Veronsécherung an Angscht
« E Grashalm wiisst och net méi séier well een un ëm zitt » heescht et!
Dat ass awer genee dat, wat probéiert gëtt ze maachen, wa mer de Kanner hire Rhythmus net respektéieren, de Puppelchen ze fréi vun senger Mamm, sengem Papp trennen. Engem klenge Kand schonn e ganze Fërderprogramm presentéieren, him friem Sproochen bäibréngen, wou en seng Mammeprooch nach net beherrscht.
An d’Elteren sinn am Moment esou veronséchert, dass se fäerten eppes Falsches ze maachen, wann se hire Puppelchen net mat Zäit en eng Crèche bréngen.
Si hunn Angscht, d’Kand géif eppes verpassen, si hunn Angscht, et géif net nokommen, spéiderhin an der Schoul. De Minister seet et jo och ganz houfreg, dass mat dem sproochlechen Fréifërderungsprogramm, d’Kanner staark ginn an dass se fir d’Zukunft gewappnet sinn.
A wat sinn d’Konsequenzen? Dass d’Elteren onséscher, nervös an ängschtlech ginn. Dass se d’Impressioun hunn, hire Rôle wär net esou wichteg. Dass se net méi op hiert Häerz lauschteren. An dat ass de sprangende Punkt: eng Mamm weess ganz genee, wann hiert Këndchen prett ass fir hir Hand e bessi méi lass ze loossen. Eng Mamm spiert ganz genee, wéi se gebraucht gëtt vun hirem Puppelchen. A mat e puer Informatiounscampagnen gëtt vermëttelt, dat Wichtegst fir d’Kand wären Fréfërderung, Chancegläichheet, Sozialisatioun. Wéi seet d’Caroline Zintz, Psychothérapeutin : « Notre époque se caractérise par le « forcing » pédagogique au nom d’une idéologie portée par la volonté de performance élitiste intellectuelle… Suite >>
Liest och:
Nivellement vers le bas, vum Michèle Gantenbein
Gëft fir d’Entwécklung vum Gehir, vum Sarah Bock
An Zukunft, eng krank Gesellschaft? vum Chantal Weis
Di wäertvollst Aufgab, en Interview mam Jutta Lux-Hennecke
Mir ënnerstëtzen och d‘Petitioun Nr 1024 fir dass di steierlech Ongerechtegkeet fir Familles monoparentales, soll endlech ophéieren
uni.lu : Konferenz : „Männer an der ausserschoulescher Kannerbetreiung
Datum : 21. Juni 2018
Famill.lu an Méi Elteren, manner Staat : dat selwecht Engagement fir d’Wuel vun de Kanner an d’Wuel vun den Elteren
Famill.lu: All Dag, Är Commentairen, all Méindes nei Artikelen
Liens utiles :
Initiativ Liewensufank: www.liewensufank.lu
Association pour la vie naissante: http://www.vienaissante.lu/
FAPEL: http://www.fapel.lu/
(dës Lëscht kann gären completéiert ginn, sot eis Bescheed).
Ech spillen lo mol einfach « Lieschen Müller » a proposéieren eng Léisung: Wann déi Persoun, déi hier Kanner doheem betreit, géing als beruffstäteg ugesin géif ginn a géing eppes verdéngen mat däer Arabecht, da kéinten déi Meescht sech et leeschten, doheem ze bleiwen an déi Meescht géingen dat och maachen. Da géinge jo Milliarde gespuert kënne ginn, déi lo a « Strukturen » gestach ginn. Et ass jo schliesslech e Beruf (an net ze knapps). Vu, dass hautdesdaags awer déi Meescht zu 2 MUSSE schaffe goen, well si soss net iwwert d’Ronne kommen, leeft alles kromm hei. Dëslescht hun ech ënner engem aaneren Artikel gelies: Elteren menge jo sie MISSTEN zu 2 schaffe goen . Ech behaapte mol, dat sinn déi mannst. Mäi Rot un d’Politik: Maacht einfach aus Mamm/Papp e Beruff. Selbstverständlech mat Pflichten a Rechter. Gittt deem, deen dëse Beruff ausübt, eng Paie. Dat géif vill méi bëlleg ginn an et wier vill besser fir d’Kanner!
Dozou kann ech nemmen soen « RICHTEG ESOU »
Mir verkafen Liewenszäit géint Geld ouni ze wëssen wat Geld ass a wéi et funktionéiert. Mir probéieren mat Konsum Gléck ze produzéieren ouni ze wëssen, wat ons glécklech mécht. Mir glorifizéieren d’Demokratien ouni ze wëssen wat dat Wuert iwwerhapt heescht. Firwat gëtt an de Medien e Bild vun der moderner Fra verkaaft, déi schaffe geet? Firwat gëtt de Mann an der Werbung nach just als Hampelmann presentéiert? Firwat gi Kanner, déi méi aktiv am Denken sinn mat Drogen konform gemaach? Kann dee beschten Erzéier, e Papp oder eng Mamm ersetzen? Wat sollen di Erzéier vermëttlen an wien entscheed dat? Firwat ënnerstëtzt all Regierung an Europa e System, wou d’Famill mat hiren ursprénglëchsten Fonktiounen zerstéiert gëtt? Geet et wierklech ëm d’Kanner oder geet et ëm d’Gesellschaft vu muer, déi haut scho geplangt ass? Et läit bei ons, ob mir matspillen oder nei Weeër sichen! An, jo, et ginn der!…
Et ass jo wierklech esou traureg, dass fir dat Materiellt op der Welt, alles
gemaach gëtt, fir Geld a Muecht, awer fir d`Liewen, fir Kanner, aal Leit, krank Leit,
an haptsächlech fir d`Familljen als Ganzt, ëmmer manner.
Eng Fra oder e Mann as näischt Wäert, wann e wëll bei senge Kanner sinn,
an se net nëmmen a Friembetreiung wëll ginn, Wirtschaft, Wirtschaft, dat muss
fluppen, et ass einfach traureg…………….
Ech kennen ganz vill Kanner, an di sinn am léifsten bei hiren Elteren (ech weess dat), suguer, deels meng Teenien am Lycée. Si hu sech deels esou eleng doheem gefillt (well d’Elteren zu 2 schaffen) dass se fräiwëlleg bei maer an der Schoul bliwwen sinn, wann ech no 2 Auer nach do eppes ze knëschelen hat. An déi hunn hier Elteren esou vermësst! Traureg eigentlech! Ech woar gär an der Schoul, awer gefreet hunn ech mech fir heem, wann se eriwwer war, wou ech wousst dass een do war, deen ËMMER en oppent Ouer hat fir meng Problemer, nämlech meng gutt Mamm. Wat e Luxus, a wéi schued, dass dat an esou engem räiche Land wi Lëtzebuerg, haut e Luxus ass.
Ëmmer méi eng grouss Offerte vun Kannerstrukturen, Maison relais an Crêchen, dat ass dee falschen Wee. Wat se do alles sollen léieren, kréien se méi flott an einfach an den Sportvereiner an Musékschoulen an léieren do, mat aneren Kanner all Sproochen di se brauchen, vum selwen.
1. Elteren kréien net mé mat, wéi hier Kanner sin
2. Sportvereiner kréien keng Kanner zu normalen Zäiten an hier sou wichtig Aktivitéiten; Strukturen bréngen Kanner net a schränkt Vereiner extrem an, an hieren Organisatiounen.
3. Den Musékunterricht leid och enorm, dat Kanner ze vill an Strukturen sinn; si kënnen hiert Instrument guer net, üben iwwert d’Woch an de Weekend ass Rou:). Mëttesstonn konnten mir ëmmer Musékcoursen halen; ass elo doduerch, datt d’Schoul riecht duerch bis 14.30 oder 15.30, Schoul hunn onméiglech ginn an Zäit duerno ass enorm ageschränkt ginn.
4. Och Samsdes hun nach Kanner am Eisleck Schoul; si sinn net all dispo fir aner Aktivitéiten.
Well se net méi genuch sech selwer kënnen beschäftigen mat Sport a Musék huelen Agressivitéiten och zou, well nëmmen nach méi « agespaart » sinn an den Maison relais an Crêchen, dat soll Noutléisung bleiwen!!
Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.
Et wär dach alles sou einfach! De Staat bräicht nëmmen déiselwecht Somme un déi Elteren ze ginn, déi wëllen déi éischt 3 Joer doheem bei hire Kanner bleiwen, mat der Bedingung, datt se gingen hiren Bäitrag an d’Pensiounskeess bezuelen, a schonns wieren se ofgeséchert !
« On valorise trop les choix rationnels,,,. On ment à l’homme: on lui fait croire que sa grandeur, c’est d’être intelligent et rationnel, alors que la vie est plus compliquée et qu’il y a des choses qui sont supérieures à la raison. » (Charles Pépin, philosophe)
„Wer unter Druck und Stress steht, wird auch in seinen Beziehungen eher trockene Rationen austeilen, Stress ist nun einmal ein sehr effektiver Beziehungskiller. Und deshalb wird sich niemand wundern, dass auch das Klima in der Gesellschaft einen Einfluss darauf hat, welche »Kinderbilder« gerade im Angebot sind. Wo die Erwachsenen unter Stress stehen, sich fürchten oder in ihrem Selbstwertgefühl beschädigt sind, dominieren auch in Bezug auf die Kinder, eher die harten, pessimistischen Töne. (Dr Herbert Renz-Polster)
Bei der ADR steet d’Kand , seng Bedürfnisser an seng Rechter wierklech am Mëttelpunkt, an dat net nëmmen um Pabeier.
Si fuerdert och fir déi Elteren doheem, déi hir Kanner wëllen déi éischt Joren selwer erzéien, déiselwecht Ennerstëtzung wéi fir déi, déi wëllen schaffen goen,
a si trëtt bei allem an fir den fräie Choix.
Et ass effektiv esou, dass an der lescht mer vill Leit an eisem Ëmfeld erzielt hunn, wéi midd hir Kanner sinn, dass se kräischen, well se net méi (sou vill) an d’maison relais wëllen. Leit, déi virdrun awer ëmmer fonnt hunn, dass dat jo flott ass fir d’Kanner an och gutt fir se ass. Mat der Zäit fänkt e Kand un sech ze « wieren ». Et kann dat oft net verbal (an oft gëtt de Kanner net nogelauschtert!). Dofir äussert sech dat ënnert enger anerer Form: si sinn wibbeleg, midd, traureg, aggressiv, onmitivéiert, onkonzentréiert, hunn Schoulschwieregkeeten…
An elo ass et awer esou, dass d’Elteren, déi dat elo mierken an verstin, et änneren WËLLEN mee net onbedingt KËNNEN! De Patron accordéiert net, Stonnenreduzéierung. An genau DO misst eis Regierung eppes maachen. Deelzäitaarbecht misst accordéiert ginn! Ech schwätzen do net an engem Zäitraum, bis Kanner 18 Joër hunn, ma villait fir Kanner ënner 8 Joer. Dat wier jo mol een Léisungsusaatz. Well och wann Leit sech et finanziell kinnten leeschten manner ze schaffen, kënnen se sech et awer net leeschten, ze riskéieren hir Aarbecht ze verléieren.