Spillen ass liewenswichteg

Wéi soll d’Schoul vu mar ausgesinn?

Wann ee klenge Kanner seet: „Geschwënn gees De an d’éischt Schouljoer“, da sinn esou stolz a frou.

Wéi vill Kanner, awer, hu schonn no engem Mount, no engem Joer, d’Flemm, Angscht fir an d’Schoul ze goen?

U wat hänkt et? Ass eise Schoulystem net méi op di Kanner vun haut zougeschnidden? Wann ech mat Fraen a Männer schwätzen, déi scho gutt am Liewen dra sinn, héieren ech: „Mir waren dach ganz roueg, deemools. Sou wibbleg wéi d’Kanner haut sinn, gouf et ni“.

Wat war dann déi Zäit anescht? D’Elteren ware méi streng, d’Kanner haten och Angscht „ze meckeren“ wann hinnen eppes net gaangen ass.

Mä, mengen ech, wat och nach war: d’Kanner hunn no der Schoul méi gespillt. Si konnten sech defouléieren, si konnten sech fräi bewegen. Am Spill maachen d’Kanner jo oft di „Grouss“ no: si spillen Schoul, si spillen Dokter, si spillen Kach, si spillen Epicerie, asw.

Mä fir esou ze spillen brauchen se Zäit, eng Zäit, déi se net hunn, wann se no der Schoul an der Maison Relais sinn an no der Maison Relais, heemkommen, ieesen, an an d’Bett ginn.

An do feelt de Kanner wahrscheinlech eppes Wesentleches: hir Phantasie gëtt net méi genuch gefërdert. Si hu keen Ausgläich tëschent deem „roueg sëtze bleiwen“ an dat wat hire Kierper, hir Sënner brauchen.

Et ass jo net esou, dass d’Léieren u sech de Problem ass. De Problem ass, dass verschidde Kanner en anere Rhythmus hunn, eng aner Manéier hunn fir ze léieren.

Vill Kanner, hunn net di Gedold fir stonnelaang op engem Stull sëtzen ze bleiwen. Hir Beenercher verlaangen no Bewegung, hir Sënner sinn hongereg no Loft, no Natur, hire Virwëtz drängt no „selwer entdecken“, wat et da Neits gëtt an et selwer auszeprobéieren. „Eleng, eleng“ – wéi oft héiere mer dat jo vun hinnen?

Lues a lues drängt sech jo elo d’Fro op: wëlle mer nach di Schoul, déi mer elo hunn? Kënne mer net d’Schoul anescht organiséieren?

Reformen op Reformen sinn an deene leschte Joeren developpéiert ginn. Hunn se wierklech eppes bruecht? Hunn se de Kanner eppes bruecht?

All Kand ass wissbegiereg, mä all Kand léiert op eng aner Aart a Weis. Wéi seet et de Professer Peter Gray: „School has become an abnormal setting for children. Instead of admitting that, we say the children are abnormal. » (D’Schoul ass en anormale Kader fir d’Kanner. Amplaz, dass mer dat acceptéieren, soe mer d’Kanner wären anormal“).

Wéi kéint dann d’Schoul vu mar ausgesinn? Zum Beispill, wéi a Finnland, wou an de Klassen, a klenge Gruppe geschafft gëtt. Do huelen d’Schoulmeeschteren sech wierklech Zäit fir all Kand, a sinn suguer besuergt, dass et de Kanner gutt geet, nom Motto: Nëmmen wann et engem Kand gutt geet, kann et och gutt léieren. Hei ginn d’Fächer och net eenzel geléiert, mee iwwergräifend. Dat heescht, d’Kanner léieren net Geographie eleng, mä si léieren di Europäesch Unioun, wou se dann Geographie, Economie, asw, an engem Ganzen léieren.

Eng aner Iddi ass den Homeschooling, deen och hei am Land proposéiert gëtt.

D’Associatioun ALLI (« Association pour la liberté d’instruction ») setzt sech an fir nei Weeër. Si organiséiert Konferenzen an invitéiert regelmässeg eminent Perséinlechkeeten op Lëtzebuerg, wéi den Peter Gray (Professer vu Psychologie am “Boston College“) oder den Betrand Stern, Philosoph.

Ass de Sënn vun der Schoul net och: léieren denken, léieren kritesch denken an de Kanner Freed um Wëssen matginn.

A wéi seet et den André Stern sou schéin: « Notre cerveau se développe là où nous l’utilisons avec enthousiasme. L’enthousiasme est le mot clé. » Dat wär alle Kanner ze wënschen.

Virun 14 Deeg ass hei zu Lëtzebuerg, de Film „Caraba – Leben ohne Schule“ gelaf. Liest och de Compte-rendu dozou vum Katy Zago

Isabelle Schmit-Mines

05.11.2019

Une pensée sur “Wéi soll d’Schoul vu mar ausgesinn?”

  1. Ganz oft hunn ech scho gesot, dass den Här Meisch mol an déi Skandinavesch Länner kucken goen soll. Do sinn Kanner net esou ënner Drock wéi hei. Déi Kanner sinn nach laang net méi domm wéi ons Kanner, mee méi zefridden. Bei mengem Meedchen war en Dänescht Meedchen an der Klass. De Papp huet missen wéinst senger Aarbecht zeréck an Dänemark.
    Wéi mir se lescht Jöer erëm gesinn hunn sot d’Fra: ,,Also hei zu Lëtzebuerg ze liewen war esou schéin, esou vill Vierdeeler an eng grouss Liewensqualitéit, mee Lëtzebuergerschoul nieeeee méi: Dat war Horror. »

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *