Fläisseg bastelen eis Kanner schonn an der Schoul, fläisseg ginn di méi grouss Kanner dee schéinse Cadeau fir d’Mamma sichen.

An all Mammenhäerz ass beréiert wann hir Butzen voll Léift hirer Mamma dee schéinste Cadeau schenken.

Mee, e Stéch geet durch d’Häerz vu ville Mammen: wéi vill méi Zäit wären se gäeren bei hire Kanner, mat hinne kuschelen, mat hinne schwätzen, mat hinne spillen, si an den Alldag abannen.

Awer, wéi ass di Zäit knapp, well d’Mammen oft keng aner Wiel hunn, wéi de ganzen Dag vun doheem fort ze sinn. Wat gëtt et de Mammen schwéier gemaach fir Mamm ze sinn! Mir ginn am Moment an eiser Gesellschaft mat engem Phänomen konfrontéiert, deen et a kenger Kultur jeemools ginn ass: de Rôle vun der Mamm gëtt ëmmer manner unerkannt, e gëtt ëmmer méi an den Hannergronn gedrängt. E gëtt net méi ugesinn als Haaptaufgab, als wäertvoll Aufgab ugesinn. Eng Aufgab, och fir d’Gesellschaft, eng Aufgab, déi d’Gesellschaft zesummenhält.

Eng Mamm, déi hirem klenge Kand, de Stress vun enger Betreiungsstruktur wëll erspueren, gëtt net ënnerstëtzt.

Eng Mamm, déi di Belaaschtung vun engem Kand, engem Beruff, engem Stot physesch an/oder psychesch net packt, gëtt net ënnerstëtzt.

Nëmmen déi Mammen, hunn haut eppes zegutt, duerch de Congé parental, déi schaffe ginn. An dobäi misst dach eng Mamm esou vill Wäert sinn wéi di aner, oder net?

Firwat enger Mamm, di puer Joeren ewechhuelen, wou se hirem Kand genee dat ka ginn, wat et am néidegsten brauch: Léift, Wäermt, een deen sech Zäit fir et hëlt. Een deen seng éischt Schrëtt begleet, een deen do ass, wann et eppes um Häerz huet, een deen den Alldag mat ëm deelt. All Psycholog seet et dach, wéi wichteg et ass, eng zolitt Bindung mam Kand opzebauen, fir dass et en equilibréierte Mënsch gëtt, wéi wichteg et ass, vill mat ëm ze schwätzen, fir dass seng Intelligenz forméiert gëtt.

Firwat enger Mamm, di puer Joeren ewwechhuelen, wou se intensiv ka Mamm sinn, ee vun deene schéinste Cadeauen, déi eng Frau an hirem Liewen ka kréien. Keng Plaz, keng Zäit méi fir Mamm ze sin…

Wann doheem kee méi Zäit, een fir deen aneren huet, fir sech fir deen aneren z’interesséien, a wéi eng Welt kommen d’Kanner dann eran? Wou ginn di Jonk dann hin? Op der Strooss fannen se bestëmmt Leit, déi gutt Zäit hunn fir ze schwätzen! An de Rescht vun der Geschicht kenne mer dann och…

Sou kréie mer da lues a lues enorm Problemer déi sech ëmmer méi an d’Familljem eraschleisen, déi systematesch vun der Wirtschaft a vun der Politik ignoréiert ginn. A systematesch ginn fläisseg Gesetzer geschriwwen, déi eis Gesellschaft, finalement auserneenbrieche loossen. Huet dann e Gouvernement net d’Pflicht, de Choix vun all senge Bierger ze respektéieren, all Choix z’ënnerstëtzen, zemools wann et ëm esou fundamental Besoine geet, wéi d’Besoine vun engem Kand, wat am Gaangen ass ze wuessen?

Mir brauchen adaptéiert Propositiounen, flexibel, individuell Propositiounen wou d’Wuel an d’Besoine vun de Kanner a vun de Mammen berücksichtegt ginn, mir brauchen och Patroen, déi hallef Deeg proposéieren, Deelzäitaarbecht, asw. Mir brauchen Elteregeld fir déi Mamm (oder dee Papp), deen sech eng Auszäit hëlt.

Wann all Mammen sollen schaffe goen, gëtt et och kee Bénévolat méi. Wéi vill Mammen setzen sech dach an, fir aner Matbierger, déi Ënnerstëtzung brauchen. Keng Zäit méi fir Mënschen besichen ze goen, an d’Klinik, an en Altersheem. Wéi vill Solitude kréie mer dann nach méi, wa jiddwereen sengem eegenen „Business“ nogeet a sech néierens soss méi kann engagéieren?

Dee schéinste Cadeau fir d’Mamma ass d‘Laachen vun hire Kanner, Liewensfreed bei hinnen ze gesinn. An do kann och e Gouvernement dozou bäidroen!

Mir wënschen all de Mammen, e schéine Mammendag!

Isabelle Schmit-Mines

08.06.2023


Liest och:

Wat seet di Etude aus – a wat net? , de Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *