« Sans amour on n’est rien du tout », séngt d’Edith Piaf

Nächste Sonndeg ass Mammendag

Mammendag – eng schéin Geleeënheet, sech domadden auserneen ze setzen, wat de Wäert vun enger Mamm ass.

Mir droen all e Bild an eis, e Bild vun enger Mamm, déi hiert Kand mat Léift an Zärtlechkeet begleet.

Mä dat Bild, huet haut oft Schied, Schied, déi eng Gesellschaft mat sech bréngt, déi de Rôle vun der Mamm oft ënnerdréckt, eng Gesellschaft, déi sech net genuch Gedanken driwwer mécht, dass grad de Rôle vun enger Mamm, ee vun deenen wichtegsten ass – fir all eenzelt Kand, a schlussendlech, fir eist gesond Zesummeliewen.

All di Temoignagen, déi mer a leschter Zäit kritt hunn, vu Gewalt an de Schoulen, vu Kanner, déi onglécklech sinn,vu Kanner, déi suguer passiv nach hiert Liewen liewen, déi „Kee Bock hunn“, weisen esou oft drop hin, dass déi Kanner sech einfach oft, eleng a verloossen spieren.

Wéi konnte mer zouloossen, dass mer der Mamm, dee wichtege Statut, deen se an alle Kulturen huet, ewechgeholl hunn?

Wéi konnte mer zouloossen, dass, Mamm sinn, esou almoudesch kléngt?

« Bemutterung ist out, Fremdbetreuung ist in.
Wir bezahlen beinahe jeden um nach den Kindern zu schauen,
ausser ihre Mütter » (Peter S. Cook)

Mammendag – dee besonneschen Dag fir all Mamm, dass se weess, wéi wichteg hir Aufgab ass…

Mammendag – deen Dag, eise Mammen, Merci ze soen, fir dat wat ze maachen, fir dat wat se gemaach hunn, wann se schonn an enger anerer Dimensioun sinn.

Eis Mamm: dat Bild, wat mer eist ganzt Liewen an eis droen!

Isabelle Schmit-Mines

04.06.2019

Liest och an dësem Kontext:

De Lieserbréif vum Michel Mathias: Gitt eise Kanner hir Mammen erëm

De Lieserbréif vum Kelly Meris: Violence juvénile – n’oublions pas les victimes

Den Artikel: Lauschtert de Mammen no, lauschtert de Kanner no

———————————————————————————————————————

AGENDA

POUR LA VIE NAISSANTE

Dîner de bienfaisance

Une pensée sur “Nächste Sonndeg ass Mammendag”

  1. « Et soll een de Kanner Wuerzele gin a Flillécken… mee mat dëser Politik as dat ganz schwéier! Den Effet dervunner gesi mer schonn! Déi professionnel Leit schloen Alarm, mee dat fällt op daf Oueren. Di politiséiert Familljepolitik an och Schoulpolitik wäert nach vill Iwwerraschungen weisen… sou dreiwt een och ëmmer méi d’Forchette auserneen. Aarm Kanner, aarm Familljen. »,

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *