Wat brauch eis Welt am méschten?

Firwat si mer esou geréiert, wa mer e Puppelchen oder e klengt Kand gesinn?

« C’est une boule d’amour », hat meng Frëndin, Marie, mir deslescht gesot. Déi Äentwert hunn ech esou wonnerbar fonnt, dass ech mer soen: Jo, dat ass et!

Et ass Léift, déi mer gesinn, Léift, déi mer spieren. An eigentlech, spiere mer jo ganz banndendran, dass et just nëmmen dorëms geet.

Villes leeft an eiser Welt schief, well mer e Mankum un Compassioun, u Matgefill hunn, sou d‘Tania Singer, Neurowëssenschaftlerin a Psychologin.

Ganz vill Recherchen ginn an der Neuropsychologie gemaach, fir erauszefannen, wéi eis Emotiounen op eist Gehir wierken. An d’Conclusiounen sinn eendäiteg: Matgefill an Zouwennung favoriséieren d’Bildung vun Synapsen am Gehir, Synapsen, déi esou wichteg sinn fir d’Léieren a fir d’Gediechtnes. Emgedréint, ginn Nervenzellen am Gehir duerch Aggressivitéit an Haass zerstéiert. Mënschen, déi méi Matgefill hunn, Mënschen, déi bereet sinn ze hëllefen, Mënschen, déi op sinn fir di aner Mënschen, sinn méi equilibréiert, kënnen sech besser entfalen, hunn e besseren Immunsytem.

Mir wëssen jo och, wéi wichteg d’Léift, d’Empathie, d’Zouwennung vis-à-vis vun engem Kand ass. Mir wëssen, dass déi Kanner, déi frou an equilibréiert sinn, déi sinn, déi vu klengem un, genuch Zouwennung kritt hunn. Sech deenen anere Mënschen zouwennen ass net almoudesch, mä liewenswichteg, fir all eenzelnen vun eis, fir di ganz Gesellschaft.

Zesummen mam Dalai Lama an och mam eminenten Ekonomist Dr Ernst Fehr, huet d’Tania Singer Recherchen gemaach an haut wësse mer: Altruismus ass mossbar, Fairness ass moossbar, Vertrauen ass mossbar. A mir hunn et all an eis. Fir den Ernst Fehr soll och d’Ekonomie de Wee vun der Kooperatioun goen. Well, wéi solle mer weiderliewen, wann di eng nach ëmemer di aner exploitéieren, wa mer weider um Prnzip vun « ëmmer méi » festhalen?

Et ass net almoudesch, ze behapten, dass Matgefill, dat ass, wat eis bleift, wat eis zesummenhält. Dat ass net, e stomme Wonsch, deen ni ze erfëllen wär. Neen, et ass dat wat den Dalai Lama seet, am Buch: „Der Neue Appell des Dalai Lama an die Welt: „Seid Rebellen des Friedens“ (mam Sofia Stril-Rever, Biographin vum Dalai Lama). Dat eenzegt, wat eis Welt ka retten, wat eis alleguerten ka retten, dat ass d’Matgefill vis-à-vis vun deenen anere Mënschen, mä och vis-à-vis vun den Déieren, vis-à-vis vun der Natur. Nëmmen dat.

Esou hat den Dalai Lama et och am Juni 2017 virun Studenten vun der « University of California » zu San Diego, gesot: « Beginnt die Kulturrevolution des Mitgefühls ». Eng grouss Hoffnung huet en also an d’Jugend, wann si erkennt, dass d’Welt nach just duerch den „mateneen“ kann weidergoen.

E besonneschen Appell mécht den Dalai Lama, un d’Fraen, un d’Mammen un di jonk Fraen: eng Fra spiert oft méi, wat deen anere Mënsch brauch. Schonn duerch de Fait, dass si Mamm ass, dass si dem Puppelchen seng Bedürfnisser fréi erkennt, huet si di Empathie an dat Matgefill mat op de Wee kritt. D’Fraen hunn also e besonnesche Rôle ze spillen. Si sollen net fäerten, hir Zouwennung zu de Mënschen ze weisen, mä, ouni eng Kopie vum Mann wëllen ze ginn.

Mar, ass et un eise Kanner, d’Welt ze leeden. Si wäerten ze geréieren hunn, wat haut verbrach gouf. An duerfir ass et esou liewenswichteg, hinnen dee richtege Wee ze weisen.

Villäicht si schonn, éischt Unzeechen ze gesinn: ech erënnere mech, wéi ech d’Freundebuch mam klenge Ben, 5 Joer, gekuckt hat. Wann dann do stong: „Was mag ich nicht“? : bei ville Kanner stung ganz einfach: Streit. Ass dat net schonn deen Ufank, deen eis Kanner maachen?

Isabelle Schmit-Mines

29.01.2019

Liest och:

Update LIEBE vum Tom Kraus: Di besonnesche Roll vun de Fraen

WORLDWIDE DECLARATION OF MOTHERS

Denkt drun, d’Petitioun fir d’Unerkennung vun den Dagesmammen z’ënnerschreiwen, wann Der et nach net gemaach hutt.. https://www.chd.lu/…/TravailALa…/Petitions/RoleDesPetitions…

Mir ënnerstëtzen och dës Petitioun: « Protection des parents contre le licenciement abusif après un congé de maternité ou un congé parental » vum Liliana Rodrigues: https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=1384

Agenda:

 L’Université de la vie d’ALLIANCE VITA Thèmes: La vie, à quel prix? Faut-il fabriquer la vie à vous prix? Toute vie vaut-elle la peine d’être vécue?

Une pensée sur “Wat brauch eis Welt am méschten?”

  1. « Willst du glücklich sein im Leben, trage bei zu andern Glück, denn die Freude die wir geben, kehrt ins eigene Herz zurück » (J.W. von Goethe)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *