Iwwerleeungen zum Welt-Kannerrechtsdag

Man erkennt den Wert einer Gesellschaft daran, wie sie mit den schwächsten ihrer Glieder verfährt“ (Gustav Heinemann).

D‘Uno-Kannerrechtskonventioun gouf den 20. November 1989 vun der Uno-Generalversammlung ugeholl, a vu méi Staaten wéi iergendeng aner Konventioun ënnerschriwwen, natierlech och vu Lëtzebuerg.

Dofir ass et och absolut net néideg d‘Kannerrechter nach extra an d‘Verfassung ze schreiwen, jo, dat ass souguer kontraproduktiv, well et riskéiert d‘Eltererechter ze ënnergruewen, an d‘Famill nach weider ze schwächen.

Um Kannerrechtsdag ass et Usus datt een d‘Kanner zu Wuert komme léisst.

Dat ass a eng gutt Saach, well si sollen gehéiert ginn, an och hir Meenung ass wichteg, a si solle wëssen, datt si Rechter, awer och Flichten géintiwwer hiren Elteren hunn, déi d‘Verantwortung fir si dron.

Op RTL hunn d’Kanner, Froen un d’Familljeministesch Corinne Cahen an un d’Ministren Dan Kersch, an Claude  Meisch gestalt, an der Emissioun “Dir huet d’Wuert: Kannerrechtsdag 2020”

D‘Kanner konnten also Froe stellen, an si hunn opmierksam gemaach, op déi Kannerrechter, déi nach a ville Länner net respektéiert ginn, an dat leider och hei bei eis, an deem räiche Lëtzebuerg.

Dobäi ass mer awer opgefall datt verschidde Kanner net zu Wuert koumen.

Wien gëtt deenen eng Stëmm, déi nach keng hunn, a sech net selwer verdeedege kënnen, den Ongebuerenen ?

Wéi villen gëtt dat Recht verwiert, d‘Liicht vun der Welt ze erblécken!

Dobäi ass dat d‘Grondviraussetzung vir all déi aner Mënschen-a Kannerrechter!

Ass net ee Kand sou vill Wäert wéi dat anert, a wie kann derfir, ënner wéi engen Ëmstänn et entstanen ass, an ob et den Erwaardunge vu sengen Elteren entsprécht, oder net ?

Och déi Kanner a Jugendlecher koumen net zu Wuert, déi, net duerch en trageschen Ëmstand, mee well dat sou vun den Erwuessene gewollt war, kee Papp oder souguer keng Mamm hunn, an hiert ganzt Liewen dorënner leide mussen!

Dobäi fuerdert den Artikel 7 vun der Kannerrechtskonventioun kloer d‘Recht vum Kand, net nëmme Mamm a Papp ze kennen, mee bei hinnen opzewuessen.

Keen däerf hinnen dat verwieren, well d‘Wuel vum Kand ass prioritär.

Marie-Andrée Faber

09.12.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *