DÉI GRÉNG

1) Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Appel gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

Effektiv gesi mir et mat grousser Suerg, wa Puppelcher eng grouss an net altersgerecht Zuel vu Stonnen a Friembetreiung verbréngen. Besonnesch fir dës Eltere proposéiere mir dofir de Modell vun der « Familljenaarbechtszäit », deen et jonken Eltere géif erlaben, hir Aarbechtszäit och iwwert de Congé parental eraus temporär ze reduzéieren. Besonnesch fir Elteren, déi aus ganz verschiddene Grënn op eng Friembetreiung ugewise sinn, mee och fir Elteren, déi hir Kanner mat anere Kanner a Kontakt bréngen an hiert soziaalt Ëmfeld erweidere wëllen, wëlle mir d’Qualitéit am Beräich vun der non-formaler Bildung weider konsequent eropsetzen. Zur Qualitéit gehéiert engersäits, fir de Personalschlëssel esou unzepassen, dass d’Personal sech ëm manner Kanner këmmere muss an esou eng méi bindungsgerecht Betreiung erméiglecht gëtt. Anerersäits mussen d’Raimlechkeeten de Bedürfnisser vun den Altersgruppe gerecht ginn a genuch Plaz fir Rou, Beweegung an Interaktiounen am klenge Grupp garantéieren.

2) Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op „Sachleeschtungen“ läit, an d’Elteren, déi nom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Wéi an der éischter Fro scho gesot ass de Modell vun der « Familljenaarbechtszäit » eng konkret Mesure, déi mir kuerzfristeg wéilten en place setzen fir et den Eltere vu klenge Kanner méi einfach ze maachen, Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien. Heibäi wëlle mir en zousätzlechen Ureiz schafen, wa béid Elteren op dës Méiglechkeet zeréckgräifen. Sou wëlle mir d’Geschlechtergerechtegkeet fërderen a sécherstellen, dass béid Elterendeeler d’Geleeënheet kréien, fir an der sou wichteger éischter Liewensphas eng enk Bindung zum Kand opzebauen an an hir Roll eranzewuessen. Gläichzäiteg gesi mir an dësem Modell och e Virdeel, fir béiden Elteren hiren Iwwergang zréck an d’Aarbecht ze vereinfachen.

3) Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, fro mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques Repas, Steiererliichterungen??

Dëst ass fir eis an éischter Linn eng sozial Fro, an dem Sënn, dass mir besonnesch vun Aarmut bedreete Famillen a Kanner wëllen ënnert d’Äerm gräifen. Heifir proposéiere mir verschidde Mesuren, vun enger gerechter allgemenger Steierreform iwwert eng Indexéierung vun de Steierkreditter fir Mindestlounempfänger*innen a fir an déi Elengerzéiend, bis hin zu enger Indexéierung vun der Allocation de vie chère. Doriwwer eraus proposéiere mir eng Kannergrondsécherung, fir déi bestoend Hëllefen an enger eegestänneger Leeschtung zesummenzeféieren an d’Zesummesetzung vun de Familljen unzepassen, verbonne mat enger Neiermëttlung vum Referenzbudget « Enfance » an engem zousätzlech Plus-Betrag fir Familljen mat ganz niddregem Revenu.

4) Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se mi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

Wéi bei der éischter Äntwert scho gesot, wëlle mir déi weider Verbesserung vun de Qualitéit am Beräich vun der non-formaler Bildung an deenen nächste Jore weider eropsetzen. Heibäi wëlle mir e besonneschen Accent op d’Beräicher Méisproochegkeet, Inclusioun, Beweegung an Nohaltegkeet leeën, an nieft den entspriechende Reegelen och d’Kontrollmechanisme verbesseren. En Aspekt, deen eis dobäi och besonnesch wichteg ass, si méi Réckzuchs- a Rouméiglechkeete fir d’Kanner, well dës ganz wichteg fir hir Entwécklung sinn. Doriwwer eraus fanne mir et besonnesch wichteg, fir de Personalschlëssel konsequent ze erhéijen an d’Aarbechtskonditioune vum Personal an de Strukturen ze verbesseren.

Zu gudder Lescht si mir der Meenung, dass och d’Eltere musse gestäerkt ginn, fir dass méi Eltere besser an hir wichteg Roll als Vertrauens- a Bezuchspersoun kënnen erawuessen. Et ass nämlech ze einfach, fir an de Kategorië vun « Betreiung doheem = gutt ; Friembetreiung = schlecht » ze denken. An enger gutt funktionéierender Struktur kënne Kanner ganz vill fir hir Entwécklung léieren, wärend se doheem virum Tablett « geparkt » ganz vill kënne verpassen. Aus dëser Iwwerleeung eraus wëlle mir e finanziellen Ureiz schafe fir d’Besiche vun der Eltereschoul an anere Servicer, fir dass méi Kanner d’Chance kréien, fir vun Ufank un doheem méiglechst gutt gefërdert ze ginn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *