Aus fréieren Zäiten?

Et ass keng Zäit méi ze verléieren, duerfir schwätze mer haut  iwwer 3 wichteg Petitiounen. Traureg, dass ewell dauernd Petitounen musse gemaach ginn, fir eis elementar Rechter als Elteren, oder „einfach“ als Mënsch ze verdeedegen. An d’Kanner ginn net gefrot – si mussen einfach matmaachen. Wat bedeit dat alles?

1. Di nei Verfassung: An där neier Verfassung ginn d’Elteren emol net méi ernimmt! An der neier Verfassung géif da stoe kommen: . « L’Etat veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et à son développement. » : dat heescht, et ass dann d’Regierung déi d’Critèren setzt, wéi d’Kand sech soll entwéckelen, wat et soll denken – a wann d’Kand deem net entsprécht, riskéieren d’Elteren et ewech geholl ze kréien, ouni dass se sech emol kënne wieren. Dat ass z.B., an Norwegen geschitt, wou d’Elteren och net an der Verfassung ernimmt ginn – an dat ass nach net laang hir. Wat steet dann an der Conventioun „fir d’Rechter vun de Kanner“, déi den 20. November ënnerschriwwe gouf: « La responsabilité d’élever l’enfant et d’assurer son développement incombe au premier chef aux parents ou, le cas échéant, à ses représentants légaux. Ceux-ci doivent être guidés avant tout par l’intérêt supérieur de l’enfant. »An eise Gouvernement setzt sech einfach driwwer ewech. Dat kann net sinn. Duerfir maache mer en dréngenden Appel un Iech, d’Petitioun z’ënnerschreiwen an de Lien och weiderzeginn, fir dass mer di 25.00 Stëmmen, virum 8. November zesummekréien. Petitioun fir e Referendum, ier d’Constitutioun kënnt: https://www.petitiounen.lu/petition/2007?no_cache=1&cHash=bc4842b5b5332bbbd0387c62774deddc

2. Di aner Petitioun: « Stop aux vaccins de type thérapie génétique (COVID-19) à nos enfants »: D’Kanner sinn net esou uffälleg fir vill krank ze ginn, wann se mam Virus ugestach ginn. Ass et da wierklech néideg hinnen e Vax ze ginn – besonnech wann ee weess, dass dee nach an der Testphas ass? A wat sinn d’Konsequenzen, op hir Gesondheet, elo, an duerno wann se emol erwuesse ginn? Wësse mer dat alles? Hei de Link zu der Petitoun: et feelen nach just e puer Ënnerschrëften. « Stop aux vaccins de type thérapie génétique (COVID-19) à nos enfants »: https://www.petitiounen.lu/petition/1916?no_cache=1&cHash=fc734d1bbb86710c27de9122c3f4a94f

3. Di drëtt Petitioun vu där mer schwätzen ass: „Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn.An senger Ried zur Lag vun der Natioun, hat de Premier jo gesot, d’Maison Relais wär gratis, an d’Kanner vu manner bemëttelten Elteren kéinten och grati,s e Mëttegiessen kréien. Alt nees eng Kéier ginn d’Elteren, déi sech méi doheem wëllen ëm hir Kanner këmmeren, ongerecht behandelt an diskriminéiert. D’Regierung mécht alles, fir dass hir „Philosophie“ opgeet, d’Elteren um Aarbechtsmarché – d’Kanner a Strukturen. Benoodeelegt ginn ness d’Elteren, déi esou e Liewen net wëllen hunn. Wat ass d’Logik, wann den Educatiounsminister eng Kéier sot, d’Elteren missten sech méi Zäit fir hir Kanner huelen an op där anerer Säit gëttt alles gemaach fir se vun doheem ewech ze huelen? Ënnerschreift och Dir d’Petitioun: „Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn.https://www.petitiounen.lu/petition/2061?no_cache=1&cHash=e759acc72cf058cdd35c4ff288d04216

Eis Kanner ginn ni gefrot, mee et geet ëm hiert Liewen, si mussen spéiderhin an där Gesellschaft opwuessen, déi mir hinne preparéiert hunn. Duerfir sinn di Petitiounen esou wichteg, dass eis d’Aen opginn, wat alles ka geschien, wa mer alles gewäerde loossen.

Isabelle Schmit-Mines

25.10.2021

*All Petitounen kënnen och um Pabeier ënnerschriwwe ginn. De Formulaire kann een an der Chamber froen.

Liest och:

De Lieserbréif vum Jean Heuschling: « Durch vermeintliche soziale Gerechtigkeit zerstört »: D’ Elengerzéier ginn nees vum Staat eleng gelooss

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *