DP

Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Appel gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

Fir d’DP spillen d‘Elteren eng zentral Roll fir déi gesond Entwécklung vum Kand. Fir d’Bindung tëscht Mamm, Papp a Kand ze stäerken gouf déi lescht Joren am Famillje- a Bildungsberäich eng Panoplie u Mesuren ëmgesat fir den Elteren méi Zäit mat hire Kanner ze ginn an esou d’Bindung ze stäerken. Dozou zielen ë.a d’Flexibiliséierung vum Congé parental an d’Erhéijung vum Pappecongé vun 2 op 10 Deeg.

Besonnesch erfreelech ass de grousse Sprong vun der Bedeelegung vun de Pappen um Congé parental. Dat féiert dozou, datt all d’Elterendeeler eng méi staark Roll am Familljeliewen iwwerhuele konnten an d’Relatioun mat de Kanner gestäerkt ginn ass.

Dës familljefrëndlech Reform huet dozou gefouert, datt kleng Kanner haut manner a réischt méi spéit an d’Crèche ginn. D’Statistiken vum MENJE weisen, datt grad am éischte Liewensjoer, d’Stonnenzuel u Friembetreiung vu Puppelcher réckleefeg ass.

D’DP wëll och an Zukunft d’Entscheedungsfräiheet vun den Eltere stäerken an déi gesetzlech Bestëmmungen iwwert de Congé parental – wann néideg – nach besser un déi individuell Besoine vum Familljeliewen upassen. Doriwwer eraus wäerte mir eis fir den Ausbau vum Congé parental asetzen. Zesumme mat de Sozialpartner wëlle mir u Léisunge schaffen, fir de Congé parental ëm bis zu dräi Méint ze verlängeren.

Fir den Elteren den Iwwergang zeréck an d’Aarbechtsliewen ze vereinfachen, setzen mir eis och fir een zäitlech begrenzt Recht op Deelzäit fir all Elteren an, déi Kanner ënner 13 Joer hunn. Mir wäerten dobäi préiwen, a wéi engem Mooss déi Period kann am Kader vun der Renteversécherung finanziell ausgeglach ginn.

Wat d’ « Friembetreiung » ugeet, sinn, ënnert dem Impuls vun der DP, déi lescht Jore grouss Efforte gemaach ginn, fir d’Qualitéit vun de Betreiungsstrukture fir Kanner ze verbesseren an esou déi non-formal Bildung ze stäerken. Mir wäerten weider konsequent op eng qualitativ-héichwäerteg Betreiung setzen an d’Offer diversifiéieren.

Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op „Sachleeschtungen“ läit, an d’Elteren, déi nom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Mat der Aféierung vu gratis Sachleeschtungen huet den Educatiounsministère sozial Mesuren agefouert, déi esouwuel direkt beim Kand ukommen, wéi och d’Eltere finanziell entlaaschten.

Dozou zielt d’Gratuitéit vun der Kannerbetreiung, dem Mëttegiessen, der Hausaufgabenhëllef oder de Schoulbicher. D’DP wäert un deene Leeschtungen festhalen.

Wéi schonn an der éischter Fro geäntwert, wäert d’DP sech fir eng Erweiderung vum Elterecongé  an fir d’Aféieren vun engem Recht op Deelzäit asetzen. Dës Verbesserungen sollen et de Famillje mat Kanner erméiglechen, d’Famillje- an d’Beruffsliewen méi einfach ënnert een Hutt ze kréien.

Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, froe mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques-Repas, Steiererliichterungen??

D’Gratuitéit vum Mëttegiessen ziilt an éischter Linn dorop of, alle Kanner Zougang zu enger waarmer Moolzecht ze ginn. Dëst war nämlech nach laang net fir all Kand de Fall. Besonnesch Kanner aus méi sozial prekären Famillje kréien heimat ënnert d’Äerm gegraff.

Wat d’Entlaaschtung vun de Familljen ugeet, wëll d’DP d’Stéit nohalteg entlaaschten. D’Regierung huet duerch déi vill finanziell Hëllefen an duerch d’Mesuren am Kader vun der Tripartite scho vill zum Erhalt vun der Kafkraaft bäigedroen. De réckwierkende Steierkredit an d’Deelupassung vun der Steiertabell ëm 2,5 Indextranchë fir dat nächst Joer wäerten d’Steierlaascht vun de Biergerinnen a Bierger zousätzlech erliichteren. Mir wëllen d’Steiertabell reegelméisseg un d’Inflatioun upassen, fir esou d’Kafkraaft ze stäerken.

Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se mi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

D’DP ass der Meenung, datt d’Offer vun enger qualitativ héichwäerteger non-formaler Bildung sech positiv op d’Entwécklung vum Kand auswierkt. D’DP wäert déi nächst Joren weider op Qualitéit setzen an dofir suergen, datt genuch qualifizéiert Personal an de Strukturen present ass. Duerch eng Ausbildungsoffensiv wäert d’DP déi nächst Joren de Schlëssel u qualifizéiertem Personal kontinuéierlech ausbauen.  Mir wëllen méi eng intim Atmosphär a perséinlech Betreiung an de Strukturen erméiglechen a leeën och e groussen Wäert op d’Lëtzebuergesch Kenntnisser vum Personal.

Och laang Waardelëschten sollen der Vergaangenheet ugehéieren. Bis 2030 wäerten mir eng Betreiungs-Garantie aféieren, mat där mir all Kand eng Plaz an enger Betreiungsstruktur garantéieren, falls dat vun den Elteren gewënscht ass.

D’DP wäert och d’Legislatioun iwwert d’Mini-Crèchen iwwerschaffen a méi attraktiv gestalten. Doduercher soll eng besser Mëschung tëschent méi klengen a méi grousse Strukturen entstoen. D’DP wäert och weider Perspektive fir Dageseltere schafen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *