Kanner, loosst mer lëschteg sinn…

… well de Kleeschen kënnt geschwënn“!

Et ass esou eng schéin, eng opreegend Zäit fir d’Kanner, eng Zäit, wou se nach wierklech Kand däerfe sinn, mat hire Virstellungen, mat hiren Dreem.

Well fir d’Schoulkanner war dëst Joer, keen einfacht Joer. Och si haten Angscht, wann d’Elteren Angscht haten ëm hir Existenz, och si haten Angscht, wa geschwat gouf, elo wären esou vill Leit an der Klinik oder gestuerwen. Et ass fir si schwéier, wann se net wierklech fräi mat hire Kollegen däerfe spillen, hir Grousselteren net gesinn, eng Mask unhunn, wann se sech bewegen. D’Kanner kréien alles mat, besonnesch hautdesdaags. Sou fréi ginn se schonn mat der Aktualitéit konfrontéiert, sou villes héieren se vun der Krise, vun Terrorismus, vu Klimakatastrophen, asw.

Duerfir, sinn di Momenter vu Begeeschterung esou wichteg.

Fir d’Kanner, sech virzestellen, Dokter ze sinn, Infirmière, Joffer, Garagist, dat sinn déi Momenter, wou se komplett kënnen an hirer Phantasie sinn, wou näischt se kann draus eraus huelen.

Si sinn esou konzentréiert: an et ass dach dat, wat mer sollen an hinen fërderen. E Kand wat sech gutt ka beschäftegen, wäert sech ëmmer fir alles interesséieren, an sech konzentréieren, op seng Aufgab, op seng Aufgaben.

Kanner, loosst mer lëschteg sinn“: et läit jo eigentlech an der Natur vum Kand, frou a lëschteg ze sinn. Mä, do ass e Schied, deen vun der Europäischer Unioun am Gaangen ass iwwer de Kanner ze schwiewen.

Scho mat Zäit, an, an der Schoul, sollen se sensibiliséiert ginn, dass e Meedchen, net onbedéngt e Meedchen ass, e Jong, net onbedéngt e Jong. D’EU wëll, dass mat den Transgender net de Geck gemaach gëtt, dass si och e Recht hunn, uerdentlech behandelt ze ginn. Dat ass jo richteg: et soll jo och kee Geck gemaach ginn. Mussen dann, duerfir, kleng Kanner, déi zefridde sinn, déi sech wuel an hirer Haut spieren, perturbéiert ginn? Well, ech mengen, wann vun Sexualitéit am Fondamental scho geschwat gëtt, ginn d’Kanner duercherneen, e groussen Deel vun hirer Onschold geet dann fort.

Et solle keng Stereotypen méi ginn an de Beruffer. Déi Iddi gëtt et scho laang, mee, heescht dat, dass e klengt Meedchen elo soll mam Bagger spillen an de Jong mat de Poppen? Oder sollen se nach just mat neutrale Spillsaachen, sech beschäftegen?

Ech kennen e klengt Meedchen, dat esou frou ass mat de Poppen, dass et sech näischt aneschters wënscht, wéi eng Popp, eng Kutsch fir de Kleeschen (obwuel et der scho vill huet)!

Musse mer dann elo esou e Kand, encouragéieren, mat engem Hummer, mat engem Bagger ze spillen? Leeë mer awer sengem Brudder, eng Popp an e Bagger beieneen, hëllt hien sech de Bagger. Do kann een net soen si hunn di selwecht Interessien, a mir missten elo per force eng Gläichheet erfirbréngen.

All Mënsch kann haut, dee Beruff ergräifen, deen e wëll. Trotzdem: ech hunn nach keng Fra als Steemetzer gesinn, seelen hunn ech der gesinn, déi mam Bus fueren, asw.

Mir gesinn, dass eben vill Meedercher, Educatrice, Léierin sinn, villäicht eben, well se dat „Bemuttern“ schonn mat op de Wee kritt hunn?

Et kann een d’Fra net vun Mamm-sinn trennen: Die Emanzipation der Frau ist nur dann zukunftsfähig, wenn sie nicht auf Kosten der Mütterlichkeit geht, sondern wenn sie diese mit einbezieht. Muttersein muss gesellschaftlich mindestens genauso anerkannt werden wie jede andere gesellschaftliche Arbeit.“, sou sot et schonn d’Hannah. K. Göetze an hirem Buch “Kinder brauchen Mütter“.

Firwat muse mer dann all gläich sinn? Dat géif eng langweileg Welt ginn, fannen ech. Si mer net, Mann a Fra, komplementär?

Kanner loosst mer lëschteg sinn“: d’Kandheet soll eng onbeschwéiert Zäit sinn, huele mer de Kanner dat net ewech.

An duerfir: e schéine Kleeschen un all eis Kanner!

Isabelle Schmit-Mines

02.12.2020


Liest och:

Un d’ Enseignants an d’Educateuren / d’Educatricen, hei zu Lëtzebuerg:

Et ass de Bréif vun engem Schoulmeeschter un d’Regierung. An der Introductioun kann ee liesen:

… Angesichts einer neuerlichen, gesetzlich sowie wissenschaftlich nicht begründbaren Ausweitung einer Maskenpflicht nun auch an unseren Grundschulen, sah und sieht sich ein engagierter Lehrer seinem Gewissen und gesundem Menschenverstand verpflichtet, gegen diese erwiesenermaßen gesundheitsschädlichen Praktiken Protest einzulegen…“

Dir braucht nëmmen eng kleng Mail un den Editeur (vetho@pt.lu) ze schécken, deen se dann weiderleet:

https://nues-am-wand.lu/an-alle-im-groβherzogtum-luxemburg-arbeitenden-lehrer-lehrerinnen-erzieher-und-erzieherinnen/?fbclid=IwAR28HHIjUrWhUussgQR3FJssKPPNd0ZEaT4_50_4PqC9S3FQFjwKWMgV0io

Loosst se nees ootmen

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *