Wa mer elo virun de Walen, duerch eis Stroossen fueren, gesi mer de Choix, dee mer hunn, tëschent deene ville Kandidaten, déi eis entgéint laachen.

Dat ass Demokratie, dat ass d’Fräiheet, fir déi eis Elteren, Grousselteren gekämpft hnn, suguer mol, hiert Liewen gelooss hunn. Eis Fräiheet, eise Choix fir di grouss Decisiounen an eisem Liewen, selwer kënnen ze entscheeden. Fräiheet, de Choix hunn: dat ass de Prinzip vun der Demokratie.

Mee, wann et ëm dat Wichtegst an eisem Liewen geet: eis Kanner – dann ass de Choix oft net méiglech. De Choix, doheem ze bleiwen, fir selwer hir Kanner ze betreien, ass den Elteren, an deene leschte Joeren ëmmer nees schwéier gemaach ginn.

Wa mer elo an e puer Wochen, eng nei Regierung hunn, muss d’Wuel vun de Kanner wierklech an de Mëttelpunkt réckelen. Et ginn dach sëlleche Themen, wou sech op Etuden referéiert gëtt, mee wann et ëm d’Kanner geet, da ginn se net gehéiert, wéi z.B.: am Kanada, wou 1997, en Experiment gemaach gouf. All Kand soll an eng Friembetreiung, vun héich qualitativem Personal encadréiert ginn. D’Kanner sinn bis an de Jugendalter suivéiert ginn. D’Resultat war, dass d’Kanner an och herno, als Jugendlecher, oft krank waren, d’Flemm haten, Angscht haten, aggressiv gi sinn. Och d’Mammen hunn enorm drënner gelidden. D’Experiment ass dunn och ofgebrach ginn. Mir mierken: mam Besoin vu Léift a Vertrauen spillt een net. Och den Dr Brisch hat et gesot, wéi en hei zu Lëtzebuerg war: „Da kommt eine Lawine auf uns zu“ – wann ze vill Kanner, ze laang a Friembetreiung sinn.

An dat gesi mer effektiv am Moment, sou wéi et di vill Temoignagen, Lieserbréiwer, Petitiounen, et an deene leschte Joeren gewisen hunn. Op dësem Punkt hu mer kee Choix méi: et muss sech villes fir eis Kanner änneren.

All Kand huet säin eegene Rhythmus an dee muss endlech respektéiert ginn. Och d’Elteren hunn hire Rhythmus a wann eng Mamm sech doudonglécklech spiert well se hir Kanner kaum gesäit, a wann, grouss Carrière maachen, net hir Prioritéit ass, da muss dat dach respektéiert ginn. Och déi Mamm ass e wäertvolle Mënsch…

Elteregeld fir säi Choix ze maachen: ganz doheem bleiwen an sech ëm d’Erzéiung këmmeren, oder deelweis schaffen, wann een säi Beruff ëmmer gären hat: wat och fir e Patron méi einfach ass, wann e weess, dass seng Mataarbechterin net mat engem Trauergesiicht schaffe kënnt.

Mir wëllen jo och muer nach, an engem Land liewen, wou een deen anere respektéiert, wou nach Frëndlechkeet a Versteestemech existéieren wou nach vu Léift ka geschwat ginn. Dat fänkt an der klenger Kandheet un, wann d’Kand sech respektéiert an acceptéiert fillt. Maacht also, Äre gudde Choix, nächste Sonndeg!

Isabelle Schmit-Mines

05.10.2023

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *