Schreiwen als Ventil

Interview mam Jessica Mersch

Famill.lu: Wat war den Ausléiser fir De Roman „Lieweg“ ze schreiwen?
Jessica Mersch: Den Ausléiser war, ewéi och am Buch d’Fréijoer – ech hat e moraleschen Hänger, et ass mir alles op d’Nerve gaangen. Ech war flemmseg. A well schreiwen nach ëmmer e gutt Ventil war, hunn ech mäin Handy an de Grapp geholl an de Wierder fräie Laf gelooss. Et sinn ëmmer méi Säite ginn, no enger Zäit ass mir bewosst ginn, dass ech tatsächlech d’Gerüst vun engem Roman do stoen hunn.

Famill.lu: Wann een am Gaangen ass de Roman ze liesen, spiert een di éiweg Sich no Léift, dee Besoin vun de Mënschen, verstanen ze ginn. Spieren di meescht Mënschen sech eleng? Hunn se Angscht, vun hire Gefiller ze schwätzen? Oder, hunn se Angscht, net verstanen ze ginn? Ëmgedréint: hunn d’Mënschen oft Schwieregkeeten, di richteg Wierder ze fannen, fir de Mënschen bäizestoen?
Jessica Mersch: Mir sinn dach iergendwéi all op der Sich no Léift, dat geléngt awer eréischt, wann ee sech selwer ouni Eekel oder Schamgefill am Spigel ka kucken. A wann e Mënsch traumatesch Erliefnisser z’iwwerwannen huet, ass et e laangen a schwierege Prozess. Ech ka mir gutt virstellen, dass déi meescht sech tatsächlech aleng fillen, mä wann se e glécklecht a stabilt Ëmfeld hunn, ass et net sou bewosst. Dat Gefill kënnt Nuets – wann et däischter ass an d’Gedanken ouni Hemmungen dréien. Sécherlech hu se och Angscht iwwert hir Gefiller ze schwätzen, mir wëssen jo, dass den Toun d’Musik mécht, et ka gäre falsch verstane ginn oder guer net. Dann halen se hir Angscht éischter fir sech. Et ass och immens schwéier déi richteg Wierder ze fannen, wann e geléiftenen Mënsch an Nout oder Trauer ass. Et däerf keng Floskel sinn – et muss een d’Gläichgewiicht fannen an och selwer stabil sinn.

Famill.lu: Am Roman kënnt och e puermol, d’Reflexioun erëm, dass de Mënsch mengt, eleng mat senger Trauer fäerdeg ze ginn, an eréischt eng professionnel Hëllef sicht, wann et scho bal net méi geet. Ass och, ee vun Äre Messagen, dass een dee Schrack net soll fäerten, sech engem Professionnellen, unzevertrauen?

Jessica Mersch: Am Roman mengt d’Laura, hatt misst staark sinn – et wär een Zeechen vu Schwächt no Hëllef ze froen. Et ass genee ëmgedréit, et beweist een Stäerkt, wann ee sech bewosst gëtt, dass et ouni Hëllef net gëtt. Mä dofir muss een iwwert säi Schied sprangen. Oder de Sprong an d’kaalt Waasser woen. Mä et ass derwäert, déi néideg Hëlleft suergt mat der Zäit fir e bessert Liewensgefill. Fir Liewensfreed a Qualitéit.
Dofir – traut Iech wann ech gelift! Dir sitt net aleng, och wann et esou ausgesäit.


  Iwwer d’Buch:

D’Jessica Mersch liest a schreift fir hiert Liewe gären. „Nodeems ech mat der lëtzebuergescher Literatur a Kontakt komm sinn, hunn ech ugefaangen meng Liesaventuren mat Iech ze deelen. Ech stellen och ganz gären Schrëftsteller vir.“

Si ass bestuet, Mamm vun 3 Kanner.

Zënter Februar 2018 schreift se regelméisseg Buchtipps fir d’Internetsäit vun den Editions Saint-Paul.

Zënter dem August 2018 ass se selbststänneg. „De Bichergeck“: si verkeeft gutt erhalen Bicher 2Hand, agepak als Virwëtztuten – natierlech mat passende Gadgets!

Informatiounen: https://bichergeck.me

Hiert Buch: „LIEWEG – Een Dag nom aneren“ ass bei Editions Schortgen erauskomm

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *