Wien héiert dann d’Kanner?

A wat ass da mar?

Wann et elo scho bal net méi méiglech ass, sech eng Wunnéng ze leeschten, wann d’Elteren elo schonn zu zwee musse schaffen fir iwwerhaapt kënnen hire Kanner eppes ze bidden – wat ass da mar?

D’Regierung schéngt machtlos ze sinn géint d’Explosioun vun de Wunnéngspräisser. Mä dann ass et hir Pflicht, endlech d’Elteren besser z’ënnerstëtzen, dass si och mar nach en Dach iwwer dem Kapp hunn.

Mä d’Regierung setzt alles op d’Aarbecht, sou wéi d’Familljeministesch et op RTL gesot hat:

Wa mer d’Leit net am Aarmutsrisiko wëllen hunn, da musse mer se encouragéieren an der Aarbecht ze bleiwen an hinnen awer genuch Zäit ginn, fir sech eben och ëm hir Kanner ze këmmeren oder soss Hobbyen ze hunn. » (RTL, den 21. Februar 2020)

Dat geet eventuell fir déi Mënschen, déi no, bei hirer Aarbecht wunnen. Mä fir di aner? 40 Stonnen d’Woch schaffen, de Wee fir op d’Aarbecht, hin an zeréck, deen oft scho laang ass, dann di endlos Stauen, esou laang dass een oft net weess, wéini een heemkënnt. An dann nach Zäit hunn!?

Dat géif eventuell goen, wa jidereen heemkënnt a jiddereen wär zefridden a frou. Nee, d’Kanner si midd, d’Elteren si midd an oft geet et net ouni Gegranz.

Dann soll mer och nach eis Wunneng propper hunn, d’Wäsch muss gemaach ginn, d’Iessen preparéiert ginn, wa méiglech net all Dag Pizza, asw… An dat soll alles esou niewelaanscht geschéien? An do sollen d’Elteren nach voller Energie sinn „fir sech eben och ëm hir Kanner ze këmmeren oder soss Hobbyen ze hunn. » Kannererzéiung als Hobby?

Et ass all Dag, wou d’Kanner mussen Zouwennung hunn, et ass all Dag, wou een sech muss / wëll mat hinne beschäftegen, mat hinne schwätzen, hinnen nolauschteren. Et ass all Dag wou muss no den Hausaufgaben gekuckt ginn. Wat gëtt aus de Kanner, wann se net matkommen an der Schoul, well keen sech méi Zäit kann huelen, well keen méi Zäit huet, hinnen dat z’erklären, wat se net verstanen hunn? Dat soll dann de Weekend nogeholl ginn? An der Theorie ass alles esou einfach, mä d’Praxis gesäit anescht aus.

Et ass ze vill einfach, alles op den Elteren hir Schëllereren ze leeën, an se eleng ze loossen mat hire grousse Laaschten.

Lues a lues gëtt jo och dovunner geschwat, dass vill Mammen an d’Depressioun falen, dass se de Burnout hunn. Firwat da wuel? Eben, well si et oft net méi packen. Physech net méi packen, psychesch net méi packen, well se wëssen, well se spieren, dass se an eng Schinn gedrängt ginn, déi se eigentlech net wollten hunn, wéi se Kanner kruten: gären géifen se vill méi do sinn fir hir Kanner, mä d’Ëmstänn, di finanziell Situatioun, di wéineg Ënnerstëtzung maachen et quasi onméiglech.

Wou bleift d’Hëllef vum Staat?

Da kréie mer gesot: de Congé parental huet esou vill Succès. Jo, mä deen hëlleft den Elteren nëmmen eng kuerz Zäit.

Da kréie mer gesot: et gëtt jo eng „allocation de la vie chère“. Jo, fir déi Leit, déi wierklech näischt hunn. Mä et ginn och Leit an der Mëttelschicht, déi schaffen, an trotzdem, bal net iwwer d’Ronne kommen.

Wat fir eng Léisungen hätte mer dann?

Mir hunn et schonn oft gefrot: déi Elteren, déi sech eng Auszäit wëllen huelen, sollen grad esou ënnerstëtzt ginn, wéi déi Elteren, déi hir Kanner friembetreie loossen.

Den Elteren beim Kaf, resp., beim Loyer vun hirer Wunnéng hëllefen.

40 Stonne schaffen ass oft ze vill fir d’Elteren an och fir d’Kanner, déi hir Elteren quasi net gesinn. All Pediater, all Psycholog seet et: dat kann net opgoen, dat kann net esou weidergoen. Also wär och eng Léisung, d’Aarbechtszäiten ze reduzéieren. A Schweden si scho Betriber, déi dee Modell proposéieren an et fonktionéiert gutt. De Betriber, ënner d’Äerm gräifen fir nei Mataarbechter, etc.

D’Kannergeld erhéijen an dem Index upassen.

Fir d’Zukunft brauche mer staark Kanner – sou wéi d’Regierung et gären hätt. Mir brauchen ausgeglache Kanner: mä dat geet nëmmen, wann se genuch Léift kréien, wann se genuch Affectioun kréien, dass se Vertrauen an d’Liewen hunn. Wann se och genuch fräiraum hunn fir hirer Kreativitéit fräie Laaf ze loossen.

Well e Kand, wat traureg oder rosen ass, léiert näischt, och wann di pädagogesche Programmer nach esou perfekt sinn.

Et ass haut, wou mer d’Kanner op mar preparéieren. An do muss jiddereen mathëllefen och eng Regierung.

Isabelle Schmit-Mines

03.03.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *