Respekt!?

Keng Zeitung, déi mer opmaachen, keen Internet dee mer duerchkucken, ouni op di (nei) Wierder ze falen wéi „Klimaschutz“, „Naturschutz“, „Ëmweltschutz“, „Artenschutz“, „Déierschutz“, asw.

A wou bleift dann de Mënsch??

Wéi schütze mer da Bebeeën, kleng Kanner, déi eng Friembetreiung net verdroen? Wéi vill vun hinnen ginn net eens, wann d’Trennung vun den Elteren ze fréi ass. Wéi vill vun hinnen verdroen de Kaméidi net. Wéi villl vun hinnen kéinten sech besser an enger méi roueger Atmosphäre entwéckelen. Wéi vill vun hinnen sinn vun Moies 7 bis Owes 7 an enger Crèche, enger Maison Relais well d’Elteren obligéiert sinn zu zwee ze schaffen. Aggressivitéit, Nervositéit, Onzefriddenheet, Trauer erliewen vill Kanner, Dag fir Dag, well se hir fundamental Besoine vun Léift, vun Halt, net genuch gestëllt kréien. Well oft keng Zäit fir se do ass. Léiwer gëtt a „Sachleeschtungen“ investéiert, wéi an eng Mamm, e Papp, déi sech mat ganzem Häerzen wéilten ëm hir Kanner këmmeren.

«Einer Gelbbauch-Unke wird von den den Grünen mehr Respekt entgegengebracht, als einem weinenden Kleinkind oder einer Mutter, die gern und mit ganzer Seele Mutter ist … ein einjähriges Kind braucht kein Bildungsprogramm, sondern ein Bindungsprogramm… Warum soll mühsam eine Ersatzbindungsperson konstruiert werde, wenn in den meisten Fällen, das Original zur Verfügung steht », sot di gréng Politikerin Lena Kürchner an engem Bréif… un di Gréng.
Wéi vill Respekt weise mer enger Mamm, engem Papp, déi hire Kanner déi Trauer gären géifen erspueren, mä dann riskéieren, keen Dach méi iwwer dem Kapp ze hunn?

Wou bleift de Respekt virum Liewen, wann een den Avortement banaliséiert, net dovunner schwätzt, dass et e Wiesen ass, deem säin Häerz schonn vum 22. Dag un, schléit, net dovunner schwätzt, dass vill jonk Fraen, schwéier iwwer déi „Operatioun“ ewechkommen, wann si se eng Kéier matgemaach hunn.

Och den Ryadh Sallem, „Ambassadeur du handisport français“, huet an der “L’heure des pros” op CNews, vun der Incoherenz vun eiser Gesellschaft geschwat, déi op där enger Säit, d’Inclusioun vun den Handicapéierten preconiséiert an op där anerer Säit, séier drop aus ass, en Avortement duerchzeféieren, wann eng Malformatioun detektéiert gouf.

Regelmässeg informéieren eis d’Medien iwwer d’Gewalt, déi géint d’Fraen geschitt. Ass dat keng Gewalt géint d’Fraen, wa mer eng Leihmutter beoptragen, e Puppelchen, 9 Méint laang ze droen, en op d’Welt ze setzen an se obligéieren, en direkt duerno hirzeginn?

Mir si stolz, dass mer e Gesetz hunn, dat d’Kanneraarbecht verbidd, hunn awer keng Bedenken, Kanner an Afrika, ënner onmënschleche Conditioune schaffen ze loossen, fir eis Elektroautoen, fir dass EIS Ëmwelt propper ass.

Dag fir Dag gëtt geschwat, geschriwwen, et wär Solidaritéit gefrot fir di ganz Welt, mir wären all responsabel duerfir.

Mir mierken awer leider, dass et oft d’Decideure sinn, déi ganz aner Iddien hunn.

Am Numm vu Fräiheet, vu Business, vu Progrès, kann eng Gesellschaft, sech net alles erlaaben. Eng Gesellschaft huet och d’Pflicht, z’iwwerleeën, wéi se wëll, dass d’Kanner vun haut – di Erwuessener vu mar, d’Welt solle gestalten.

Elo, wou mer 75 Joer, Fräiheet feieren, elo wou mer un dat Ondenkbart, un di Greueltaten denken, déi am 2. Weltkrich geschitt sinn, musse mer eis ëmmer virun Aen halen, wat fir eng Messagen, mer eise Kanner, fir hir Zukunft matginn.

D’Kanner gleewen engem eréischt richteg, wann een hinnen, als Erwuessener e Beispill ass, wann dat wat ee seet, och dat ass, wat ee mécht.

Dat sinn di Repèren, déi se hunn.

Sans la culture et la bonté, la barbarie aurait triomphé“ (Sirius, « La fin d’un cauchemar », Luxemburger Wort, 23 janvier 2020).

Eise Kanner de Respekt an d’Bienveillance léieren a virliewen, hinne weisen, wéi couragéiert Mënschen, eis Welt virubruecht hunn – dat ass net almoudesch, mä liewenswichteg.

Isabelle Schmit-Mines

13.02.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *