Sinn et di sozial Medien, ass et d’Schoul, déi Kanner a Jugendlecher influenzéieren: wann si sech net wuel an hirer Haut spieren – an dat kënnt jo mol an der Fréipubertéit an an der Pubertéit fir – kréien se suggeréiert, si wären an deem falsche Kierper.

Dat heescht, beemol, mengt e Jong e wier besser drun, wann en e Meedche wär, an ëmgedréint och.

Wann een als „normale“ Bierger, sech seet, dass dat emol eng Phas ass, déi net laang undauert, ass et deene Kanner seriös gemengt an et gëtt fir si eng Obsessioun.

Si maachen sech dann op de Wee – a verschidde Länner, suguer, ouni dass d’Elteren eppes dovunner wëssen – an eng Klinik, déi hinnen dann „hëlleft“, sech en anere Kierper opzebauen. Duerno dann ginn d’Dramen un, mee dovunner sinn d’Kanner natierlech näischt gewuer ginn. An hirer Phantasie haten si geduecht, e neit Liewen unzefänken, mee, just de Contraire geschitt.

Fir Iech e Beispill ze ginn: an der Tavistock-Klinik zu London, 94 Mannerjährecher, déi sech gemellt haten, am Joer, 2018, waren et der iwwer 2.500.*

Et ginn effektiv jonk Leit, déi sech net kënnen mat hirem „Jongsinn“ oder „Meedchensinn“ identifizéieren. An si leiden wierklech drënner, an dat vu klengem un.

Mee, elo, dass e neien Trend gefërdert gëtt, dass een, no enger Laun, sech, mir näischt, dir näischt, soll operéiere loossen, ass irresponsabel.

Well, wat sinn d’Konsequenzen? Spiert de Mënsch sech besser? Huet en eng nei Identitéit fonnt, déi him Satisfactioun gëtt? Wéi sinn d’Konsequenzen physesch, psychesch?

Physech: éischtens, ass et eng Operatioun, en déiwen Agrëff, deen de ganze Kierper betrëfft. Duerno dann, bleift deem „neie Jong“, deem „neie Meedchen“, näischt anescht iwwreg, wéi, säi ganzt Liewe laang, Medikamenter ze schlécken, well de Kierper huet jo elo aner Fonktiounen kritt.

Psychologesch: deen Aspekt ass och net ze vergiessen, well egal wat eis verzielt gëtt, e Meedchen spiert anescht, gesäit d’Saachen anescht wéi e Jong, an do entsteet e Konflikt, sou dass dee neie Mënsch sech praktesch ni eng nei Identitéit kann schaafen. (Ech schwätzen net vun deene Kanner, déi wierklech Sehnsucht no engem aneren Mënschesinn hunn).

Och wann d’Wëssenschaft haut enorm vill Méiglechkeete huet, muss dat dann eng Ursaach sinn, fir esou vill Kanner als Cobaye ze huelen, hinnen d’Wourecht net ze soen, dass hiert neit Liewen net onbedéngt esou gëtt, wéi si sech dat virgestallt haten. Alt nees sinn d’Kanner, d’Opfer vun enger Iddi, wou mat hirer Onschëllegkeet gespillt gëtt, eben, well se villes, an hire jonke Joeren nach net wëssen.

Et kann een sech di berechtegt Fro stellen, wéisou beemol, esou en Trend an d’Welt gesat gouf a jiddereen soll sech selwer seng Äntwert ginn…

Dofir, nees sinn Elteren gefuerdert fir mat hire Kanner ze schwätzen, an hinnen kloer an däitlech ze maachen, dass esou eng Operatioun keng Bagatelle ass, och wann se géifen dat an enger Klinik gesot kréien an dass et en déiwen Abroch ass, deen hir Perséinlechkeet zerstéiere kann an ni méi gutt ze maachen ass.

Isabelle Schmit-Mines

05.10.21

*Birgit Kelle an hirem Buch: „Noch normal? Das lässt sich gendern“


Liest och:

Zum Virtrag vum Birgit Kelle, zu Lëtzebuerg, den 17. September, vum

Marie-Andrée Faber

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *