Vu ville Kanner gëtt eppes verlaangt, wat keen Erwuessenen wéilt matmaachen: Kanner, déi 12 Stonnen an enger Friembetreiung sinn, sinn keng Seltenheet.

12 Stonnen am Kaméidi, 12 Stonnen, ouni Paus, 12 Stonnen, ouni di Mënschen, déi se am léifsten op der Welt hunn, 12 Stonnen, ouni di Mënschen, déi hinnen alles solle ginn wat se brauchen, awer net do sinn.

Wéisou ginn esou Situatiounen toleréiert? Wéisou ass keen do, deen dësen Zoustänn en Enn setzt? Wéisou hëlt keen Verantwortung? Wéisou gesäit da keen an, dass ënner esou Ëmstänn, keng gesond Gesellschaft kann preparéiert ginn? Et schéngt awer, wéi wa keen sech duerfir géif Suergen maachen.

An dat ass dat Dramatescht wat mer de Moment erliewe: et gëtt no engem Programm gekuckt an net nom Mënsch. Dramatesch ass et, wann et ëm kleng Kanner geet, deenen hiert Liewen geprägt gëtt, vun deem, wat se a klengen Joeren erlieft hunn.

Et wär dach esou einfach, all d’Kanner, all d’Elteren z’ënnerstëtzen: Elteregeld, fir déi Mamm oder dee Papp, deen eng Zäit wëll doheem bleiwen oder nëmmen deelweis wëll schaffe goen. Oder, endlech, d’Dageselteren ënnerstëtzen, sou wéi elo eng nei Petitioun et proposéiert.

Bei enger Dagesmamm ass net dee Kaméidi, do sinn d’Kanner an engem méi klengen, méi familïäre Kader, do kann d’Dagesmamm sech méi Zäit fir all Kand huelen.

Awer neen: eis Regierung wëll och dee Modell net fërderen: déi Elteren, déi hir Kanner bei eng Dagesmamm ginn mussen méi déif an d’Täsch gräifen wéi déi Elteren, déi hir Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn. Esou ongerecht! Bei enger Dagesmamm ze sinn, géif ville Kanner hëllefen, wann d’Elteren musse schaffen.

Duerfir ass d’Petitioun vun Victoriya Pop « Pour un traitement équitable du statut des assistants parentaux » esou wichteg. Ënnerschreift och Dir se:

https://www.petitiounen.lu/petition/2215?fbclid=IwAR3Unj5ROrbHncu4j6HNkE66Xcp3MTpxnW4tJPw0Ps2fLQ85f_wAn7xJM54

Wann mer elo net ëmdenken, ass et mar ze spéit. Och nach mar, ass et wichteg, dass d’Elteren gefrot ginn, wat dat Bescht fir hir Kanner ass, et ass net um Staat, dat ze decidéieren. Mee, dat ka beemol geschéien, wa mer ignoréieren, wat an der Neier Constitutioun (net) stoe kënnt: an der Neier Verfassung sinn d’Eltern emol net méi ernimmt. Wien war bis elo verantwortlech fir d’Kanner? D’Elteren natierlech! Mä, wat geschitt elo? Wien spiert sech dann nach verantwortlech? Wien ass nach verantwortlech? Wann d’Elteren net an der Verfassung figuréieren, ginn se hir Verantwortung, eigentlech of. An dat ass dramatesch, well da kann de Staat agräifen, wou e wëll.

Huet de Staat da méi ze soen wéi d’Elterem? Weess de Staat besser, wat d’Kand brauch? Wann weder Mamm nach Papp an der Constitutioun ernimmt ginn, heescht dass d’Elteren an och d’Kanner sech op näischt kënne referéieren, wat se schützt. Si hunn einfach keng Rechter! Duerfir, gitt och nach op Är Gemeng, bis nächste Freideg, de 25. Mäerz, ënnerschreiwen, fir dass e Referendum fir di Nei Verfassung kënnt. Et geet ëm hir Zukunft.

Och mar, wëlle mer, dass eis Kanner an enger Welt kënne liewen, wou et nach Versteeste-mech gëtt, wou et nach mënschlech, häerzeg Relatiounen gëtt. An dat léiert een an enken Relatiounen, mat Mënschen, déi ee gäeren huet! « Les relations sont l’essence de notre vie » seet de Laurent Gounelle an sengem Roman: « Le jour où j’ai appris à être heureux ».

Isabelle Schmit-Mines

21.03.2022

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *