Eleng gelooss…

Den Temoignage vum Michelle

Säit 2015 kämpfen ech fir mäi Bouf. An, deen do Artikel*, och wann en et vläicht net sollt, zielt genau op de Profil vu mengem Bouf of. 1 Joer Psychomotorik – wou eng dofir qualifizéiert Persoun en Ofschloss-Bericht gemaach huet, datt hien, eng normal Motorik « diagnostiziert ». D’Léierpersonal ass anerer Meenung….

Zënterhier, Psychotherapie, wou eng dofir qualifizéiert Persoun ausseet, dass hien d’Vertrauen an d’Léierpersonal verluer huet, dofir mëttlerweil och de Respekt verléiert, well ëmmer hien gestrooft gëtt, an ni di aner…. Well – jo, firwat?! Vläicht well mir (nach) net zu deenen Elteren gehéieren, déi juristesch resp. hierarchesch Schrëtt aleeden… Säit lescht Joer si mir zousätzlech bei engem Psychiater, wou hien dann och Ritalin kritt, well en jo « esou onméiglech » ass, laut Léierpersonal…

Am Bilan krute mer gesot, si – Léierpersonal – mengen net, nodeems wat sech elo weist, dass Ritalin dat richtegt wier…

Hmmm! ECH selwer hunn den « Centre de compétence » ugeschriwwen, well ech mer Suergen ëm mäi Bouf maachen, deen an der Schoul – an hei soen ech mëttlerweil ganz bewosst « DANK ENGEM GROUSSDEEL VUM LÉIERPERSONAL » ënnert d’Rieder kënnt!!!

A wat krut ech do gesot?!? Mir kënnen näischt maachen, soulaang mir net vum Léierpersonal d’Erlaabnes hunn ?!?!!!!!! Laut Léierpersonal ass de Problem vum/mam/ëm mäi Kand awer net Mobbing (Hallooooo?!? Wéi nennt een dat dann, wann e Kand „Arschfécker“, „Fett Sau“ an lauter esou schéin Betitelungen am Schoulhaff kritt)?!? Nee, de Problem ass Aggressioun – tjo bei esou Beleidegungen géing ech och aggressiv ginn….

Soit, do kënnt dann esou ee Grupp an d’Schoul schaffen, fir mat de Kanner d’Thema Aggressivitéit ze behandelen …. ech sinn da mol gespaant wat et bréngt.

De Verdacht ass op Asperger, wou ech och mëttlerweil hunn … Nujee virun Oktober 2020 kann ech kaum mat engem Rendez-vous fir den Ufank vun engem Diagnostik rechnen. D’Waardelëscht ass ze laang(!).

Ech als Mamm hu kee Syndikat, deen sech fir mech, resp. fir mäi Kand staark mécht!! Ech stinn eleng do, als Elteren, a kann näischt, awer och GLAT A GUER NÄISCHT maachen, fir mengem Kand ze hëllefen… An ech sinn zu 100% sécher, ech sinn net eleng an deem Fall…. Ons Kanner ginn als « onméiglech », « net tragbar », ASW duergestallt…

An elo och nach offiziell néier gemaach – Mä MERCI!

* „Ech packen mäi Beruff net méi“ vum Nadine Elcheroth, publizéiert um Site vum SEW


Schreift och Dir, e Commentaire oder maacht e „Like“ bei deene Commentairen, déi Iech gefalen, an der « Boîte à idées » vun der Säit vum Ministère.

Wa mir eis net mellen, wien mécht et dann?

http://www.men.public.lu/fr/actualites/grands-dossiers/systeme-educatif/dialog/boite-fr/index.html

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *