Gitt och Dir e Klimaheld“ steet an der Brochüre „Cool“, déi mer dëslescht an d’Haus kritt hunn. Natierlech geet de Klima eis all eppes un. Iddien ginn hei presentéiert: Solarzellen op d’Diecher, méi mam Bus fueren, dat kenne mer jo schonn sou lues…

Och d’Regierung, setzt de Klima als prioritär un. Wat wär dann elo konkret?

Wa mer wëlle konkret ginn, geet et net duer, Taxen dauernd an d’Luucht ze maachen, et geet net duer, de Mënschen, ze soen, si sollen de Bus huelen, well d’Praxis weist scho laang, dass een oft méi laang mam Bus ënnerwee ass wéi mam Auto.

Besonnesch fir d’Elteren, déi Kanner hunn, déi op se waarden, ass et nervenzerräissend am Stau ze stoen, am Bus ze sëtzen, wann et einfach net viru geet.

Di vill Stauen, déi mer all Dag gesinn, si bestëmmt Gëft fir d’Ëmwelt, mä och fir d’Mënschen.

Wann d’Regierung schonn de Klima als prioritär ugesäit, wär de Moment komm, fir endlech och den Elteren entgéint ze kommen. Wann se wëll konsequent sinn, dann ass et och, där Mamm, deem Papp, entgéint ze kommen, déi eng Zäit wëllen doheem bleiwen, fir hir Kanner. Da wär méi Rou op eise Stroossen, méi Rou doheem. Wéi oft kréie mer Temoignagen, vun den Elteren, dass hir kleng Kanner während der Krise, manner opgedréint waren. Kéint dat eis net eng Léier sinn?

Firwat gëtt méi vu Klimaschutz, Ëmweltschutz geschwat wéi vu Kannerschutz? « Einer Gelbbauch-Unke wird von den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist… ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm« , (Lena Kürschner; aus dem Buch « Vater, Mutter Staat« , vum Rainer Stadler).

Wa mer ëmmer nees vu Klima schwätzen, vergiesse mer beemol de Mënsch, mir vergiessen d’Elteren, mir vergiessen d’Kanner. Well, et gëtt Zäit, nees vun de Kanner, vun hiren fundamentale Besoinen ze schwätzen, fir dass muer eis Gesellschaft och nach liewenswäert a mënschlech bleift. Et muss nees vu Léift, vun Affectioun geschwat ginn, déi d’Kanner brauchen. Si brauchen dat zolitt Fundament, fir net beim éischte Stuerm ëmzefalen, wéi den Gilbert Pregno, Psycholog, et ëmmer nees widderhëlt.

De Premier sot an senger Ried zu der Lag vun der Natioun, d’Eltere sollen nach méi Flexibilitéit an Zäit mat hire Kanner kréien. E „Work-Life-Balance-Pak“ géif ausgeschaaf ginn an e Recht op Deelzäit, suguer géif de Staat en Deel vun de Cotisatiounen iwwerhuelen.*

Op där anerer Säit seet en, dass Kanner vu manner bemëttelten Elteren e waaremt Mëttegiessen fir näischt géifen an der Schoul kréien. Domadden gëtt en jo awer nees de Message, d’Elteren brauchen sech net ëm hir Kanner ze këmmeren, de Staat iwwerhëlt dat. Wëllen d’Elteren dat, wëllen d’Kanner dat?

Wann d’Regierung schonn esou vill vun Ëmwelt schwätzt, dann muss se den Elteren, déi et wëllen hunn, och finanziell entgéint kommen, dass se dat permanent Gerenns net méi brauchen ze maachen, dass se sech doheem kënnen ëm hir Kanner këmmeren.. „Ee Kand ass eis esou vill Wäert wéi dat anert“ huet et eng Kéier geheescht. Da soll dee Saz och an d’Praxis ëmgesat ginn.

Ouni dat Gerenns, e Plus fir d’Kanner, e Plus fir d’Elteren, e Plus fir d’Ëmwelt – dat soll jo um Programm sinn, oder? Wa schonn – da schonn!

Isabelle Schmit-Mines

13.10.2021

*RTL, den 12.10.2021

——————————————————————————————————————–

Liest och:

Mamma, Pappa“:  « …Mä, eis „Nei Zäit“ wëll dës Begrëffer net méi. Eis „Nei Zäit“ wëll, keng Mamm, kee Papp méi. Papp a Mamm sinn also inexistent. Elteren: inexistent. Sou gesäit et di nei Verfassung vir, déi mer elo geschwënn solle kréien »

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *