Mäi Beitrag zum internationalen Fraendag

Offene Bréif un eis aktuell Regierung,

besonnesch un d’Familljeministesch an un de Bildungsminister!

« D’Kand steet fir eis am Mëttelpunkt! » sot dir dauernd.
Ech woen dat ze bezweifelen, jo ze behaapten, datt just de Géigendeel de Fall ass !
Gëscht hunn ech d’DP op Facebook gefrot, wat si fir déi selwererzéiend Mammen a Pappen mécht, an ech krut vum Congé parental, gratis Stonnen an der Crèche, optiméierter Friembetreiung a Saachleeschtungen geschriwwen !

Kréie mer duerfir Kanner?

Dat si lauter Mesüren, déi deenen berufstätege Elteren zegutt kommen, an net deenen aneren Elteren fir déi wierklech d’Kanner d’Prioritéit hunn, déi den Kannerpsychologen a Bindungsforscher gleewen, déi haut schonn d’Alarmglacken schloen, an op di katastrophal Folgen vun enger verfréiter Friemerzéiung hiweisen.
Dat ass eng Chancenongläichheet an Diskriminatioun denen Elteren vis-à-vis !

Kënnt Dir Iech net virstellen datt ENG FRA gär MAMM an HAUSFRA ass, an déi éischt wichteg Joeren bei hirem Kand wëll bleiwen, fir déi schéinsten Zäit mat him ze genéissen, an sech sou selwer ka verwierklechen, ouni deem permanente Stress vun enger Duebelbelaaschtung ausgesat ze sinn ??

Marie-Andrée Faber

08.03.2020

2 pensées sur “Offene Bréif un eis aktuell Regierung”

  1. D’Familljen hu keng Rechter méi, ma nëmmen nach Flichten: si musse fir de Wuelstand an de Liewensstandard suergen, deen de Staat gär hätt; dass do d’Kanner op der Streck bleiwen ass hinnen egal.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *