Keen Doheem?!

Eréischt wann d’Kand op der Welt ass an een e bëssi Zäit mat him verbruecht huet, kann ee sech e Bild maachen, vun deem, wat dat Bescht fir dat Kand ass, dat ganz individuell Bedürfnisser huet.

Wann een di aktuell Aussoen vun eise Politiker verfollegt, freet ee sech wourëms et wierklech geet.

Et gëtt iwwer méi Betreiung, wa méiglech méisproocheg, wa méiglech beschtfërdernd, dat Ganzt wa méiglech gratis. Et leeft drop eraus dass eis Kanner ëmmer méi leeschtungsorientéiert betreit solle ginn. An d’Elteren ginn ëmmer méi oft als inkompetent dohi gestallt. Do kommen eis verschidde Froen op.

Geet et op laang Siicht dorëms den Elteren d’Kanner scho bei der Gebuert ewech ze huelen, ënnert dem Pretext, et ass fir jidderengem säi « Bescht » se direkt un eis « Strukturen » ze gewinnen? Domatt all Kand eng « real Chancegläicheet » huet, a sech schnellst méiglech an eisem méisproochege Land gutt zurecht fënnt? Ass Fréifërderung déi beschte Léisung fir eis Kanner? Ass et net sou, dass aus « gefördert » och séier « iwwerfuerdert » gëtt, fir e Kand? A wéini dierf e Kand dann einfach mol nach Kand sinn, ouni dass schonn en Usproch un et gestallt gëtt??

Et heescht an den Aussoen, all Kand soll an eng Crèche « kënne » goen. Als Eltere weess een dass d’Plaze knapps waren a sinn, sou dass een oft d’Kand schonns umellt ir et iwwerhaapt op der Welt ass. Dës Angscht, keng Plaz fir säi Butz ze kréien, gëtt gutt geniert vun der Meenung « dobaussen », säi Kand missen ofzeginn. D’Angscht sengem eegene Kand net gerecht ze ginn, him selwer net genuch bidden ze kënnen. An d’Angscht vun deem « doheem bleiwen », d’Beruffsliewen missen zeréck ze stiechen, duerno kee Fouss méi ze faassen. Mä eréischt wann d’Kand op der Welt ass an een e bëssi Zäit mat him verbruecht huet, kann ee sech e Bild maachen, vun deem, wat dat Bescht fir dat Kand ass, dat ganz individuell Bedürfnisser huet. Huet een et dann schonns an eng Crèche ugemellt an de beruffleche Wee sou ageschloe wéi an der Schwangerschaft decidéiert, huet ee kee Choix méi, en anere Wee ze wielen – ob ee wëll oder net.

Et geet hei net drëms, all Crèche & co ze verdamen. A verschidde Situatiounen ass et sécher och finanziell net ze packen ouni 2 Paien déi an de Stot erakommen. Oder de Fall wou een Elterendeel eleng mam Kand do steet. Mä fir déi Leit, déi net onbedéngt missten zu 2 Vollzäit schaffen goen, dësen Denkustouss: déi éischt puer Joren vun engem Kand kritt een ni méi zeréck, duerch kee Geld vun dëser Welt. Fir d’Kand ass déi Zäit déi wichtegst a sengem Liewen, eng déi, wann d’Basis net gutt opgebaut ass, et e Liewelaang zu Konflikter komme kann.

Zeréck zu der Haaptfro: ass dann dat Bescht fir ee Kand, fir ee Bébé, et betreien ze loossen, wa méiglech sou fréi an villfälteg wéi méiglech? E Kand, dat vu Klengem un an enger Crèche war, duerno an de Précoce, an d’Maison Relais, duerno an d’Spillschoul, an d’Maison Relais, an um Enn an d’Schoul… huet seng Eltere just de Weekend an an de Vakanzen fir sech gehat (eventuell gedeelt tëscht de Geschwëster/Gebridder). An den Institutiounen huet et permanent aner Bezuchspersounen, déi wiesselen, soubal d’Kand an eng aner Institutioun geet. Mä et sinn awer just di eegen Elteren, déi et e Liewelaang begleeden, an NET d’Crèche Personal oder Educateuren. Et sinn net si déi et ëmmer nees ënnerstëtzen wann et ee brauch.

Et ass awer eng Tatsaach, dass vill Elteren net doheem bleiwe kënnen fir genee déi wichteg Roll z’iwwerhuelen. Et geet och aus Studien erfir, dass et d’Eltere selwer sinn déi am beschte sinn fir d’Kand (Ausnahmen ausgeschloss).

Crèchen hunn ze grouss Gruppen – zwar legal, awer net gutt – ze wéineg forméiert Personal, ze vill ofwiesselnd Bezuchspersoune fir d’Kand. Dat féiert dozou, dass kee méi de Bedürfnisser vu jidder eenzelnem Kand ka gerecht ginn. Detailer wéi e gesonde Modell u Crèchen ausgesäit kann een z.B. ënnert www.kasu.lu noliesen.

Wat eng kloer Konsequenz ka sinn ass, dass wa weder Mamma nach Pappa genuch Zäit fir d’Kanner hunn, si sech hiren eegene Wee sichen. Iergendwann sinn d’Frënn een « Elteren Ersatz ». Jonker, déi sech selwer iwwerlooss sinn, déi kee Virbild vun hiren Elteren kruten, do ass bekannt dass de Risiko méi grouss ass, dass se op eng « schif Bunn » gerode kënnen, dass si oft sozial Problemer hunn.

Wier et net un der Zäit méi « kannerfrëndlech » a « familljefrëndlech » ze denken an ze handelen? Dozou ze stoen, dass doheem dach déi beschte Méiglechkeete bestinn seng Kanner ze betreien? A falls dat net ginn ass duerch Sproocheproblemer, sozial Problemer oder aner Grënn, d’Léisung muss sinn, dass déi Elteren ënnerstëtzt ginn bei hirem Zesummeliewe MAT hire Kanner?! Vläit souguer a Form vu Couren fir Grouss a Kléng zesummen?

Déi ugestrieften gratis Kannerbetreiung ass net déi richteg Léisung. Den Eltere soll kee Sand an d’Ae gestreet ginn, dass gratis a beschtens fir hir Kanner gesuergt ass, wa si se ofginn. Eng Déngschtleeschtung déi eppes kascht, woufir den eenzelne net bezillt, fir déi kommen d’Suen iergendwou anescht hir. De Clou ass, dass eis Ministren sech eens sinn, wéi se dat Ganzt da solle bezuelen: mat enger neier « Steier » vun 0,5%!

Dësen Artikel ass e groussen Appell un eis Politiker, mat ville verschiddenen Denkustéiss, mä matt engem eenzegen Ziel: keng nächst Generatioun opkommen ze loossen, déi keng Repère méi huet, esou wéi dat lo schonn zolidd am Gaangen ass. Et ass keen Eenzelfall wann ee jonke Mënsch gefrot gëtt, firwat hien « Dommheete » gemaacht huet.

D’Äentwert ass « Et war keen Doheem… ».

Méi Elteren, manner Staat

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *