Eng Influenz op d’Spillen, op d’Phantasie?

Digitalisatioun – Freed oder Fluch?

Verschidden Neierungen sollen an eise Schoulen agefouert ginn an dozou gehéiert och, dass d ‘Digitalisatioun méi eng grouss Roll soll spillen.

D’Kanner mussen jo och mat dëser Welt matgoen an d’Digitalisatioun gehéiert dozou.

Awer, a leschter Zäit sinn ech op e puer Aussoen vun Elteren gefall, déi mer ze denken ginn hunn.

Si erliewen mat, si gesinn et bal direkt, dass hir Kanner Schwieregkeeten hunn, sech ze konzentréieren, wann se eng gewëssen Zäit um Computer waren an do Spiller gemaach hunn.

Eng Mamm ass suguer esou wäit gaangen, dass se hire Kanner d’Computeren ewechgeholl huet an hinnen nëmmen erlaabt drop ze goen, wann et direkt mat der Schoul ze dinn huet.

Vill Elteren erliewen, wéi hir Kanner näischt méi verhalen, ëmmer mat de Gedanken fort sinn, wéi se bal süchteg sinn, fir nëmmen nees séier op de Computer ze goen.

D’Céline Alvarez gëtt an hirem Buch « Les lois naturelles de l’enfant », d’Beispill vun engem Kand, wat net konnt spillen, keng Phantasie hat. Dat huet hir ze denke ginn. Nodeems se erausfonnt huet, dass d’Kand vill Zäit bei der Televisioun verbréngt, huet se den Eltere recommandéiert, d’Televisioun emol ganz aus ze loossen. No enger Woch, war d’Kand wéi transforméiert, méi frou, méi zougänglech an et konnt spillen.

Selwer kennen ech eng Famill, déi och hire Kanner et erlaabt, nach just, ausnahmsweis, d’Televisioun ze kucken. Am Ufank, war et mat Zähneknirschen verbonnen, mä lues a lues hunn d’Kanner neess ugefaangen, ze spillen, hir Phantasie goen ze loossen, dass et e Genoss ass, hinnen no ze kucken.

Alles ass eng Sach vun Dosis, an do sinn alt nees d’Elteren gefuerdert fir hire Kanner kloer Regelen mat op de Wee ze ginn, fir se opzeklären, wat am Gehir geschitt, wann ze vill där Stimulatiounen vu baussen, d’Kand berieselen.

Wat geschitt also?

  • Duerch di schnell Informatiounen, léiere mer net méi nozedenken. Well fir nozedenken, fir seng Phantasie goen ze loossen, muss ee Rou hunn, an net dauernd vu baussen ofgelenkt ginn. Et muss een ronderëm sech kucken, an d’Impressiounen vun dobaussen an sech wierke loossen. Selwer d’Aen op ze maachen, dat Schéint ze bewonneren – ass dann och „zätilech“ net méi méiglech, wa mer d’Aen, stänneg um Display fixéiert hunn.
  • Duerch di schnell Informatioun ass et och d’Gediechtnis, wat drënner leit. Well fir eppes ze verhalen, ass nees Konzentratioun verlaangt, an och, sech eppes vir ze stellen.
  • Och iwwerleeën, kritesch denken, de « pour an de contre » ofweien, dat geet net, wann een dauernd vun neien Elementer berieselt gëtt.
  • Wat awer och fir d’Kanner e grousse Verloscht wäert duerstellen, dat ass, dass se sech net méi kënnen richteg ausdrécken, kee Vocabulaire hunn, dass d’Sprooch méi arem gëtt.
  • Da kënnt nach dobäi, dass se net méi liesen. An do mengen ech, dass d’Kanner ganz vill verpassen, sproochlech gesinn, mä och emotionnell gesinn, well liesen bréngt vill Freed mat sech. Wéi seet et den Auteur Peter Härtling (1933-2017): „Lesen heisst: schreiben lernen, denken lernen, seine Phantasie bewegen“.

Ee Lycée, de Collège Banon an den Alpes de Haute Provence a Frankräich, huet eng Léisung fonnt fir de Kanner, d’Freed um Liesen ze ginn. D’Direktioun hat es genuch, dass d’Kanner sech net méi konzentréiert hunn a kee Buch méi ugepackt hunn. Si huet dunn di rettend ‘Forumule fonnt: « Silence, on lit » heescht et. All Dag, vun 13,30 bis 13,45 Auer, muss all Member aus der Schoul – Schüler a Personal – liesen. Di eenzeg Konditioun ass, dass et muss e Buch sinn: Krimi, Liesbesgeschicht, Philosophie, egal.

D’Resultat iwwertrëfft all Erwaardungen: d’Kanner konzentréieren sech vill besser, et ass bemol, en animéierten Echange tëschent de Schüler selwer, an suguer tëschent de Proffen an de Schüler entstaanen.

Sou dass mer denken, dass d’Liesen och enorm zu de gudde mënschleche Relatiounen féiert.

Mir liewen an enger digitaler Welt, déi jo och vill Avantagen huet an och net méi ewech ze denken ass.

Mä, mir mussen eis Kanner och do schützen, dass se net wéi Zombien ginn, déi, keng Initiative hunn, Kanner, déi alles gleewen a keen Austausch mat de Mënschen hunn.

Isabelle Schmit-Mines

22.01.2019

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *