En Appel zum Mammendag un all eis Politiker vun haut a vu muer:

Gitt eise Kanner hir Mammen erëm!!!

Dir wësst wuel net, wat dir eise klenge (!) Kanner undot, wann se mussen an d' »Kräisch » oder an de « Relä » goen, amplaz doheem bei hirer léiwer Mamm kënnen ze bleiwen!

Ech weess vu wat ech schwätzen, well ech hu meng Mamm laang missen entbieren: Si huet misse schaffe goen, well eise Papp eis verlooss huet.

Well ech am Gaang wor, e Gaassebouf ze ginn, huet meng Mamm mech missen an en Internat schécken, fir dass ech och endlech soll léieren.- Dat mam Léieren huet mat Ach a Krach geklappt, ma ech hunn an all deene Joeren däermoossen no menger Mamm verlaangert, dass ech haut, all Kand ka veestoen, dat seng Mamm vermësst. Ech hat meng Mamm esou gäeren, dass ech gemengt hunn, ech kinnt nët méi liewen, wann si géif stierwen!

Wann ech dann, eis bretzeg Politiker héieren a liesen, déi mengen, wat si alles fir eis Kanner maachen, da kréien ech eppes u mech: Déi Dammen an Häre schéngen net ze wëssen, ëm wat et geet: ëm d’Wuel an d’Gesondheet vun eise Kanner, an net ëm d’Gesondheet vun eisem Wuelstand.

D’Aggressivitéit, déi bei eise Kanner zouhëllt, hängt direkt mam Frust zesummen, deen eis Kanner erliewen, well hir Mammen och musse (?!) schaffe goen: Eis Wuelstandsgesellschaft wëllt dat esou, an eis Politiker fale voll drop eran; an si afferen der Wirtschaft d’Gléck vun eise Kanner!

Eis Familljepolitik ass -zeg Jorelaang vun enger Jonggesellin diktéiert ginn, déi alles dru gesat huet, fir dass eis Mammen endlech och sollen/kënnen schaffe goen, an domat eisen héige Wuelstand garantéieren; déi aner Politiker hunn do voll matgemaacht an der Wirtschaft direkt an d’Hand gespillt.

Domat hun si eise gréisste Räichtum op d’Spill gesat: d’Gléck an d’Wuel vun eise Kanner an hire Familljen!

Zum Mammendag kënnten si sech jo vläicht e gudde Virsaz huelen?…

Michel A. MATHIAS

E fréiere Schoulmeeschter an HMC-, Spezial- a Komplementar-Klassen

Une pensée sur “Gitt eise Kanner hir Mammen erëm!!!”

  1. D’Renate Winter, Pràsidentin vum UN-Komitee vun den Kannerrechter seet an hieren Eröffnungsvortrag vum Konferenzzykel iwwert d’Jugendjustiz:
     » Das Kind hat ein Recht auf eine seinem Wesen entsprechende Entwicklung « .
    Keen mécht mir weis, datt dat bei engem Baby vun e puer Méint, bedeit vun Mamm a Papp getrennt, aus sengem gewinnten Ëmfeld erausgerappt ze ginn, fir engem total friemen Mënsch an enger Betreiungsstruktur iwwerlooss ze ginn!!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *