Back to Nature – ausser an der Kannerbetreiung…

Bio ass in! Mir wëllen Bio iessen, all Supermarché huet säi Bio-Eck, Bio-Buttéker maachen hir Diren duerch d’ganzt Land op.

Et ass en Trend ze spieren: et ass e neit Bewosstsäin do, sech op dat Natierlecht ze konzentréieren. D’Iesskultur ass am Wandel, wou ee vum grousse Fleeschkonsum, mat senger Massendéierenhaltung, op en nohaltege Konsum mat méi Geméis an alternative lokale Liewensmëttel setzt, natierlech Produiten siche mer fir eis Soine a fir d’Botzmëttelen, Natursteng an Holz sinn déi Materialien, déi fir d’Wunnéngen am Trend sinn.

A vill Mënschen kommen och op di Alternativ Medizin zeréck a huelen Naturmëttelen wann se sech net wuel spieren.

Lues a lues gesi mer an, dass mer et net méi kënnen veräntwerten, dass Planz, Déier a Mënsch, nach méi ënnert eisem Massen-Wahn-Konsum leide sollen an dass mer net méi kënnen esou weiderfueren, wéi bis elo an dass mer d’Natur einfach ze respektéieren hunn.

Allerdéngs, gëtt et ee Beräich, wou net ëmmer no der Natur gekuckt gëtt, spréch, no der Natur vum Mënsch. An dat ass d’Eltereschaft, an dat ass de Start an d’Liewen vun engem Puppelchen, vun engem klenge Kand.

Den „onfäerdege“ Mensch kënnt op d’Welt an ass hëllefslos. Ouni Ëmsuergung ass en net liewensfäheg. Ouni Léift an Zouwendung kann en net liewen, suguer wa seng Bedierfnësser wéi Iessen, Drénken an Hygiene erfëllt sinn. Mir kennen d’Beispill, wéi de Kaiser Friedrich II von Hohenstaufen (13. Joerhonnert), wollt erausfannen, wéi eng Sprooch de Mënschen ugebuer wär. D’Kannermeedercher krute gesot, si dierften nëmmen no de physeschen Bedürnifsser vun de Puppelcher kucken. Resultat: keen vun den Puppelcher huet iwwerlieft. Et ass also offensichtlech, dass Léift an Gebuergenheet zum Mënsch senge Grondbedierfnësser gehéieren. Meeschtens sinn et d’Elteren, déi och dës Roll iwwerhuelen – sou wéi d’Natur et eigentlech virgesaït.

Wat geschitt awer haut? Gëtt net e Modell promouvéiert, deen de Contraire declaréiert? Hautesdags gëtt probéiert, de Familljeclan z’ersetzen, duerch eng Infrastruktur, wou e puer Educatricen/Educateuren op vill Kanner mussen oppassen. Gären gëtt mam afrikanesche Sproch, « Il faut tout un village pour élever un enfant » verglach.

Wat klappt awer an dësem Beispill net? Am Beispill vun enger externer Kannerbetreiung sinn Leit vu baussen mam Kand am Kontakt, a keng Familljememberen oder Duerfbewunner, déi dem Kand schon am Bauch duerch hir Stëmm mi no koumen.

Wa mer mat fréier vergläichen, war d’Ëmgebung dem Kand bekannt, d’Geräicher an d’Gerécher waren di selwecht oder ähnlech, an et war net eng komplett aner Welt, eng Parallelwelt. D’Kand ass an dat alldeeglecht Liewen mat agebonne ginn.

Haut gëtt eis gesot, eis kleng Mënsche bräichten suguer eng Friembetreiung fir sech „optimal“ z’entwéckelen, et géif keng besser Plaz ginn fir sozial Kompetenzen ze léieren (ab dem Alter vun 3 Méint!) an se misste scho vu ganz klengem un, friem Sproochen héieren a léieren (fir herno fit fir den Aarbechtsmaart ze sinn).

Wéi vill Natur stécht nach an dëse Konzepter?

Fir engem klenge Kand, genee di selwecht gutt Bedéngungen ze bidden wéi et se doheem géif kréien (do wou eng Mamm, e Papp mat hirem ganzen Häerz beim Kand sinn), misst de Betreiungssschlëssel massif erofgesat ginn – also maximum 3 kleng Kanner pro Persoun. Ideal 2!

Dann missten di friembetreiend Persounen och d’Méiglechkeeten hunn, fir sech optimal ëm d’Kanner ze këmmeren. Dat heescht Rou, Plaz, Zäit. An dat ass an den jëtzegen Infrastrukturen net de Fall, mat engem ganz limitéierte Quadratmeter-Schlëssel (wéi vill Plaz e Kand an engem Raum dierf zur Verfügung hunn).

Et gëtt just de wirtschaftleche Faktor gekuckt, also d’Rentabilitéit.

Eppes gëtt awer an dëser Rechnung vergiess: d’Natur ass dat stärkst Element, och mat Suen kann een se net op d’Dauer iwwertrompen.

An et rächt sech alles:

Kanner, déi stonnelaang all Dag mussen am Kaméidi funktionéieren, wou kee Mënsch richteg Zäit huet, se iwwer länger Zäit op den Aarm ze huelen, wou suguer krank Kanner beienee sinn, well d’Elteren fäerten hir Aarbecht ze verléieren, well se villäicht, oft hannereneen gefeelt hunn…;

Educatricen, déi all Dag erliewen, wéi schwéier verschidde Kanner et hunn, awer, éischter nach mussen Rapporte schreiwen, wéi e puer Stonne weider, Zäit ze hunn, sech ëm mënschlech Bedierfnësser ze këmmeren; Educatricen, déi d’Kanner gären mat Léift géifen begleeden, mä net genuch Äerm fir se alleguer hunn,…;

Jonker, déi no der Schoul vun enger Infrastruktur zur anerer ginn, vun engem Programm zum nächsten, vun enger Beschäftegung zur anerer, an donieft nach hir Hausaufgaben musse maachen, mä wou d’Elteren keng primär Roll méi spillen, well se net oft (genuch) do sinn,…

… ass et esou wou mer d’Natur vum Mënsch respektéieren? A wéi gesäit d’Gesellschaft da mar aus?

Sou léieren vill Kanner net, wat et heescht, dobaussen och emol eng Zäit ouni Opsiicht, sech an engem Spill ze verléieren, mat Frënn eng ze stëpsen an am spéidere Liewen iwwer déi Geschichten ze laachen;

Si léiere net op hiert Kierpergefill ze lauschteren, wat hinne seet, dass emol eng Paus néideg ass, an et Zäit wär, sech zeréck ze zéien oder sech auszerouen;

Si léieren net, wat et heescht sech op een anzeloossen, well vu Klengem un, hir Vertrauenspersounen am Roulement wiesselen.

Esou Fäll missten just Ausname sinn, mä all déi Bréiwer, Temoignagen, déi eis ereechen weisen awer, dass genee dat doten riskéiert, de Normalfall ze ginn ass an dass mer scho bal an enger Noutsituatioun sinn.

Elteren, déi Kanner kréien an net méi wësse wat Famill ass, wat et heescht hiert Kand ze begleeden, Elteren déi onsécher sinn well se d’Gefill hunn, hir Kanner net genuch ze fërderen wann si se doheem betreien: dat ass wat eise System am Gaangen ass ze maachen.

Och fir d’Elteren ass et géint hir Natur, hir kleng Kanner, ze fréi, ze laang, mussen a friem Hänn ze ginn. Wéi vill Mammen sinn schonn doduerger an d’Depressioun gefall?

Eise System vun der Klengkandbetreiung schafft géint d’Natur vum Mensch, wou vill Kanner ni léieren wat eng zolitt Bindung ass, eng Bindung, déi dem Kand ze spieren gëtt, wou et higehéiert. Eng Bindung, déi d’Basis vun enger Famill ausmécht, wou d’Vertrauen sech opbaut, e Vertrauen, wat d’Basis ass fir d’Vertrauen an d’Liewen, d’Basis ass, fir staark a gesond Perséinlechkeeten.

Fréier wor net alles besser, d’Welt dréint weider, alles entwéckelt sech, ausser d’Natur vum Mënsch, déi changéiert net.

Et mussen endlech Weeër fonnt ginn, wou et der Politik, dem Patronat, der ganzer Gesellschaft aliicht, wéi wichteg dat Fundament vu Famill fir d’Kanner ass, wou Elteren kënne flexibel schaffen, ouni ënnert permanent héigem Drock ze stoen. Well Drock an Dauerstress géint d’Natur vun all Mensch sinn. An, mir widderhuelen eis: di eng Elteren, grad esou z’ënnerstëtzen wéi di aner. Et kann net sinn, dass nëmmen déi Elteren, déi schaffen, dem Staat eppes Wäert sinn.

Alles wat géint d’Natur geet, mécht op Dauer krank. Mir sinn am Gaangen, eng krank Gesellschaft opzebauen mat engem System, dee probéiert villes op d’Kopp ze geheien ,wat di mënschlech Natur ausmécht. Wéini wäert dësen Trend endlech nees „Back to Nature“ goen?!

Méi Elteren, manner Staat

19.03.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *