© Kerstin Pukall, Hamburg

Den 17. September hate mer op d‘Aluedung vun der ADR hin, déi eenzegarteg Geleeënheet e Virtrag ze héieren vun der bekannter däitscher Journalistin, Publizistin a Mamm vu véier Kanner, der Birgit Kelle, déi eis hiert Buch: “Noch normal, das lässt sich gendern“ virgestallt huet.

Si huet et meeschterhaft verstanen, an einfachen, fir jidderee verständleche Wierder op d‘Onsënnegkeet vum Gender-Mainstreaming hinzeweisen, deen eis an de leschte Joeren vun uewen erof, an de Kanner, opgezwonge gëtt, a sech lues a lues an alle Schichten vun der Gesellschaft breet mécht.

Souguer virun den Unien mécht en net Halt, wou een sech muss verflichten d‘Gendersprooch, eng total onsënneg Verstümmelung vun der Sprooch, ze gebrauchen, wann een net wëllt riskéieren, Punkten, oder souguer seng Plaz ze verléieren.

Sou entwéckelt de Genderismus sech zu enger Art Diktatur géint de gesonde Mënscheverstand, deen, gekoppelt mat der Cancelkultur, jidder fräi Meenungsäusserung ënner de Verdacht vun enger Diskriminatioun stellt.

Statt dem Respekt virun der Würde vun jidder Persoun, wéi dat d‘Mënscherechtserklärung verlaangt, ginn d‘Mënschen a Gruppen agedeelt, wou de Minoritéiten gläich wéi enger Aart, automatesch eng Opferroll zougeschriwwen, an mussen dofir prioritär behandelt ginn!

Gläichzäiteg kann och den Individuum fräi bestëmmen, wéi engem Geschlecht oder aner Kategorie en sech zougehéireg fillt, an dat muss akzeptéiert ginn.

D‘Resultat ass déi total Belibegkeet, an de virprogramméierte Chaos op alle Gebidder.

Trotzdem huet d‘Birgitte Kelle d‘Hoffnung ausgedréckt, datt sech schlussendlech genuch Leit géint déi Ideologien wieren, fir eng Ëmkéier zur Normalitéit ze bewierken,

No dëser äusserst interessanter Ried konnten nach verschidden bekannt Perséinlechkeeten hir Bemierkungen an Gedanken dozou ausdrécken, ier de beandrockten an nodenkleche Publikum auserneen gaangen ass.

Marie-Andrée Faber

05.10.2021


D‘Birgit Kelle ass fräi Journalistin, Mamm vu 4 Kanner, an setzt sech scho säit Joeren an fir d’Fra, als Fra, als Mamm. Elo ass se op d’Gender Ideologie gestouss, wou se net lass léisst fir eis op d’Geforen vun deem Mouvement opmierksam ze maachen. Si ass oft an Talkshows, Diskussiounsronnen gefrot, wou se ëmmer nees d’Partie hëlt vun der Fra a vun de Kanner. Hiert neitste Buch „Noch normal? Das lässt sich gendern“ ass am FBV Verlag erauskomm. Frot no bei Ärem Libraire!


Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *