruktur sinn, hir Elteren kaum nach gesinn, oder, Kanner déi ze fréi an eng Friembetreiung kommen an net verstinn, wat mat hinne geschitt – dat ass oft di traureg Realitéit. Oft ginn déi Kanner apathesch, oder, am Géigendeel, aggressiv, si sinn oft an engem Cercle vicieux, wou se net erauskommen – mee, wien intersséiert dat da schonn?. „…Immer mehr Kinder weisen Defizite und nicht altersadäquate Auffälligleiten auf, weil sie nich „gut“ aufwachsen“. Doch die Politik verschliesst die Augen vor dieser Entwicklung…“ (Michèle Gantenbein, „Der Elefant im Raum“, L.W. 11.11.2019)

Gehollef kritt d’Kand, wann et offensichtlech ass, dass et net méi esou kann weidergoen an eventuell eng Gefor fir sech a fir di aner duerstellt. Mä, bis dohinner: wéi vill Tréinen, wéi vill Trauer, huet dat Kand an seng Elteren matgemaach, wéi vill Nerven hunn d’Enseignants an och di aner Kanner ronderëm mussen hunn, fir net duerchzedréinen. A wat fir eng finanziell Laascht fir eist Land, wou et dach méi einfach wär, vun Ufank un, a sou laang d’Kand kleng ass, den Elteren ënner d’Aërm ze gräifen.

Et ass nach net laang hir, wou e Kand, hei am Land, vu lauter Einsamkeet gestuerwen ass, well keen Zäit fir et hat, well d’Elteren ze vill mat hirem Beruff beschäftegt waren.*

D’Regierung hat jo vun Ufank un, alles drugesat, fir dass béid Elteren solle schaffe goen, ouni sech emol Gedanken ze maachen, wat dat fir den Alldag vun engem Kand a vun den Elteren bedeit.

Dem « Collège médical » säin Avis ass seriéis geholl ginn, wéini däerfen dann och emol endlech déi Leit matschwätzen, déi um Terrain schaffen, déi d’Kanner Dag fir Dag gesinn a genee wëssen wéi d’Situatioun ass a wéi se kéint anescht sinn?

Isabelle Schmit-Mines

11.01.2021

*„Stiller Tod“ (Michèle Gantenbein, L.W. 15. Dezember 2020)

Liest och:

Eng Besënnung op dat Wichtegst am Neie Joer“vum Marie-Andrée Faber

A wann si dat nach 100x behaaptenvum Alexandra

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *