Gi mer géint de Kanner hir Natur?

Wou bleift d’Laachen vun de Kanner?

Wat huet d’Gesellschaft mat eise Kanner gemaach? Wat huet d’Gesellschaft gemaach, dass vill Kanner einfach keng Freed méi hunn? Dass se keng Freed hunn, eppes bäizeléieren, dass se keen Effort méi wëlle maachen? Wat huet eis Gesellschaft gemaach, dass e groussen Deel vun hinnen, an der Schoul nach just passiv drop waart, dass eppes geschitt? Sinn si net och, e Reflet vun enger Konsumgesellschft, déi – wéi d’Wuert et seet – konsuméiert a net agéiert. Si sinn eigentlech d’Opfer vun engem System deen net fir si gemaach ass.

« Den Enseignement a besonnesch de Fondamental ass den Ament an enger Kris », seet den Patrick Arendt, Schoulmeeschter a President vum SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) an der Emissioun „Riicht eraus“: „Wat brauchen d’Kanner wierklech?“ (Radio 100,7, den 13.05.2019)*.

Eigentlech muss een sech net wonneren: d’Kanner ginn an de Betreiungsstrukturen permanent animéiert. Wann d’Elteren owes midd sinn – oder well dat haut eben esou ass – ginn d’Kanner virun d’Televisioun gesat oder kréien eng Tablette fir sech mat Computerspiller „z’ameséieren“.

Mä, dat ass keen Amusement. Eigentlech läit et an der Natur vum Kand, ze lafen a vill a Bewegung ze sinn, do gesäit een d’Laachen an d’Freed op hire klenge Gesiichter. D’Kanner brauchen hire ganze Kierper fir ze léieren, dat wor och e Message vun der Emissioun um 100,7.

Awer, virun engem Ecran gesäit een keng frou Kanner, oder?

Wat huet eis Gesellschaft gemaach, dass vill Kanner, vu Moies fréi bis Owes friembetreit musse ginn? Mat wiem kënnen se schwätzen, iwwer hir kleng a grouss Problemer? Wien versteet se, wann net déi Mënschen, déi hinnen Léift a Vertrauen schenken? Et sinn si, déi di richteg Wierder fannen, fir hinnen nees Courage ze ginn. Ass et normal, dass Kanner, hiren Dag an engem Kader verbréngen, deen net hiert Doheem ass, wou se permanent ënner Observatioun sinn, wou se permanent am Grupp, am Kamédi sinn? Wéilte mir, erwuesse Mënschen dat dann? Wat huet eis Gesellschaft gemaach, dass se suguer di elementarst Regelen vum Mateneen sinn, vum Matenenn schwätzen net kennen?

Et gëtt Zäit, dass d’Elteren zäitlech a finanziell an hirer Elterenschaft ënnerstëtzt ginn. Ee vun den Elteren muss kënnen zäitweis doheem bleiwen, fir sech ëm d’Kanner ze këmmeren. Den Télétravail muss endlech un d’Rulle kommen, travail à mi-temps, travail à temps partiel mussen och gefërdert ginn. D’Elteren mussen och eng staatlech Hëllef fir d’Wunnen kréien, well de System et ebe mécht, dass d’Wunnéngsprässer dauernd an d’Luucht ginn.

D’Experiment mat de Kanner huet elo laang genuch gedauert.

Ënorm vill Temoignagen hu mer jo scho kritt vun Educatricen, Enseignants, déi scho laang virun engem Kollaps warnen. Elo ass et de Bréif vum Nadine Elcheroth „Ech packe mäi Beruff net méi“, deen eng enorm Well bei den Enseignants ausgeléist huet. Vill vun hinnen hunn sech an deem Bréif erëmfonnt, well ze vill Drock op se gemaach gëtt. Mä dat, wat hinnen ëmmer nees neie Courage gëtt, dat sinn di Kanner, déi frou sinn, di Kanner, déi gäre matschaffen, di Kanner, déi sech nach kënnen fir eppes begeeschteren.

Gitt de Kanner d’Laachen erëm, well, keng Gesellschaft ka funktionéieren, wann d’Frustratioun den Alldag bestëmmt!

Isabelle Schmit-Mines

21.05.2019

* https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/wat-brauche-kanner-wierklech?fbclid=IwAR3wYKTho0weh923hzf0UmTxXfih4-ZBIIsOFm9rYl4XjxazaN4nvWYiQ2c

 

Liest an deem Kontext:

den Artikel vum Nadine Elcheroth am Bulletin vum SEW: Ech packen mäi Beruff net méi!“

https://www.sew.lu/db/3/1489711179790?fbclid=IwAR2_WClUpItUD8hhe30wFMuKj_ceorN3g2e9ql9a3qHgQkPoHmb8io9dGD0

Liest och:

de Bréif vum Kelly Meris : « Le respect de l’intimité des enfants – de grands projets, des failles dans les dispositions de base »

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *