ADR

1) Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Appel gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

D’ADR ass prinzipiell dofir, datt d’Eltere kënnen esou laang an esou vill Zäit ewéi méiglech mat hire Kanner verbréngen. Mir ginn der Famill eng grouss Wäertschätzung a sinn dovun iwwerzeegt, datt méi laang Zäit mat den Elteren ze hunn, och am Intressi vun de Kanner ass an et hinnen eng besser Viraussetzung schaaft, fir sech beschtméiglech ze entwéckelen. Och vill Psychologe soe ganz kloer, datt d’Kanner an hirer Entwécklung dovu profitéieren, wa si méi laang bei hiren Eltere sinn.

Aus deem Grond hu mir jo schonn zënter Joren d’Propositioun vum ADR-Elteregeld, dat den Eltere soll e reelle materielle Choix erméiglechen, bei der Entscheedung, ob si selwer hir Kanner wëllen doheem versuergen a wat fir een Elterendeel déi wichteg Aufgab iwwerhëlt, oder ob si wëlle schaffe goen an hir Kanner an extern Strukture wëlle ginn.

2) Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op Sachleeschtungen läit, an d’Elteren, déi nom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Fir eis ass et am wichtegsten, datt d’Eltere wierklech d’Wiel an d’Méiglechkeet hunn och bei hire Kanner ze bleiwen. D’Eltere sollen op kee Fall dozou forcéiert ginn, hir Kanner an enger Crèche versuergen ze loossen, well finanziell oder ideologesch Contrainten dat verlaangen. Mir sinn net géint Sachleeschtungen, an déi bidde sécherlech och eng gewëssen Hëllef. Fir eis ass et awer net de richtege Wee, well eis Prioritéit dora besteet, datt d’Elteren déi materiell Méiglechkeet kréien, méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen an hir Kanner selwer doheem ze versuergen, wa si dat wëllen.

Wéi schonn an der Äntwert op déi éischt Fro erkläert gouf, hu mir aus deem Grond schonn zënter Joren d’Propositioun vum ADR-Elteregeld, dat den Eltere soll e reelle materielle Choix erméiglechen. Mam ADR-Elteregeld sollen d’Elteren de Choix hunn, ob si dëse Montant benotzen, fir eng Crèche, eng Maison relais oder eng Dagesmamm ze bezuelen, oder fir deen Elterendeel ze remuneréieren, dee sech entschléisst, selwer, doheem, fir d’Erzéie vun de Kanner ze suergen. An deem Fall misst och en Deel vun deem Elteregeld geholl ginn, fir sech an der Pensiounskeess ze versécheren.

3) Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, froe mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques Repas, Steiererliichterungen?

Mat der Propositioun vum ADR-Elteregeld falen esou Differenzen ewech. Well d’Elteren, ob si schaffe ginn oder doheem sinn an hir Kanner versuergen, dee selwechte Montant kréien, dee si dann investéiere kënnen, wéi si et fir richteg a sënnvoll fannen, grad esou wéi si sech als Famill organiséiere wëllen.

4) Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se mi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

Aus materiellen a politesch-ideologesche Grënn ass vu verschiddene Leit, Parteien a vu Gambia gewënscht, datt déi zwee Elterendeeler schaffe ginn. An déi och gewënschte Konsequenz dovunner ass, datt de Staat ëmmer méi Autoritéit iwwert d’Kanner soll kréien. Mir als ADR wëllen dat awer net. Mir hätte gär, datt d’Famill hiren Eegewäert géintiwwer dem Staat behält, well an der d’Famill ebe grad Repèren, Wuerzelen a Wäerter vermëttelt ginn. Mir wëllen, datt d’Famill op keng Manéier devaloriséiert gëtt. Besonnesch aktuell ass déi Debatt an der Steierpolitik, well déi elo gewënschte komplett Individualiséierung an enger Steierreform féiert natierlech zu der steierlecher Ofschafung vun der Famill. Dofir gëllt et och do gutt opzepassen.

Mir wëllen net, datt de Staat herno op all Manéier zoustänneg gëtt fir d’Kanner, well déi zwee Elterendeeler forcéiert sinn, schaffen ze goen, dëst aus finanziellen a politesch-ideologesche Grënn, an esou och keng Méiglechkeet a keng Zäit méi hunn, fir de Kanner hir Repèren, Wuerzelen a Wäerter ze vermëttelen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *