Si waren voll Hoffnung…

Et brauch een nëmmen, e bësschen, d’Debatten aus der Chamber matzekréien oder Statistiken ze liesen, da mierkt een, dass d’Aarmut en Thema ass, dat ëmmer nees erëmkënnt.

Säit Joeren héiere mer di selwecht Argumenter: d’Aarmut gëtt ëmmer méi grouss, vill Familljen riskéieren an d’Aarmut ze falen, besonnesch di Familljen, déi vill Kanner hunn a besonnesch och d’« Familles monoparentales ».

Der Regierung hir Iddi war, vun Ufank un, „schaffe goen fir net an d’Aarmut ze falen“. Wann di Rechnung opgaange wär, wär d’Thema Aarmut vum Dësch! Ass dat geschitt? Neen! Sinn d’Familljen elo méi zefridden? Sinn d’Kanner méi zefridde ginn? Neen! Mir kréien ëmmer nees Temoignagen vun Elteren, déi esou vill musse schaffen, schonn eleng, well se en Daach iwwer dem Kapp brauchen. Esou vill Temoignagen vun Elteren, déi verzweifelt sinn well se hir Kanner kaum nach gesinn. Et ass e Sujet, deen och eis Regierung kennt, well soss, wär net, Ugangs Dezember, en Débat an der Chamber gewiescht, wou d’Thema war, dass d’Kanner méi Opmierksamkeet brauchen.

A wann d’Kanner méi Opmierksamkeet brauchen, dann heescht et jo, dass d’Elteren sech méi ëm si solle këmmeren, also méi doheem solle sinn. An eisem deiere Land, ass dat awer nëmme méiglech wann Elteren och ënnert d’Aerm gegraff kréien, dass de Staat, deem Elterendeel, deen och doheem wëll bleiwen, eng Ënnerstëtzung gëtt.

Endlech, manner Stress, endlech méi wäertvoll Momenter zesumme verbréngen!?

Dat hätt jo dann missen d’Conclusioun sinn! Awer neen! Keng eng Zeil, wou ze gesi war, dass de Staat elo e Budget géif declenchéieren, fir dass d’Elteren effektiv sech méi ëm hir Kanner kéinte këmmeren. Da gëtt stonnelaang diskutéiert, debattéiert – fir wat? Fir näischt.

Keng eng Zeil, wou ze gesi war, dass de Staat elo e Budget géif declenchéieren, fir dass d’Elteren effektiv sech méi ëm hir Kanner kéinte këmmeren. Da gëtt stonnelaang diskutéiert, debattéiert – fir wat? Fir näischt.

An an där Zäit hu mer dann, Kanner, déi no hiren Elteren verlaangeren, mir hunn Elteren, déi verzweifelt sinn, well keen Auswee wëssen an sech eleng gelooss spieren.

Vun Ufank un, hat jo d’Regierung gesot, si wéilt dass béid Elterendeeler solle schaffen. Mee, wa schonn am Laaf vun de Joeren, esou vill Temoignagnen existéieren, wa gewosst ass, dass esou vill Leed geschitt, dass et net kann esou weidergoen, misst dann net eng Regierung de Courage hunn, eng aner Directioun anzeschloen, a probéieren, Léisungen ze fannen?

Mir schwätzen haut, an der Krise esou vill vun Solidaritéit, vun „een deen anere schützen“ – wéini gëtt dat dann emol fir kleng Kanner ëmgesat, fir eng Mamm / e Papp, déi spieren, dass hir éischt Plaz, elo beim Kand ass, besonnech wann et kleng ass.

Wéini héiert et op, dass Elengerzéier wéi Jonggesellen besteiert ginn, obwuel se Kanner z’ernieren hunn?

Wéini gëtt endlech agesinn, dass Eltere sinn, eng grouss Verantwortung ass, eng wichteg Aufgab, déi net e léiwe Passe-temps ass, mee zum Equiliber vun engem Kand, vun enger ganzer Gesellschaft bäidréit. Wéi soll da mar d’Gesellschaft ausgesinn, wa mer dat haut net agesinn?

Isabelle Schmit-Mines

10.01.2022

—————————————————————————————————————–

Liest och:

Wéini schafft d’Regierung endlech fir d’Wuel vun jonke Familljen?“  vum Dorothée Mathieu-Müller

« Le budget de la honte » vum Jean Heuschling

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *