Fazit 

D’Meenunge ginn auseneen, dacks si Leit, déi sech géint esou eng Betreiungsform ausschwätzen, awer net genuch informéiert em wat genee et geet.

Opfalen deet allefalls, dass Leit oft keng Alternative Form un der Kannerbetreiung kennen ausser Crèche a co, an dass se heefeg mat stereotyppen an agetriichterten Argumenter debattéieren. Et géife Méiglechkeete ginn, dass ee vun den Eltere beim Kand doheem bleift, wann et vun eiser Regierung gewollt wier, wann de System geännert géif ginn. Et wier awer, a virun allem, eng méi gesond Alternativ fir eis Kanner, domat se manner Stress hätten, an engem familiären Ëmfeld kinnten zur Rou kommen,.. a méi gesond fir d’Elteren, déi mat den Uspréch un d’Eltereschaft a vum Beruffsliewe vun haut, permanent am Stress sinn, deeglech d’Spagat maache fir iwwerall eppes ze leeschten.

Näischt géif dogéint schwätzen, déi Kanner, déi Ënnerstëtzung bräichten an eng zousätzlech Infrastruktur ze begleede wou se gehollef kréichen.

Awer et muss kloer emol gesot ginn, dass ëmmer manner Elteren de Choix hunn, ob se wëllen doheem beim Kand bleiwen oder net. Dass d’Patronat eng Deelzäitplaz net gutt ugesäit, an dass sinn och keng Ënnerstëtzung dodra kréien. Dass Elteren an allen Ecker probéieren hiert Bescht ze ginn, an d’Uspréch u sinn enorm gewuess sinn, wéinst hirer duebeler Roll. Et ass vill Loft no uewen, an d’Léisungen sinn net nëmme schwaarz oder wäiss – also Friembetreiung oder Vollzäit schaffe goen! Flexibilitéit ass gefrot, och zum Wuel vun de Kanner.

Eltere misse gestäerkt ginn, amplaz veronséchert. Si misse bestäerkt ginn an hirer wichteger Funktioun, an Hëllef fannenn, wann an der Entwécklung vum Kand Problemer ze gesi sinn.

En Haus ass nëmmen esou stabil wéi seng Basis gebaut gouf. D’Struktur kann nach esou schéin ausgesinn, wann d’Fundament labil ass, kritt d’Haus no enger Zäit Rëss oder fält an de Koup.

Di aktuell Petitioun huet villäicht eesäiteg Usätz, mä si bitt eng Diskussioun an déi richteg Richtung. Firwat solle just Elteren déi schaffe ginn ënnerstëtzt ginn, firwat gi just Elteren als wäertvoll ugesinn, déi eng bezuelten Aarbecht maachen?

Firwat ass Eltereschaft esou entwierdegt ginn, wou et dach déi wichtegst Aarbecht op der Welt ass?

Petitioun: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren

https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *