D’Petitiounen hunn et gewisen: ëmmer méi Mënschen ginn sech bewosst, dass d’Situatioun fir d’Kanner an d’Elteren net esou ka weidergoen. Endlech gëtt dovunner geschwat, endlech traut een sech, dëst, esou wichtegt Thema opzegräifen a Léisungen ze froen.

Et ass eng ondrobar Situatioun wann d’Elteren obligéiert sinn ze schaffen an hir Kanner kaum nach gesinn.

Et ass eng ondrobar Situatioun fir d’Educateuren/Educatricen wann se fir ze vill Kanner Verantwortung mussen droen, an sech kaum richteg ëm si ka këmmeren.

Et ass och eng ondrobar Situatioun, wann d’Kanner krank sinn an d’Elteren Congé mussen huelen, well di Deeg, déi se zegutt hunn, net duerginn, besonnech wann d’Kanner kleng sinn.

Et ass och fir d’Patrone oft net einfach, wann se sech net op hir Mataarbechter verloosse kënnen.

Ze vill ass eesäiteg gekuckt gëtt, net genuch dee psychologesche Volet, wéi d’Elteren an d’Kanner sech spieren.

All Mënsch gesäit seng Situatioun mat sengen eegenen Aen a wat fir deen een en Avantage ass, ass fir deen aneren eng Katastroph. Mir kënnen dach net all Mënsch an eng Schinn setzen. An all Mënsch huet d’Recht, säi Liewen esou ze gestalten, wéi et sengem Wiesen entsprécht. An all d’Elteren mussen selwecht ënnerstëtzt ginn. Well bei de Kanner ass net ze spaassen: mir wëssen dach, dass dat, wat an der klenger Kandheet geschitt, de Mënsch fir säi Liewe prägt.

All Kanner hunn d’Recht, mat Léift a mat Respekt begleet ze ginn. Mee, wéi kënnen se sech wieren, wann se ze vill Stress an Trauer spieren? Hir eenzeg Moyene, sech ze behaapten, sinn Nervositéit, och Aggressivitéit, wat méi wéi eemol de Fall ass. Soll dat esou weidergoen? Neen an nach eemol Neen!

Mir wëllen eng Gesellschaft, wou de Respekt, d’Loyautéit, nach ëmmer uewen op der Skala vun eise Wäerter stinn.

D’Experiment, wat mer di lescht Joeren gesinn hunn, huet elo laang genuch gedauert. An d’Wuel vun de Mënschen muss prioritär sinn, och wann ee muss säin Agenda ëmänneren.

Mir hoffen, dass am Neie Joer, endlech d’Thema „Kanner“ seriös geholl gëtt. Dass all deenen Elteren, déi sech intensiv wëllen ëm hir Kanner këmmeren, gehollef gëtt.

An der Hoffnung, dass dat nächst Joer, vill positiv Impulser wäert bréngen, wënsche mer Iech alleguer dat Allerbescht fir 2023.

Isabelle Schmit-Mines

29.12.2022

——————————————————————————————————————–

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *