Dëse Lieserbréif vum Patricia Heck war op RTL den 16. Mäerz 2018

Et geet hinnen NET gutt!!!

Ech muss dës Plateforme, lo einfach mol notzen, fir meng Verzweiflung matzedeelen.

An och meng Roserei iwwer sou wéineg Verständnis an Hëllef!

Ech schaffen wéi vill anerer an der Betreiung vun eise Kanner. Et ass ee ganz schéinen Beruff – eigentlech mäin Dramberuff. An wéi ech mech virun méi wéi 20 Joer dofir entscheed hunn, mech an de sozialen Déngscht vun eisem Land ze stellen, war d’Welt och iergendwéi nach bëssen méi an der Rei wéi se dat haut as.

Ech schreiwen hei souwuel als Mamm wéi och als Chef vun enger 30 Mann staarker Equipe an ech maan mir grouss Suergen ëm hir Zukunft. Beim Personal – an do schwätzen ech net nëmmen vu mengen Leit, ma och vum Léierpersonal, dem Kichepersonal, der Botzequipe, de Bus-Chauffeuren an alleguer deenen Leit déi direkt oder indirekt mat der Betreiung vun eisen Kanner hautdesdags ze dinn hunn – fäerten ech, dass si fréier oder spéider mat de Suiten vun engem Burnout liewe mussen. Egal ob si lo selwer een hun, oder awer d’Aarbecht vun engem aaneren deen een huet, musse mat droen.

Ma och ëm mäi Kand maan ech mir Suergen, well ech mir ni sécher sinn, ob et och rëm heel an onverletzt aus der Schoul kënnt – do sëtzt et jo net just an der Bänk, ma et geet och an d‘Paus an et huet och nach een Zuchtrajet 2x am Dag ze maan.

Et gëtt héich Zäit dass d’Politiker hir Aen opmaan fir dat, wat an de Schoulen, de Maison Relais’en an an de Crèche mëttlerweil ofleeft. D’Gewaltpotenzial ass an deenen leschten Joer enorm an d’Luut gaang, ma eis Mesuren fir dogéint ze steieren, stinn an de Bébés Schong! Ëmmer wann een d’Thema uschwätzt, gëtt et entweder belächelt, oder mat engem kräftegen „Nee, bei eis awer net!“ ofgewiergt.
Alles gëtt an eisem klenge Lëtzebuerg ënnert den Tapis gekiert! Mir maan op „heile Welt“, oder huet dir schon eemol am Radio héieren, dass am Schoulhaff oder an der Maison Relais eng déck Kläpperei war? Hutt dir scho mol an der Zeitung gelies, dass een Educateur vun engem Kand aggresséiert ginn ass? Nee? Ma ech och net! An dann heescht dat fir eis, et gëtt et net!

Vläit denkt dir lo, dass ech iwwerdreiwen an dass et och an eiser Schoulzäit schonn deen een oder aneren gouf, deen et fauschtdéck hannert den Oueren hat. Ma gleewt mir, et ass net mat haut ze vergläichen! An Schold sinn hei weder Flüchtlingen nach Auslänner oder soss iergend eng Gruppen. Et zitt sech queesch duerch de Gaart!

Am Bus geet et scho lass, ma do sin der nach net sou vill beieneen. An wann ee Gléck huet, treffen och do nach net déi „Richteg“ openeen. Dann heescht et, de Wee vum Bus bis an d’Schoulgebäi packen. Do ass dann eventuell mol eng kuerz Zäit Rou. Ma spéitestens an der Paus dréinen se dann eng éischte Kéier sou richteg op. Wat et heescht, Cours ze halen, wann d’Klass vun 20 Kanner aus engem Drëttel „verhaalenskreativen“ Kanner besteet, brauch ech lo net am Detail ze erklären. Do geet et net nëmmen méi ëm déi, déi net schaffen, ma just stéieren, ma och ëm déi, déi net schaffen kënnen, well se gestéiert ginn! Déi ginn awer ganz liicht vergiess, well déi falen jo net weider op.

Da geet et weider, entweder bei d’Dagesmamm oder an d‘Maison Relais. An do si mir supposéiert d’Zauberformel ze kennen. „Hokuspokus!“ an aus dem verhalensopfällegen Kand gëtt een verstännegen klenge Mënsch! Ma, bien sûr!
An wann een den Elteren dann urifft fir ze soen wéi sech hiere Nowuess behëllt, muss een sech Frechheeten ulauschteren, well mir jo „fir all Kléngechkeet uruffen“. Wuelverstan, nodeems den Erzéier eng mat der flaacher Hand op de Bak krut, oder mat der Fauscht an de Réck geboxt gëtt oder eben mol kuerz de Stull op déi aner Kanner geworf ginn ass. Wann een zielt, dass een sech als Erwuessenen keen „fuck you bitch!“ muss gefalen loossen, just well een engem 8-jähregen gesot huet, e soll seng Spillsaachen opraumen, kritt een vun der Mamm als Äntwert „dat huet en bei iech geléiert, well mir schwätzen doheem keen Englesch.“ Dem viraus gaangen, ass dann de Versuch, d’Situatioun am Gudden ze klären a mat vill Verständnis fir dem Kand seng negativ Astellung, op et anzegoen.
Ma hei stellen ech mech virun meng Leit an schützen si! Dat brauchen si sech net gefaalen ze loossen!!!

Wuel verstanen, brauch lo net all Mamm oder all Papp, dee säi Kand an eng Betreiungsstruktur gëtt, sech als schlechten Elterendeel ze fillen. Dat huet manner domatt ze din, dass een d’Kand ofgëtt, ma vill méi domat, wéi een d’Kand erzunn huet.

Wann ech mengem Kand doheem vermëttelen, dass Gewalt – verbal oder physesch – an bestëmmten Situatiounen ok ass, da ginn ech him domat d’Erlaabnis engem aneren Mënsch wéi ze doen! Dat ass NET ok an enger Gesellschaft! Wann Handy-Spiller, Tablet-Gebrauch oder X-Box als „Babysitter“ mëssbraucht ginn an ouni Opsiicht a Kontroll bei Fondamental-Schüler an suguer och nach méi klenge Kanner erlaabt ginn, da musse mir eis beim Resultat net wonneren.
Wann dir se mol richteg an Aktioun géift gesinn, ech soen iech, et ass wéi am Ghetto! Oder an iergendengem Actionfilm um Fernseh! Et gëtt keng Grenzen, alles ass erlaabt a gëtt applaudéiert!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *