Hu mer eis dem « Däiwel verschriwwen »?

Wat am Ufank geduecht war, fir d’Aarmut ze bekämpfen, huet sech am Laf vun de Joeren, an säi Contraire entwéckelt: d’Aarbecht ass net méi de Moyen fir aus der Aarmut eraus ze kommen, si ass zum Selbstzweck ginn. An d’Regierungen maachen all, fläisseg mat.

De But vun der OECD, déi 1949 gegrënnt gouf, war, d’Mënschheet aus der Aarmut eraus ze féieren, wat de Mënschen jo och effektiv gehollef huet. Mä elo gëtt et ëmmer méi däitlech, dass eis Gesellschaft an eng Fal geroden ass an huet sech, et kinnt een et bal esou ausdrécken, « dem Däiwel verschriwwen« .

« Der zum «Potenzial» oder zur «Fachkraft» erklärte Mensch hat sich in den Dienst der Ökonomie zu stellen. Mittel und Zweck haben also die Rollen gewechselt. »

« Letztlich verkünden OECD und Familienministerium unterschwellig stets die Botschaft: Kinder sind ein Klotz am Bein jedes Erwerbstätigen. »

Sou liest een et an der „Wirtschaftswoche“ (05.03.2017). E grousse Reportage weist eis, wéi d’Wirtschaftwelt eis dominéiert an déi Wirstschaftwelt frësst alles op, wat Léift, Frëndschaft, Solidaritéit, heescht.

« Die Schäden, die die Degradierung des Menschen zum Mittel und die Erhebung von Wirtschaft zum Selbstzweck verursachen, tauchen natürlich in OECD-Studien und volkswirtschaftlichen Gesamtrechnungen nicht auf. Sie sind unbezifferbar. Zu tragen haben sie, die Eltern in Form von Stress und Schuldgefühlen und vor allem die Kinder, bei denen mangelnde Elternbindung zu einem Mangel an emotionaler Sicherheit und Bildungsfähigkeit führen kann. » *

« Et ass nëmmen eng Saach vun Organisatoun », kréien di jonk Elteren haut gesot. Schaffe goen, an no der Aarbecht huet een jo dann nach Zäit fir no senge Kanner ze kucken.

Fir verschidden Elteren ass dës Ausso richteg, et hänkt of vum Temperament vun den Elteren, vum Temperament vun de Kanner, et hänkt of, wéi een sech säin Alldag als Famill virstellt. Et hänkt natierlech och of, ob béid Elteren hire Beruff gären hunn, onzefridde wären, wann se deen net kinnten ausüben. Mä net jiddereen ass an deem Fall, a fir déi Fäll ass näischt virgesinn, déi Fäll hunn sech ze fügen.

Et gëtt net gesot, wéi et enger Mamm, engem Papp, engem Kand, Moies geet, wann een muss an aller Hetz, eppes iessen, an aller Hetz, sech fäerdegmaachen, an aller Hetz fortgoen (fortfueren), ënner Tréinen muss een sech verabschiden.

Et gëtt net gesot, dass een no der Aarbecht heemkënnt, midd ass, an dann awer nach muss eng Wäsch amachen, de Minimum am Stoot maachen, asw., an dann keng Zäit huet fir d’Kanner.

Et gëtt net gesot dass d’Elteren sech auserneen kënne liewen, wann se keng Zäit méi, ee fir deen aneren hunn.

Et gëtt net gesot dass een et heiansdo, och physech, et net packt.

Déi Elteren, déi sech eben Zäit wëllen huelen, déi hir Kanner net wëllen a friem Hänn ginn, ginn diskriminéiert vis-à-vis vun deenen aneren, déi dee ganze Stress matmachen, an déi bestëmmt oft, no um Zerbriechen sinn.

Huet dann net all Famill, d’Recht op déi selwecht Ënnerstëtzung? Huet dann net all Kand d’Recht, sech wuel ze fillen an sech gutt ze developpéieren? D’Economie huet d’Soen iwwerholl, an dat op d’Käschten, vun de Kanner, op d’Käschten vun de Mammen, vun de Pappen. Op d’Käschten vun hirer Gesondheet.

« Schaffen selwer 20 Stonnen an enger Maison-Relais a gesinn Kanner déi iwwerdréint sinn, oft iwwerfuedert sinn mat eisem Kompetenzsystem. Ofschalten ass bei eis onméiglech och wann maer hinnen Relaxasiounsräim ubidden, ass et net dat selwecht wéi doheem op senger Mëscht mat sengen Elteren an Gesëchter. Hei misst de Choix fir méi doheem ze bleiwen ausgebaut ginn. » (Donven Tilly)

Isabelle Schmit-Mines

25.06. 2018

*http://app.wiwo.de/politik/deutschland/knauss-kontert-die-oecd-und-ihr-uebergriff-auf-die-familie/19471640.html

*http://app.wiwo.de/erfolg/beruf/familie-und-beruf-berufliche-opfer-fuer-die-liebe/7185014-3.html

http://app.wiwo.de/politik/deutschland/knauss-kontert-die-oecd-und-ihr-uebergriff-auf-die-familie/19471640.html

http://app.wiwo.de/erfolg/beruf/familie-und-beruf-berufliche-opfer-fuer-die-liebe/7185014-3.html

Liest och an dësem Kontext:

«Léif Elteren: weder Där nach Är Kanner sidd Humankapital» (Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir) vum Sarah Bock

Die Mutter soll aus dem öffentlichen Bewusstsein verschwinden...

Mir ënnerstëtzen och d‘Petitioun Nr 1024 fir dass di steierlech Ongerechtegkeet fir Familles monoparentales, soll endlech ophéieren

 

Agenda

 

Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren

Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen

 Liens utiles :

Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu

Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/

FAPEL: http://www.fapel.lu/

(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).

 

Répondre à Faber Marie-Andrée Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *

252 thoughts on “Hu mer eis dem « Däiwel verschriwwen »?

  • 17 avril 2018 à 17 h 24 min
    Permalink

    Ech spillen lo mol einfach « Lieschen Müller » a proposéieren eng Léisung: Wann déi Persoun, déi hier Kanner doheem betreit, géing als beruffstäteg ugesin géif ginn a géing eppes verdéngen mat däer Arabecht, da kéinten déi Meescht sech et leeschten, doheem ze bleiwen an déi Meescht géingen dat och maachen. Da géinge jo Milliarde gespuert kënne ginn, déi lo a « Strukturen » gestach ginn. Et ass jo schliesslech e Beruf (an net ze knapps). Vu, dass hautdesdaags awer déi Meescht zu 2 MUSSE schaffe goen, well si soss net iwwert d’Ronne kommen, leeft alles kromm hei. Dëslescht hun ech ënner engem aaneren Artikel gelies: Elteren menge jo sie MISSTEN zu 2 schaffe goen . Ech behaapte mol, dat sinn déi mannst. Mäi Rot un d’Politik: Maacht einfach aus Mamm/Papp e Beruff. Selbstverständlech mat Pflichten a Rechter. Gittt deem, deen dëse Beruff ausübt, eng Paie. Dat géif vill méi bëlleg ginn an et wier vill besser fir d’Kanner!

    Répondre
    • 31 mai 2018 à 13 h 21 min
      Permalink

      Dozou kann ech nemmen soen « RICHTEG ESOU »

      Répondre
  • 19 avril 2018 à 18 h 27 min
    Permalink

    Mir verkafen Liewenszäit géint Geld ouni ze wëssen wat Geld ass a wéi et funktionéiert. Mir probéieren mat Konsum Gléck ze produzéieren ouni ze wëssen, wat ons glécklech mécht. Mir glorifizéieren d’Demokratien ouni ze wëssen wat dat Wuert iwwerhapt heescht. Firwat gëtt an de Medien e Bild vun der moderner Fra verkaaft, déi schaffe geet? Firwat gëtt de Mann an der Werbung nach just als Hampelmann presentéiert? Firwat gi Kanner, déi méi aktiv am Denken sinn mat Drogen konform gemaach? Kann dee beschten Erzéier, e Papp oder eng Mamm ersetzen? Wat sollen di Erzéier vermëttlen an wien entscheed dat? Firwat ënnerstëtzt all Regierung an Europa e System, wou d’Famill mat hiren ursprénglëchsten Fonktiounen zerstéiert gëtt? Geet et wierklech ëm d’Kanner oder geet et ëm d’Gesellschaft vu muer, déi haut scho geplangt ass? Et läit bei ons, ob mir matspillen oder nei Weeër sichen! An, jo, et ginn der!…

    Répondre
    • 31 mai 2018 à 13 h 29 min
      Permalink

      Et ass jo wierklech esou traureg, dass fir dat Materiellt op der Welt, alles
      gemaach gëtt, fir Geld a Muecht, awer fir d`Liewen, fir Kanner, aal Leit, krank Leit,
      an haptsächlech fir d`Familljen als Ganzt, ëmmer manner.
      Eng Fra oder e Mann as näischt Wäert, wann e wëll bei senge Kanner sinn,
      an se net nëmmen a Friembetreiung wëll ginn, Wirtschaft, Wirtschaft, dat muss
      fluppen, et ass einfach traureg…………….

      Répondre
  • 24 avril 2018 à 14 h 17 min
    Permalink

    Ech kennen ganz vill Kanner, an di sinn am léifsten bei hiren Elteren (ech weess dat), suguer, deels meng Teenien am Lycée. Si hu sech deels esou eleng doheem gefillt (well d’Elteren zu 2 schaffen) dass se fräiwëlleg bei maer an der Schoul bliwwen sinn, wann ech no 2 Auer nach do eppes ze knëschelen hat. An déi hunn hier Elteren esou vermësst! Traureg eigentlech! Ech woar gär an der Schoul, awer gefreet hunn ech mech fir heem, wann se eriwwer war, wou ech wousst dass een do war, deen ËMMER en oppent Ouer hat fir meng Problemer, nämlech meng gutt Mamm. Wat e Luxus, a wéi schued, dass dat an esou engem räiche Land wi Lëtzebuerg, haut e Luxus ass.

    Répondre
  • 29 avril 2018 à 12 h 20 min
    Permalink

    Ëmmer méi eng grouss Offerte vun Kannerstrukturen, Maison relais an Crêchen, dat ass dee falschen Wee. Wat se do alles sollen léieren, kréien se méi flott an einfach an den Sportvereiner an Musékschoulen an léieren do, mat aneren Kanner all Sproochen di se brauchen, vum selwen.

    1. Elteren kréien net mé mat, wéi hier Kanner sin
    2. Sportvereiner kréien keng Kanner zu normalen Zäiten an hier sou wichtig Aktivitéiten; Strukturen bréngen Kanner net a schränkt Vereiner extrem an, an hieren Organisatiounen.
    3. Den Musékunterricht leid och enorm, dat Kanner ze vill an Strukturen sinn; si kënnen hiert Instrument guer net, üben iwwert d’Woch an de Weekend ass Rou:). Mëttesstonn konnten mir ëmmer Musékcoursen halen; ass elo doduerch, datt d’Schoul riecht duerch bis 14.30 oder 15.30, Schoul hunn onméiglech ginn an Zäit duerno ass enorm ageschränkt ginn.
    4. Och Samsdes hun nach Kanner am Eisleck Schoul; si sinn net all dispo fir aner Aktivitéiten.

    Well se net méi genuch sech selwer kënnen beschäftigen mat Sport a Musék huelen Agressivitéiten och zou, well nëmmen nach méi « agespaart » sinn an den Maison relais an Crêchen, dat soll Noutléisung bleiwen!!

    Répondre
  • 1 mai 2018 à 7 h 04 min
    Permalink

    Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
    An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.

    Répondre
  • 9 mai 2018 à 12 h 24 min
    Permalink

    Et wär dach alles sou einfach! De Staat bräicht nëmmen déiselwecht Somme un déi Elteren ze ginn, déi wëllen déi éischt 3 Joer doheem bei hire Kanner bleiwen, mat der Bedingung, datt se gingen hiren Bäitrag an d’Pensiounskeess bezuelen, a schonns wieren se ofgeséchert !

    Répondre
  • 21 mai 2018 à 18 h 36 min
    Permalink

    « On valorise trop les choix rationnels,,,. On ment à l’homme: on lui fait croire que sa grandeur, c’est d’être intelligent et rationnel, alors que la vie est plus compliquée et qu’il y a des choses qui sont supérieures à la raison. » (Charles Pépin, philosophe)

    Répondre
  • 24 mai 2018 à 11 h 30 min
    Permalink

    „Wer unter Druck und Stress steht, wird auch in seinen Beziehungen eher trockene Rationen austeilen, Stress ist nun einmal ein sehr effektiver Beziehungskiller. Und deshalb wird sich niemand wundern, dass auch das Klima in der Gesellschaft einen Einfluss darauf hat, welche »Kinderbilder« gerade im Angebot sind. Wo die Erwachsenen unter Stress stehen, sich fürchten oder in ihrem Selbstwertgefühl beschädigt sind, dominieren auch in Bezug auf die Kinder, eher die harten, pessimistischen Töne. (Dr Herbert Renz-Polster)

    Répondre
  • 29 mai 2018 à 13 h 13 min
    Permalink

    Bei der ADR steet d’Kand , seng Bedürfnisser an seng Rechter wierklech am Mëttelpunkt, an dat net nëmmen um Pabeier.
    Si fuerdert och fir déi Elteren doheem, déi hir Kanner wëllen déi éischt Joren selwer erzéien, déiselwecht Ennerstëtzung wéi fir déi, déi wëllen schaffen goen,
    a si trëtt bei allem an fir den fräie Choix.

    Répondre
  • 30 mai 2018 à 17 h 07 min
    Permalink

    Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
    An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.

    Répondre
  • 24 juin 2018 à 11 h 40 min
    Permalink

    Wann d’Kanner an der Schoul solle matkommen, ass d’Léisung net, per force an der Crèche, Franséisch ze léieren, mä et ass all Dag, wou se an der Schoul solle matkommen, d’Hausaufgaben maachen, liesen a verstoen, wat se léieren. A wann d’Elteren sech interesséieren fir dat, wat se an der Schoul léieren, sinn se op der gewonnener Säit.

    Répondre