Loosst de Kanner hir Onschold!

Et fänkt un, Realitéit ze ginn: d’Sexualerzéiung ass elo och bei eis an der Schoul ukomm, och am Fondamental.

Musse wierklech kleng Kanner domadden schonn konfrontéiert ginn? Gëtt do net, e Stéck Onschold ewech geholl? Ginn se doduerger net ze fréi prematuréiert? Oder ginn d’Kanner mat esou villes haut duerch Internet, Televisioun, asw, konfrontéiert, dass se mussen uerentlech opgeklärt ginn? Mee, wéi gesäit di Opklärung aus? Wien hält de Cours? Wéi spieren d’Kanner sech dobäi? Wéi spieren se sech spéiderhin, wann se d’Léift entdecken? Wéi eng Ideologie kréien se mat? Wéi wäit geet di Gender-Ideologie? Scho mat Zäit, an, an der Schoul, sollen se sensibiliséiert ginn, dass e Meedchen, net onbedéngt e Meedchen ass, e Jong, net onbedéngt e Jong ass. Dass et eben Mënschen ginn, déi Transgender sinn a mat hinnen soll net de Geck gemaach ginn. Jo, mee: mussen dann, duerfir, kleng Kanner, déi zefridde sinn, déi sech wuel an hirer Haut spieren, perturbéiert ginn? Well, ech mengen, wann vun Sexualitéit am Fondamental scho geschwat gëtt, ginn d’Kanner duercherneen, dat wullt se op an e groussen Deel vun hirer Onschold geet fort. Wou bleift dann d’Laachen vun de Kanner?

Isabelle Schmit-Mines

Sou maache mer Iech opmierksam op dem Marie-Andrée Faber hir Initiative:

Appel à témoignages

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *