Ass et nach méiglech, haut Schoul ze halen?

Interview mam Andrée. D’Andrée war 40 Joer laang, Spillschoulsjoffer. Di lescht Joeren, wou si nach Schoul gehalen huet, huet si gemierkt, dass et esou vill méi schwiereg ginn ass. Mir hunn si gefrot, wéi hir Impressiounen sinn.

Famill.lu: 40 Joeren hutt Der Schoul gehalen – wat huet sech geännert am Behuelen vun de Kanner, wann Der op di 40 Joer zeréckkuckt ?

Andrée: An deenen leschten 40 Joer huet sech ganz vill an der Schoul geännert. Den Enseignant wor eng Persoun, déi d’Responsabilitéit vun enger Klass hat. Hien wor verantwortlech fir den Bien-être vum Kand, a fir säi Wëssen um Enn vum Joer. D’Elteren hunn hien meeschtens ënnerstëtzt, a si konnten all Woch, (mir hunn dat

« Consultations pour parents » genannt) an d’Schoul kommen, (no 16 Auer) fir d’Problemer vun hire Kanner ze bespriechen.

Haut hu mir Bilansgespréicher, déi zäitlech getimet sinn, d’Froen virgedréckt..…

An der Schoul wor Rou, well do sollt jo geléiert ginn. Dat kënne Kanner nëmmen an enger Atmosphär vu Rou, wou net gejaut gëtt, wou net d’Spillsachen duerch d’Schoul fléien, asw.

Well si jo gutt nogelauschtert hunn, konnt den Enseignant dann och eng Aufgab fir all Kanner erklären, an jiddereen, deen nogelauschtert hat, konnt déi Aufgab dann och maachen. Dat wor dann d’Saach vun enger halwer Stonn. Vu dass haut jo awer « kee méi brauch nozelauschteren », maache mir di selwecht Aufgab eenzel mat all Kand, an brauchen dann dofir, rechent aus: 15 x eng hallef Stonn! Bei sou vill Kaméidi, wéi dat haut oft de Fall ass, ass et bal onméiglech, nach anstänneg, e Cours ze halen.

An da wonnere mir eis, datt net méi vill dobäi erauskënnt. D’Kanner duerfen bal keng Hausaufgaben kréien. Dat ass d’Leit belunn. Déi Kanner, ëm déi keen sech këmmert, fir Aufgaben, hunn definitiv manner Chancen, well d’Foyers jo kee Personal hunn, dat Aufgaben iwwerwaacht, an, en cas de besoin, Nohellëf ka ginn.

Mir woren eleng Responsabel fir eis Klass. Mir haten och d’Aufgab, e Virbild fir d’Kand ze sinn, sief et an der Pünktlechkeet, an der Héiflechkeet, an eisem ganzen Behuelen.

Haut hunn d’Kanner schonn am Précoce, heiansdo bis zu 4-5 Erwuessener an hirer Klass. Da kommen och Psychologen, Inspekteren, Assistant(e) sociale, Heilpädagogen, Psychomotriciennen, Instititeurs ressources, Logopäden, asw., asw., an d’Klass. Et gëtt discutéiert a concertéiert, a jiddereen mengt eppes anescht. An oft ass, zum Schluss vum Schouljoer, nach net vill am Interessi vum Kand geschitt. D’Kanner hunn dann do och keng Bezuchspersoun, an déi si Vertrauen kënnen hunn. Wéi ech ugefaangen hunn, war et suguer verbueden, dass méi Leit, sech ëm d’Kanner bekëmmert hunn, eben wéint där Ursaach.

Famill.lu: Wéi hunn d’Interessien vun de Kanner sech changéiert?

Andrée: D’Kanner sinn haut un eng permanent Animatioun gewinnt, hir eegen Interessien si net oft gefrot. Duerfir kënnen se jo och net méi richteg spillen. Fir Spiller z’erfannen, muss een sech emol, heiansdo gutt langweilen, an et muss een Zäit hunn. Déi hunn suguer d’Kanner net méi an da kann hir Phantasie jo net ugestrengt ginn. Dobäi kënnt nach, dass se kee Virbild doheem hunn, deen se kënnen nomachen. Vill Elteren sinn net doheem oder schaffen um Computer, do ass net vill nozemachen.

Famill.lu: Huet sech am Inhalt, vun de Couren villes geännert : wa jo : wat ? Gesitt Der et am postiven oder am negativen Sënn?

Andrée: An eiser Ausbildung hu mir geléiert, eng Basis ze leeën fir d’Rechnen, d’Liesen an d’Schreiwen. Dëst huet vill Zäit an Usproch geholl, mä wor extrem wichteg. Haut léieren d’Kanner bis 20 zielen, hunn awer leider keng Ahnung wat méi oder manner, vill oder e wéineg, ass. Si léieren d’Zuelen eigentlech abstrakt a kënnen sech net virstellen, wat di Zuelen, konkret, mat der Realitéit ze dinn hunn. D’Kanner wëssen vun allem e bëssen, awer et feelt e Fong.

Wat och changéiert huet, dat sinn di vill Projeten, déi ëmgesat musse ginn: Theater, Animatiounen, Reesen. U sech, jo flott Saachen, mä dat hëllt esou vill Zäit an Usproch, d’Zäit, déi da feelt, fir de Kanner, anstänneg, d’Sproochen an d’Rechnen bäizebréngen. Et deet mer esou Leed, wat de Moment an eise Schoulen leeft, well Lëtzebuerg war iwwerall bekannt fir säin héigen Niveau. An dee si mer am Gaangen, erofzeschrauwen.

Famill.lu: Wat changéiert fir den Enseignant haut, am Verglach zu fréier ?

Andrée: Dem Enseignant feelt et haut un Selbstvertrauen. Dat krut hien duerch d’Politik komplett geholl. Hien huet néierens méi eng Stäip, eng Hëllef, an et gëtt him vun alle Säiten an de Réck gefall, sief et vu Schoulkommissiounen, Inspektorat oder soss Instanzen. Dat ass enorm schued, an et stäerkt d’Bild vum Enseignant sécher net. Dat ass leider ugaangen, wéi eng Kéier gesot gëtt, d’Elteren missten ënnerstëtzt ginn. Dat huet lues ugefaangen, ass awer rasant an d’Luucht gaangen.

Famill.lu: Wéi misst Ärer Meenung no, d’Schoul haut ausgesinn?

Andrée: Et misst vill méi investéiert ginn an d’Kanner. Haut gëtt an d’Gebäilechkeeten investéiert. Mä, wann ee kuckt, wat d’Kanner brauchen, ass dat dach Niewesaach. D’Klassen missten neess vill méi kleng ginn, mat net méi wéi 15 Kanner. Dann eréischt kann eng Léierin / e Schoulmeeschter sech mat de Kanner wierklech ofginn. Driwwer, ass et bal net méi méiglech, e flotte Cours ze halen. An duerfir sinn haut esou vill vu mengen Kollegen, déi fäerdeg sinn mat de Nerven. Gären géifen se eppes un d’Kanner bréngen, mä si kréien et einfach ze schwéier gemaach.

An da, mengen ech, misst all Schoul, en « Directeur d’école » hunn, deem seng Roll wär, Médiateur ze sinn, tëschent dem Schoulmeeschter an dobaussen.

Ee Beispill vun enger wierklech flotter Schoul – zwar e Lycée – ass den Lycée Ermesinde zu Miersch, wou no de Kanner hiren Interessien gekuckt gëtt a wou d’Proffen fir all Kand, och wierklech engagéiert sinn.

Famill.lu: D’Kandheet soll di schéinsten, di onbeschwéiersten Zäit sinn: wat wär Äre Message un d’Elteren, och un zukünfteg Elteren?

Andrée: Huelt de Kanner all elektronesch Spillsaachen ewech, loosst se si selwer sinn, selwer Spiller erfannen, sech bewegen, sangen, lachen, rolzen, sech knaschteg maachen, da kënnen eis Kanner ërëm lachen, a sidd bei hinnen, wann si Iech brauchen. Huelt Iech Zäit fir si. E Kand ass dee schéinste Cadeau, deen d’Liewen eis mécht, an d’Kandheet ass sou séier eriwwer. Dofir, genéisst se.

Dir Elteren, macht Iech staark fir Är Kanner. Kuckt, dass Är Kanner an eng Schoul kënne goen, ouni Angscht brauchen ze hunn, bei en Enseignant, deen fir si do ass, hinnen eng roueg Schoulzäit garantéiert, ouni Mobbing, ouni geféierlech Kleppereien an de Pausen. Eng kleng Schoul, wou den Enseignant d’Iwwersiicht behält… mä dat gëtt et jo bal guer net méi, an ass politesch och net méi gewollt.

Dot iech zesummen, fir dass een vun den Elteren däerf, op d’mannst déi éischt 4 Joer, a wéinegstens Hallefzäit, doheem bleiwen, an dofir finanziell ënnerstëtzt gëtt.

Ech verstinn nach ëmmer net, firwat just Elteren belount ginn, wann se d’Erzéiung vun hirem Kand an d’Hänn vum Staat léen…

Wéi vill géif et eise Kanner dann besser goen, mir bräichten net esou vill Maison Relais a Crèchen.

20.02.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *