Si brauchen d’Wäermt vun hiren Elteren

Et ass traureg, wann ee gesäit, wann d’Liewen vu villen Elteren nach just « eng course contre la montre » ass.

Wann se wëssen, dass hir kleng Kanner se brauchen an si awer obligéiert sinn, de ganzen Dag ze schaffen fir en Daach iwwer dem Kapp ze hunn.

Et ass erschreckend ze wëssen, dass – besonnech di kleng Kanner – d’Äerm vu hiren Elteren hir Wäermt a Gebuergenheet brauchen, mee d’Elteren däerfen net ëmmer do sinn. Dass d’Schoulkanner, en Heem, brauchen, wou zesumme giess, geschwat a gelaacht gëtt, mee et muss alles ëmmer esou séier goen.

An där Zäit, sinn awer d’Suergen fir d’Gesellschaft: dass net genuch Fraen, en technesche Beruff ergräifen, dass net genuch Fraen an héige Positioune sinn, dass mer vun de Stereotypen musse lass kommen.

Di selwecht Sujeeën, déi ëmmer nees erëmkommen.*

Ass et esou wéi de Familljen an hirem Alldag gehollef gëtt?

Wann een iwwerleet, ginn et dach scho laang keng fest „Klischeeën“ méi. All Meedchen kann, wann et wëll, en technesche Beruff léieren, um Bus fueren, all Jong kann Educateur ginn. A vill Männer beschwéieren sech jo och net, doheem, eng Hand mat unzepaaken.

Mee, dee Klischee, een einfach net däerf sinn: dat ass „Mamm doheem“.

An do läit de Punkt. Firwat Mammen an d’Aarbechtswelt schécken, wann hiert ënnerlechst Wiesen hinne seet, dass hir Plaz doheem, bei de Kanner ass? Dass se net wëllen hire Kanner nëmmen am Stress gesinn, dass se wëllen mat hinne léieren, bastelen, mat hinnen d’Natur erliewen, asw. Neen, sou eng Mamm gëtt schief gekuckt.

Eng Fra, eng Mamm, déi an hirem Beruff opgeet an zefridden ass, soll dat jo roueg kënne maachen. Hir Zefriddenheet wierkt sech jo dann och positiv op d’Familljen aus. Mee, et ass net jiddereen selwecht a vill Leed ass scho geschitt, well Mënschen an eng Schinn gedrängt goufen, déi se net verdroen hunn. Do muss all eenzelnen selwer decidéieren. Mee um Staat ass et fir keng Diskriminatioun ze maachen, weder psychologesch nach finanziell, besonnech wann et ëm d’Kanner geet. All Dag liese mer, héiere mer vu Kanner, déi Hëllef brauchen, all Dag héiere mer vu Kanner, déi opgdréint sinn, iwwermidd sinn, sech net kënne konzentréieren oder an der Schoul net matkommen.

Do huet jo awer jiddereen seng eegen Perséinlechkeet, sou wéi bei de Kanner. Et gi jo och Kanner, déi sech gutt an enger friemer Betreiung entwéckelen, mee d’Elteren musse kënnen séier reagéieren, wann dat net de Fall wär.

Well, et fällt op, dass an deene Diskussiounen iwwer d’Gesellschaft, ni vum Kand geschwat gëtt, dass keen sech an d’Haut vun engem Kand setzt, dass keen sech Gedanke mécht, iwwer dat wat e Kand spiert.

Och wann di Punkten déi mer uewen ernimmt hunn, iwwert d’Gesellschaft, um Agenda vun der Regierung stinn, huet se net d’Recht d’Aen zou ze maachen iwwer d’Realitéit, iwwer den Alldag vun de Mënschen. Si liewen en Dag fir Dag an traureg ass et, wann se mierken, dass keen do ass, deen se an hirem Alldag seriös hëlt.

Och an de Betreiungsstrukturen, an de Schoulen,  sinn d’Educatricen an d’Educateuren, d’Enseignants, net frou, well se mierken dass et ville Kanner net gutt geet.

All Kand brauch Zouwennung, all Kand brauch dat Gefill, di Sécherheet, dass een sech fir et interesséiert an sech mat him ofgëtt. Och d’Schoul, déi esou eng grouss Plaz huet am Kand sengem Liewen, misst anescht strukturéiert sinn, sou dass d’Enseignants méi Zäit fir all eenzelt Kand hätten. Duerfir d’Petitioun: « Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d’Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt. » https://www.petitions.lu/petition/2566?no_cache=1&cHash=4489a443dd6c588f06b1b3758ba90ffc

Déi Sujeeën, déi den Alldag vun de Kanner, vun den Elteren bestëmmen, missten endlech an hirem Sënn debattéiert ginn. Well d’Problemer si jo scho laang bekannt, mee et gëtt sech einfach driwwer ewechgesat an ewechgekuckt.

An dat ass net ze verstoen…

Isabelle Schmit-Mines

30.01.2023

  • *Chambersblietchen, Séance vum 08. Mäerz 2022

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *