Dëse Bréif vum Gerd Schmidt war op RTL an am Wort, den 4. Mee. 2019

Léiwen Herr Minister,
Léiwen Ministère de l’Éducation nationale
an Léif Administratiounen, déi dem Ministère ënnerstallt sinn,

WAT muss ee Kand hunn oder wéi muss den Zoustand vun engem Kand sinn, fir dass Dir, als zoustänneg Administratioun deene Kanner zur Hëllef kommt?

Folgend Sätz schreiwen ech fir a mengem Fall.

Ech waarden mëttlerweil säit September 2017, richteg, do steet 2017 fir Hëllef ze kréien fir mäi Meedchen, dat an der Entwécklung hannendran ass. Mir als Elteren hunn dat och fréi erkannt a maachen et mëttlerweil, och op Privatem Wee fir eisem Meedchen hëllefen ze lossen. Dat dauert leider och erëm vill ze laang, well dat vun der CNS muss accordéiert ginn, wat jo och erëm eng staatlech Administratioun ass.

Mir hunn eis an éischter Instanz un di zoustänneg Administratioun gewennt fir alles an d’Weeër ze leeden fir di éischt Hëllef ze kréien. Di Persounen, déi eis do hëllefen sollten, hunn eng Mega gutt Aarbecht gemeet (sou wäit et gaangen ass), dass dat sou séier wie méiglech weider geet. A wat krute mer no laanger Waardezeit ??? 3 Refus’en vun enger Instanz méi héich, spréch dem Ministère de l’Éducation nationale!

An wisou kruten mer die Refu’es ? Keng Ahnung, mer kruten ni eng Äntwert. Ass dat dann richteg vun eisem Ministère, Elteren am Onkloeren ze losssen ???

No 18 Méint dunn, awer endlech eng Äntwert (Wann och keng 100% korrekt Äntwert an och keng sécher) … An zwar kruten mer Refus’en wéinst ADMINISTRATIVEN Grënn. Hallo, wat soll dat heeschen? Administrativ Grënn!

Wa mer gefrot hunn, wisou di Procedure sou laang daueren, heescht et just „T’ass een Transitiouns-Joer“, well vill intern geännert gëtt. Mee ass dat ee Grond, dass Kanner dorënner leiden mussen, well eng staatlech Administratioun et net hikritt, sech ëm Kanner ze këmmeren während Ännerungen sinn ???

Ech als Papp, sinn no där laanger Waardezäit ëmmer méi frustréiert ginn, an hunn de Glawen dru verluer, dass di zoustänneg Administratiounen et hikréien, mengem Meedchen ze hëllefen.

Ech loossen duerch meng Frust a mäin deprimant Verhalen, mäin Ëmfeld mat drënner leiden. Ech ka frou sinn, dass mengem Meedchen seng Jofferen, wou ech soe kann, dass si einfach nëmmen genial Aarbecht leeschten, mengem Kand déi Hëllef ginn, wou se kënnen.

Léiwen Ministère. Ech si mer sécher, dass mer net als eenzeg am Fall sinn, di op Hëllef ugewise sinn. Hunn och schonn mat aner Leit driwwer geschwat, di och laang am Gaangen sinn ze kämpfen, fir dass di néideg Mesuren geholl ginn fir eise Kanner ze hëllefen.

Denkt drun et geet ëm Kanner an ëm d’Zukunft vun hinnen, an net ëm een nationalen Fussballstadion oder onnëtz Petitiounen, ob een op enger Terrasse fëmme kann oder net. NEE ech soen et, ech widderderhuelen et, ET GEET ËM EIS KANNER!

Léiwen Ministère an och Administratiounen, ech hunn es wierklech no 20 Méint genuch a kann meng Roserei net an Wierder faassen, fir ze soen, dass déi Aarbecht, déi Der maacht, net der Wourecht entsprécht, wéi Der Iech no baussen bei der Populatioun gitt. Ech kann et net oft genuch widderhuelen a soen, dass et ëm eis Kanner geet. Do kann et net sinn, dass een méi wéi 3 Méint misst waarden fir dass dat mat der Hëllef klappt.

Vun engem frustréierten an rosenen Papp

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *