STOP der Kriminalitéit, STOP der Gewalt

Wir wollen doch alle, dass es aufhört“, sou seet et d’Petra Reichling an hirem Buch: „Tatort Schulhof“

Mobbing, Déifstal, Sexualdelikter… dat alles ass di traureg Realitéit an esou ville Schoulen, an Däitschland, mä mir héieren jo och, dass et bei eis och oft schlëmm ausgesäit.

Wat leeft an eiser Gesellschaft schief, fir dass di Dramen weider ginn a weider ginn?

An hirem Buch weist d’Petra Reichiling op grouss Mëssstänn, déi dozou féieren, dass mer an enger Spiral vun Kriminalitéit sinn, déi net méi ze bremsen ass, wann net jidder eenzelnen un der Preventioun matschafft. E groussen Appel, mécht se besonnesch un d’Elteren an un d’Schoulen. Vun deenen zwee Voleten schwätze mer elo hei.

D’Petra Reichling gëtt konkret Beispiller vun jonke Leit, déi an der Schoul gemobbt ginn, vu Schüler, déi an d’Kriminalitéit eragerutscht sinn, oft suguer, aus Angscht. Si seet eis, wéi Meedercher vergewaltegt goufen, déi net de Courage haten, sech ze wieren. Oder en anere Fall, wou jiddereen ewechgekuckt huet.

Petra Reichling ist Kriminalhauptkommissarin und stellvertretende Diesnstgruppenleiterin der Kriminalwache Düsseldorf. Sie ist eine gefragte Ansprechpartnerin zum Thema Kriminalität an Schulen…

 

Photo: © Random House Kay Blaschke

Fir d’Petra Reichling ass eppes kloer: wann d’Schouldirektiounen, d’Kriminalitéit, d’Gewalt, ënner den Teppech kieren, gëtt et schlëmmer.

Wann e klenge Kirminelle keng Stroof kritt, fiert en jo weider, ënner deem Motto „Et geschitt jo näischt“, bis dass en ëmmer méi grouss Verbriechen mécht.

En Opfer, deem net gehollef gëtt, deen domadden muss liewen, dass sengem Ugrëffer näischt geschitt an dauernd an der Angscht lieft, deen ka kee Vertrauen méi, weder an d’Mënschen, nach an d’Liewen hunn. Fir d’Petra Reichling ginn d’Opfer vill ze vill eleng gelooss an dat huet dramatesch psychologesch Konsequenzen. Si encouragéiert d’Schoulen, d’Delikter ze mellen, well et fir si, di eenzeg Méiglechkeet ass, d’Kriminalitéit opzehéieren.

De Rôle vun den Elteren ass fir si wesentlech. Et ass net richteg, dass vill Elteren, der Schoul et iwwerloosen, hir Kanner z’erzéien.

Et ass am Elterenhaus, wou Empathie geléiert gëtt, et ass am Elterenhaus, wou d’sozial Verahalen geléiert gëtt, et ass am Elterenhaus, wou Manéieren geléiert ginn, et ass am Elterenhaus, wou Respekt geléiert gëtt, et ass am Elterenhaus, wou geléiert gëtt, wat d’Léift bedeit.

Well, dat ass eppes wat dem Petra Reichling wéi deet: dass di jonk Leit sech ze fréi, an sexuell Experimenter stierzen, ouni Léift, ouni sech iwwerhaapt, oft bewosst ze sinn op wat se sech do eraloosen. Si gleewen eben oft, deene verschidde Medien, déi hinnen eppes virgaukelen, wat der Wierkleckeet net entsprecht an d’Konsequenzen sinn oft tragesch. Duerfir, wéi wichteg ass de Rôle vun den Elteren, well et sinn si, déi hir Kanner op villes kënnen opmierksam maachen. Et sinn si, déi do solle sinn, fir hire Kanner nozelauschteren an hinnen bäizestoen. Et sinn si, déi de Kanner, de richtege Wee solle weisen. D’Präsenz vun den Elteren ass essentiel fir dass d’Kanner, fir dass di Jugendlech net op di falsch Bunn kommen.

Mir däerfen net soen, d’Gesellschaft ass esou an esou, mir, alleguerten, sinn d’Gesellschaft a mir hunn all Verantwortung fir eis Gesellschaft vun haut a vu mar.

E Buch, dat op d’Diskutéieren alued, e Buch, dat d’Elteren op villes opmierksam ka maachen, wat se hire Kanner mat op de Wee kënne ginn. E Buch, dat vill Denkustéiss gëtt, e Buch, op dat mer villäicht all scho laang gewaart hunn, well mer di Rauhheet an di Béisartegkeet net méi kënnen erdroen.

 

D’Buch vum Petra Reichling „Tatort Schulhof“ – Warum Schulen kein geschützter Raum mehr für unsere Kinder sind –

ass am HEYNE Verlag erauskomm

Liest och eisen Interview mam Petra Reichling

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *