Wéini kënns De Heem?“, ass haut eng Fro, déi schwéier ze beäntweren ass. Op eise Stroossen, Stau, Stau, Stau. Sënnlose Stau, Waardezäiten, Roserei an Trauer sinn d’Konsequenzen fir all eenzelnen, wann en Dag fir Dag muss seng Zäit esou verléieren.

Besonnech dramatech ass et fir d’Kanner wann se op d’Mamma,de Pappa musse waarden, dramatesch ass et och, wann d’Elteren hir Kanner kaum ze gesi kréen.

Mir kennen jo de Modell vun der leschter Regierung: jiddereen soll schaffe goen. Dee Modell ass awer net opgaangen, wéi mer dat bei deene villen Temoignagen matkritt hunn. En huet sech a ville Fäll als Desaster erwisen, en Desaster, deen sech net méi däerf widderhuelen.

Do kéint, di nei Regierung, déi mer an enger Woch wielen, grad eppes bäidroen, fir e puer Problemer mateneen ze léisen: Manner Stau, manner Ëmweltverschmotzung, an endlech, méi ausgeglache Kanner, méi ausgeglachen Elteren. Dat wär méiglech wann se den Elteren de Choix géif loossen, déi Mamm oder dee Papp ënnerstëtzen, deen eng Zäit wëll doheem bleiwen an eng Compensation, en Elteregeld ginn. Mir gesi jo op de d’Walplakaten, an de Walbrochüren wat fir e groussen Accent op de Klima geluecht gëtt. Sou brauche mer eng Regierung, eng nei Regierung, déi och Verantwortung hëlt, fir di Schwächst vun eiser Gesellschaft, eis Kanner, déi sech net kënne wieren.  Mir wëllen eng Regierung, déi agesäit, dass eng Famill – Elteren a Kanner – net en almoudesche Modell ass, mee d’Basis fir eng stabil a gesond Gesellschaft. An dass dat net verluer ass, wann an d’Familljen investéiert gëtt.

Et war jo de Bildungsminister dee villes decidéiert hat. Hien wëll mam Progrès goen, wat jo och a verschidde Punkten verständlech ass. D’Digitalisatioun ass an der Schoul wäit gefouert ginn fir d’Kanner op di nei Technologien ze preparéiern. Mee, wat mécht elo Schweden? Do ginn an de Schoulen nees d’Bicher agefouert, well erauskomm ass, dass d’Kanner esou besser léieren wéi mat Computeren.

A wa mer schonn beim Thema Schoul sinn: mir kënnen nëmmen en dréngenden Appel un di nächst Regierung maachen – sief et de Bildungsminister, sief et de Gesondheetsminister – deem fuerchtbare Plang vun der OMS net nozeginn: eng Fréisexualiséierung vun de Kanner dat géif dee nächsten Desaster ginn. Kleng Kanner mat Sujeeën ze konfrontéieren, déi net fir hiren Alter bestëmmt sinn, suguer ofstoussend op si awierken, géif d’Enn vun der Kandheet bedeiten, géif d’Kriminalitéit an d’Vergewaltegungen an d’Luucht dreiwen. Mir mussen, coûte que coûte, eis Kanner schützen, dass se net iergendenger Ideologie zum Opfer falen.*

Di nächst Regierung soll sech zum Zil setzen, d’Basis ze schafen, fir eise Kanner eng gesond a glécklech Kandheet ze erméiglechen, am Respekt vun hirem Rhythmus, deen fir all Kand anescht ass. D’Petitiounen hu gewisen, dass mer eng Regierung brauchen, déi net méi acceptéiert, dass d’Kanner all an di selwech Schinn gedrängt ginn, well eng eenzeg Iddi prioritär ass. D’Kannerwuel muss ëmmer am Virdergronn vun de politeschen Entscheedungen stoen“, seet den Luc Firmin Martiny. 

Isabelle Schmit-Mines

27.09.2023

*https://www.sante-sexuelle.ch/assets/docs/Standards-OMS_fr.pdf?fbclid=IwAR0n-0lwfwtBRD82mQtvADHTegcy5MhDXXNtQcGPbJhmG5Ii_gw0aCQsc2E

————————————————————————————————–

Liest och:

Et gëtt héich Zäit“eisen Artikel nom Luc Firmin Martiny, senger Petitioun: “Elteregeld amplaz vun institutionnellen Ariichtungen“

 Soll kee méi doheem sinn?, eisen Artikel nom Jules Clement, senger Petitioun : “Ënnerstëtzung fir d’Elteren, deenen hir Kanner net an eng Maison-Relais ginn“. 

De Lieserbréif vum Malou Hoffmann: „C’est affreux“: si schwätzt iwwer der OMS hiren onmënschleche Plang fir eis Kanner

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *